Steierreform

D'blo-rout-gréng Regierung huet de 29. Februar eng Steierreform proposéiert, mat Steiererliichterungen vu bis zu 500 Milliounen Euro.

D'Steierreform ass gestëmmt
Fir d'Majoritéitsparteien ass et eng sozialgerecht Reform. D'CSV seet d'Stéit géifen dat zréckkréien, wat si beim Spuer- a Steierpak verluer hunn. Onkloer ass, wéi vill d'Steierreform wäert kaschten.

Avantagë fir Stock Options ginn (nach) net ofgeschaf
Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass net bereet op d'Fuerderung vun der CSV anzegoen, an déi sougenannt Stock Options op den 1. Januar 2017 ofzeschafen. De Regime géif den Ament nach analyséiert ginn.

Detailer aus dem Gesetzprojet
Aus dem Text geet ervir, wéi de budgetären Impakt vun deene verschiddene Mesuren ageschat gëtt. Bis zu 50 Milliounen Euro nei Recettë sollen duerch d'Bekämpfung vu Steier-Fraude an -Abusen era kommen.

“Chômage op enger réckleefeger Tendenz”
De Statec huet d’Auswierkunge vun der Steierreform berechent: Méi Kafkraaft, méi Emploi, manner Chômage. Risike wieren ënnert anerem de “Brexit”. Interview mam Statec-Mataarbechter Ferdy Adam.

"Keen Apel fir den Duuscht"
Eng méi ambitiéis Budgetspolitik ass néideg, fir bei engem ekonomesche Schock Spillraum ze hunn, seet de Romain Bausch vum CNFP. Majoritéit an Oppositioun interpretéieren d'onofhängeg Analys verschidden.

"Steierreform ass kee grousse Worf"
Fir de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass d'Reform sozial ongerecht. D'Regierung géif och am Beräich vum Logement net genuch maachen, sou eng weider Kritik op der Generalversammlung.

Firwat sou vill Steierreduktiounen net ubruecht sinn
Bis zu 500 Milliounen Euro léisst d'Regierung sech hir "Steierreform" kaschten. Dat ass zevill, mengt de Jean-Claude Franck. De Budget vum Zentralstaat ass nämlech nach laang net am Equiliber.

Steierreform "eigentlech keng Reform"
De Caritas-Spriecher Robert Urbé fënnt der Regierung hir Proposë fir d'Steierreform zwar sozial gerecht, hien ass awer der Meenung, datt een hätt misste vill méi wäit goen. Net nëmmen bei der Ëmverdeelung.

"Kee Kaddo"
Fir de Finanzminister wier d'Steierreform, sou wéi d'Regierung se proposéiert, kee Kaddo fir Stëmmen ze gewannen. Et ass eng Stäerkung vum Wirtschaftswuesstem, esou de Pierre Gramegna.

"Verpasste Chance"
Dat, wat d'Regierung presentéiert huet, ass keng Steierreform. Schued, datt d'Koalitioun sech net déi néideg Zäit an den néidege Courage ginn huet fir méi wäit ze goen, mengt de Jean-Claude Franck

"D'Leit finanzéieren hir Steiererliichterunge selwer"
D'politesch Oppositioun (CSV, ADR, Déi Lénk) kënnt zur Konklusioun: d'Reform gëtt duerch Efforte vun de Leit selwer finanzéiert.

Käschtepunkt confirméiert
Duerch déi geplangte Steierreduktioune wäert de Staat vum nächste Joer un, op staatlech Recettë vu 400 Millioune bis 500 Milliounen Euro musse verzichten, esou d'Regierung de Moien.

Showtime
D’Regierung huet d’Detailer vun der Steierreform de Moien am Sennenger Schlass presentéiert. De Radio 100,7 huet live vun der Plaz informéiert.

Steierreduktiounen op villen Niveauen
D'Betriber an d'Bierger bezuele vun 2017 u manner Steieren. Déi blo-rout-gréng Regierungskoalitioun ass sech de Moie virum Regierungsrot eens ginn iwwer Steiererliichterungen an Héicht vun e puer Honnert Milliounen Euro.

Iwwerleeunge fir Steierkredit ze verduebelen
Méi Kafkraaft fir Stéit, déi keng Steiere bezuelen? D'Regierung diskutéiert 100,7-Informatiounen no iwwer eng Verdueblung vum Steierkredit fir Salariéë, Pensionnairen an Indépendanten.

Bis zu 500 Milliounen Euro Steierreduktiounen
Nom Referendum vum 7. Juni an de schlechte Sondagë ass quasi just nach iwwer Steiererliichterungen diskutéiert ginn, soe gutt informéiert Sourcen. D'Steierreform gëtt also vun der Regierung als Moyen gesinn, fir sech bei der Wielerschaft nees méi beléift ze maachen.

Ass et Zäit fir Steiererliichterungen?

J.-C. Reding: Steierdokument ass verkierzten Realitéitsduerstellung
De President vun der Chambre des Salariés ass zouversiichtlech, dass d’Diskussiounen tëschent de Sozialpartner am Wirtschafts- a Sozialrot dozou bäidroen eng méi objektiv Duerstellung vun der Steierverdeelung ze kréien.

Vertraulecht Regierungsdokument fir d'Steierreform
Déi 405 räichste Stéit bezuelen 8,5 Prozent vun der Akommessteier. Ronn 160.000 Stéit verdéngen manner wéi 20.000 Euro d’Joer. De gréissten Deel dovunner bezilt guer keng Akommessteier.