Wat waarde mer ëm dës Zäit jo ëmmer nees fir Schnéi ze kréien. Et gi jo ganz vill Leit, déi sech e wäisse Chrëschtdag wënschen, mee dat ass leider zimmlech seelen hei bei eis.
Den Dan Tanson erzielt iech an der Kannerkëscht eng Geschicht, wann den éischte Schnéi fält.
Schnéi ass ëmmer eng Freed, awer net fir jiddwereen. Bei all éischte Schnéi mécht de Fuuss e Fest, mee fir d'éischt brauch hien en Hues, fir doraus eng Paschtéit ze maachen.
Hie geet also op d'Juegd, ma den Edgar Kaweechelchen huet all d'Déieren aus dem Bësch virgewarnt.