Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach - Concerto fir Piano Nr.2 a Mi Majeur, BWV. 1053, III. Allegro - Francesco Tristano (Piano), The New Bach Players

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Mesurëfir d'Kultur

Corona-Pandemie

Nei Mesurëfir d'Kultur

Viraussiichtlech solle vu Méindeg u Kulturhaiser a kulturell Institutiounen erëm hir Diere kënnen opmaachen, natierlech ënner ganz strikte Konditiounen, huet d'Kulturministerin Sam Tanson op enger Pressekonferenz informéiert.

auto_stories

2 min

Bis zu 100 Leit dierfen erëm an e Sall: sief dat Kino, Theater, Concert, grad wéi virum Schléisse vu kulturellen Institutiounen Enn November zejoert.

Ënnerscheed tëschent Theateren a Muséeën

Déi Leit, déi op der Bün sinn an déi Leit, déi do schaffen, ginn net matgezielt. Weiderhi sinn och Mask an d'Distanz vun zwee Meter par Rapport zu deene Leit, mat deenen een net zesumme wunnt, obligatoresch. Et dierf kee Gedrénks an och keen Iessen zerwéiert ginn.

Wat heescht dat fir déi Professionell? Si dierfe prouwen, wéi dat elo permanent de Fall war. De Mask an d'Distanz vun zwee Meter sinn net op der Bün an och net bei der Filmproduktioun gefrot.

D'Kulturministerin sot dozou:

"Et ass reegelméisseg getest ginn, datt och bei Film- an Theaterproduktioune ganz gutt opgepasst gëtt, datt sech keen infizéiert. Et ass och kloer do, datt do eng enorm Responsabilitéit do ass, vis-à-vis vun den anere Leit, mat deenen ee ganz enk zesummeschafft a well d'Produktioun um Spill steet, wann ee positiv gëtt."

Op Plazen, wou ee méi fräi zirkuléiert, notamment Muséeën, Centres d'Arts, Bibliothéiken an Archive wier natierlech och de Mask obligatoresch, esou d'Kulturministerin Sam Tanson, an et géif een de Muséeë recommandéieren "sech ze orientéieren un deene Metercarréen-Normen, déi festgeluecht si fir d'Surface commercialen."

Schwéier Zäite fir d'Musek

An da gëtt et nach de grousse Beräich vun den Amateuren. Do sinn d'Restriktioune weiderhin zimmlech strikt. Fir d'Amateure vum Theater a vun der Musek gëlle folgend Reegelen:

  • bis zu véier Leit kënne sech ouni Mask an ouni Distanz zesummendoen
  • vu véier bis zéng Leit si Mask an zwee Meter Distanz Flicht
  • wann ee méi wéi zu zéng ass, da muss ee setzen

D'Sam Tanson wier sech bewosst, datt dat grad fir d'Museksveräiner, d'Chorallen an d'Fanfaren eng grouss Belaaschtung géing duerstellen.

"Do (ass) wierklech eng grouss Suerg, datt dat verluer geet. Mir mussen alles maache fir d'Leit bei der Staang ze halen, an et esou ass, datt mer wierklech nach ëmmer an enger ugespaanter Situatioun sinn, wou mer awer musse Reegele setzen, wou mer net kënnen alles zouloossen, wou mer mussen d'Leit schützen."

Déi finanziell Hëllefe fir Intermittanten, déi am Ufank vun der sanitärer Kris ageféiert goufen, sinn Enn Dezember nach emol verlängert ginn.
De Programm "Neistart Kultur", dee fënnef Milliounen Euro ausmécht, ass elo amgaang ausbezuelt ze ginn.