Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jos an Halloween

Kannerkëscht

De Jos an Halloween

An dëser Kannerkëscht proposéieren mer iech der Anja Di Bartolomeo hir Geschicht: "De Jos an Halloween".

auto_stories

2 min

Fir d'éischt erkläre mer iech, wou dat Fest Halloween hierkënnt. Ee Fest, wat och an eise Géigenden ëmmer méi um Owend virun Allerhellege gefeiert gëtt.

Wann d'Kanner dann a Geeschterkostümer, oder soss grujeleg verkleet, vun Haus zu Haus lafen a Séissegkeete wëllen.

Dono dann ass et um Jos, an d'Anja erzielt iech wéi de Jos Halloween feiert, well hien dat Fest immens gären huet. Et kënnt awer dacks anescht, wéi ee mengt.

Den éischten Deel lauschterenplay_arrow

Halloween ass normalerweis fir de Jos eng vun de schéinsten Zäite vum Joer, ausser dëst Joer, well de Jos, deen normalerweis Halloween mat sengen zwee Kolleegen Pit a Pol feiert, déi Kéier eleng ass.

De Pit an de Pol si beim Pol senger Tatta an Amerika, an déi sot de Pol kéint ee Kolleeg matbréngen a säi Choix ass op de Pit gefall, an net op de Jos.

De Jos ass ausser sech en traureg rosen enttäuscht, fillt sech verroden. An e léisst de Pit an de Pol och ouni eppes ze soen einfach stoen, a leeft heem, mee do gëtt et och net besser.

Den zweeten an den drëtten Deel lauschterenplay_arrow

Doheem huet de Jos sech du geduecht, datt e bei de Bopa geet a mat deem Halloween feiert, mee dat war och keng gutt Iddi. Et ass alt gutt, datt och d'Nona nach do ass an de Jos konnt dunn der Nona hir phänomenal Spaghettie genéissen, wat en Héichpunkt vum Dag war.

Mee dat ännert awer näischt drun, datt hie fir Halloween eleng ass.

De véierten an de fënneften Deel lauschterenplay_arrow