A Wisconsin gëtt Lëtzebuergesch geschwat

Rees an Amerika, net an dat Amerika vun de Groussstied mee an dat vun der lëtzebuergescher an europäescher Immigratioun. An de Joeren 1848 bis 1849 si vill Familljen aus Lëtzebuerg ausgewandert an hu sech zu engem groussen Deel am amerikanesche Midwest néiergelooss. Am 19. Joerhonnert sinn ëm déi 60.000 Lëtzebuerger an d’USA ausgewandert. An am Midwest, nieft dem Lake Michigan, do liewen nach ëmmer Leit déi sech mat Lëtzebuerg identifizéieren. E Musée iwwert d’lëtzebuergesch Immigratioun steet och do, an zwar am Duerf mam Numm Belgium, en Duerf vun 2500 Awunner. Eise Korrespondent an den USA, Philip Crowther, ass an den US-Staat Wisconsin gereest fir dat klengt Lëtzebuerg ze besichen an huet sech op d’Sich gemaach no Leit déi fënnef Generatiounen dono nach ëmmer lëtzebuergesch schwätzen. Mat esou enger Persoun fänkt dësen Dossier un: