Alexis Zorbas : de lidderege Griich?
Leschte Samschdeg huet de Wëltzer Festival mam Ballet “Zorba le Grec” op eng Musik vum Mikis Theodorakis ugefaangen. Um Wee fir dohin huet de Claude Mangen an de Noriichten um 100,7 héieren, dass den Eurogrupp den Hëllefsprogramm fir Griicheland net verlängert, ënner anerem als Reaktioun op de Referendum dëse Sonndeg. Déi Nouvelle huet dem Spektakel eng aner Dimensioun ginn, an Du koum d’Iddi fir dës Kulturchronik.
De Ballet “Zorba le Grec” gouf am Summer 1988 zu Verona an der Arena uropgefouert a mat zwou Milliounen Zuschauer ass dës Produktioun déi erfollegräichst Choreographie vum 20. Joerhonnert. D’Handlung baséiert um Roman mam nämmlechten Numm vum Nikos Kazan-tzaksi. 1964 gouf d’ Story mam Anthony Quinn an der Roll vum Zorba mat groussen Succès verfilmt. Um Schluss danzen de Zorba an de Basil de legendären Sirtaki op der Plage zu Kreta. E Danz, dee weltberühmt gouf a vun deem all Mënsch mengt, sou géif a Griicheland gedanzt. Dobäi hat den Anthony Quinn sech de Fouss gebrach, a well en de Sirtaki net richteg konnt, huet hien seng eege Manéier erfonnt. D’Filmmusek vun där och de Ballet profitéiert staamt vum griichesche Musekskosmopolit Mikis Theodroakis, deen dem Land eng enorm musikalesch Identitéit gouf an ëmmer nach politesch staark engagéiert ass.
Ëm wat geet et bei “Zorba the Greek”? Den amerikanesche Schrëftsteller Basil huet op Kreta eng Kuelegrouf geierft. Um Hafe léiert hien den Alexis Sorbas kennen, dee säi Viraarbechter gëtt. Da ginn et eng Rei romantesch a konfliktuell Relatiounen tëscht de Männer mat der jonker Witfra Surmelina an der Kurtisane Madame Hortense. D’Biergwierk ass awer net stabil an d’Grouf riskéiert anzestierzen. Fir d’Tunnelen ze stäipe ginn hëlze Bamstämm gebraucht. Dowéinst léist de Sorbas eng Seelbunn bauen, fir Beem aus dem Bësch ze huelen. De Sorbas geet an d’Stad Material kafen, kënnt awer wéinst Dammebekanntschaft net mat Zäit zeréck an huet dann och nach déi ganz Sue verjuppt. D’Kuelegrouf stierzt an e Koup an de Sorbas kritt just nach sech an déi aner gerett.
Duerch de Roman an de Film haten Touristen, déi a Griicheland gereest sinn ëmmer och de Klischee vum Sorbas an der griichescher Gesellschaft am Gepäck. Dës fiktiv Figur gouf vill a gär als „typesch griichesch“ instrumentaliséiert an huet Jorzéngten den Image vum Land markéiert. Dat ass mer leschte Samschdeg zu Wolz nees ganz bewosst ginn.
Déi Griichesch Scholdekris huet och a ganz seriöse Medien dës Stereotypen weiderhi verschäerft. Wann de Sorbas virun 30 a 40 Joer och nach den Image vum positiven liewensfrouen Südlänner hat, ass et haut éischter deen, dee wéi am Roman d’Suen drop mécht an net mat Zäit do ass fir ze verhënneren dass d’Kuelegrouf oder d’Banken astierzen. Just sech selwer retten op Käschte vun aneren an zu gudder Lescht Sirtaki danzen. An deems aner Europäer de Griichen all dës Eegeschaften op de Pelz dichten, fanne se och huerteg Ursaache fir d’Kris. Ëmgedréint ass och gefuer. Net all Däitschen ass disziplinéiert, fläisseg an op de Su aus, sou wéi net all Lëtzebuerger wëll Brécke bauen an Interkulturelle Weltmeeschter ass.
Hoffe mer just, dass déi negativ Stereotypen iwwer Griichen oder aner Natiounen, déi momentan am Ëmlaf sinn net zu Feindbiller ginn, an zu Diskrimminéierung féieren, wéi dat scho mol am 20. Joerhonnert de Fall war.