Radioen

On air

Notturno  |  R.A.P. Ferreira - East Nashville

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alison Bechdel - The Secret to Superhuman Strength

Gezeechent

Alison Bechdel - The Secret to Superhuman Strength

E Portrait vun der Kënschtlerin als Sportlerin, eng autobiographesch Graphic Novel, an där d'Zeechnerin, déi mat "Fun Home" berüümt gouf, haaptsächlech vun hirem Liewen erzielt.

auto_stories

2 min

Eng autobiographesch Graphic Novel vun der Alison Bechdel, déi éischt, an där d'Zeechnerin, déi mat "Fun Home" berüümt gouf, haaptsächlech vu hirem Liewen erzielt - allerdéngs mat engem Twist. Am Mëttelpunkt steet nämlech hir Obsessioun mat Sport a Fitness, déi si hiert ganz Liewe laang begleet huet.

Lafen als Rebellioun

D'Buch ass a sechs Kapitelen agedeelt, woubäi all Kapitel engem Joerzéngt vun hirem Liewe gewidmet ass an d'Theema vum Sport aus ganz ville Bléckwénkelen ënnersicht. Egal, ob d'Bechdel vum Lafen, vum Wanderen, vum Schifueren, vum Vëlofueren, vum Karate oder vum Yoga erzielt, si mécht dat ëmmer virun engem gréissere gesellschaftlechen an och philosopheschen Hannergrond.

Am Ufank beschreift si zum Beispill, wéi si a Pennsylvania an der Provënz opgewuess ass, wou Fitness kee grousst Theema war, a Sport fir Meedercher scho guer net. Wann d'Alison als Teenager decidéiert lafen ze goen, ass dat e klengen Akt vun der Rebellioun géint traditionell Rollebiller an och géint d'Schéinheetsideal vum weibleche Kierper.

E Räichtum u Gedanken

Donieft geet et am Comic och vill ëm d'Verhältnes tëschent Kierper a Geescht. Ëm d'Fro, ob den trainéierte Kierper mat engem gestäerkten, onofhängege Geescht zesummenhänkt. D'Bechdel kuckt hei zeréck an d'Geschicht an erzielt vun Dichter*innen a Denker*innen, déi hir philosophesch-spirituell Iwwerleeungen all mat kierperlecher Aktivitéit verbonnen hunn. Dat sinn u sech interessant Episoden an Aspekter, mee et ass och dee Punkt, wou d'Buch iwwerluede gëtt.

Mat hirem klore, filigranen Zeechestil geléngt et der Alison Bechdel awer, dem Räichtum un Theemen a Gedanken eng Struktur ze ginn. "The Secret to Superhuman Strength" ass eng faszinéierend Reflektioun iwwer Sport a Fitness déi weist, wéi vill Aspekter vun der Gesellschaft, an där mer liewen, domat zesummenhänken, a wéi dëst net nëmmen d'Liewe vun der Zeechnerin, mee och eist beaflosst.