De Kleeschen, do fonkelen d'Kanneraen, an och vill Erwuessener hunn deen Dag och gären. De Kleeschen ass jo awer net ëmmer eleng ënnerwee, de Houseker ass dacks derbäi, an iwwer dat alles schwätze mer fir unzefänken an ärer Kannerkëscht.
De Joseph huet iech en Experiment matbruecht, wou deen dach tatsächlech seet, datt ee mat enger Orang, oder besser gesot mat der Schuel vun der Orangen ee Loftballon un d'platze kritt. Wat mengt dir? Geet dat?
D'Françoise aus dem Naturmusée hëlt eis mat an de Bongert an erzielt eis iwwer Déieren, déi een am Bongert fënnt, an déi heesche Schléifer.
An d'Nathalie vum Script huet Bicher mat Geschichten derbäi a ganz besonnesch Geschichten, nämlech fantastesche Geschichten.