Wat ass dat dach all Joers eng Freed de Chrëschtbeemchen op ze riichten, mee wou kënnt déi Traditioun vum Chrëschtbeemchen dann hier? Wou stinn déi héchste Chrëschtbeemercher, de Jean Claude huet dat fir iech nogekuckt.
De Joseph huet dann e ganz spannend Experiment derbäi, wou e weist, wéi ee mat e puer Spaghettien eppes nawell Zolittes baue kann.
Der wësst jo all wat eng Baguette ass? Abee déi franséisch Baguette ass elo op d'Unesco-Lëscht vum immateriellen Ierwe komm, mä firwat dat dann?
An d'Nathalie vum Script huet Nouvellë bei sech iwwer den neie Piwitsch, also Zeitung vum Script fir iech Jonker.