Lëtzebuerg entdecken

Abtei Neimënster Gronn
Päiperleksgaart
Lëtzebuerg entdecken

Wie sech gären an e tropesche Bësch entféiere léist a sech dobäi och Pimpampelen ukucke wëllt, fir deen ass de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher genee dat richteg. De Pit Walté war dohi kucken.

De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv
Iwwer Bierg an Dall

An eiser Serie Muséeën iwwer Bierg an Dall geet et an den Norden op Wolz. Am Schlass ginn et do direkt dräi Muséeën ënner engem Dach ze entdecken. De Pit Walté war dohinner.

Riewen Musel
Lëtzebuerg entdecken

Op der Musel ginn Trëppeltier ugebueden, bei deenen ee méi iwwer d'Drauwen an de Wäi gewuer gëtt. Donieft ginn et och Weeër, bei deenen den Handy de Guide spillt.

Camping Beaufort Plage
Lëtzebuerg entdecken

Schwammen am Summer a Schlittschong fueren am Wanter. Do kënnen net vill Campinge mathalen. De Claude Faber mat engem weideren Deel aus eiser Summer-Serie Lëtzebuerg entdecken.

Automusée 2
Lëtzebuerg entdecken

An eiser Serie Lëtzebuerg entdecken gi mir haut an d'Welt vun den Autoen, méi genee op Dikrech, an de Conservatoire National de Véhicules historiques. 35 Gefierer aus verschiddenen Epoche kann een hei gesinn.

Camping Martbusch
Lëtzebuerg entdecken

Déi Lëtzebuerger Schwäiz: Eenzegaarteg Fielsformatiounen, schmuel Schluchten an däischter Grotten. Datt hei déi eng oder aner Hiel duerch Mënschekraaft entstanen ass, ass ville Lëtzebuerger awer vläicht net esou bekannt.

Bourschter Schlass
Lëtzebuerg entdecken

Zu Buerschent kann ee sech déi gréisste Ruinenanlag vu Lëtzebuerg ukucke goen. Nieft der Geschicht erwaart een do och eng flott Vue. De Pit Walté war sech d'Schlass zu Buerschent ukucken.

Camping Bissen
Lëtzebuerg entdecken

Déi eenzeg aachteckeg Kapell hei am Land, ganz am neogotesche Stil gebaut, steet net wäit vum Camping Bissen ewech. Si huet en historesch wichtegen Hannergrond, huet de Claude Faber erausfonnt.

LE EU 3
Lëtzebuerg entdecken

De Begrëff Schengen ass a ganz Europa an och doriwwer eraus bekannt. Och wa vill Leit net onbedéngt wëssen, wou den Numm hierkënnt. Am Europa Musée gëtt ee méi iwwer d'Hannergrënn gewuer.

Didactic Trail
Lëtzebuerg entdecken

De Biergbau ass am Süden net nëmmen Thema an de verschiddene Muséeën, mee och wann een duerch d'Natur geet, ass en nach iwwerall present. De Pit Walté war op der Plaz.

Camping Ettelbruck
Lëtzebuerg entdecken

Zu Ettelbréck gëtt den Trend bestätegt, datt ëmmer méi Lëtzebuerger hire Wee nees op heemesch Campinge fannen. Et huet een eng wonnerbar Vue, mee et ginn och praktesch Grënn, firwat de Camping beléift ass.

Arméimusée
Lëtzebuerg entdecken

Am Militärmusée zu Dikrech wëllt een net nëmmen d'Erënnerung u schwéier Zäite lieweg halen, mee och sengem pädagogeschen Optrag gerecht ginn. De Pit Walté war dohinner kucken.

Robbesscheier zu Munzen 2
Lëtzebuerg entdecken

"D'Natur mat alle Sënner erliewen", dat ass de Motto vun der Robbesscheier zu Munzen. Et ginn divers Handwierker virgestallt, et gëtt eng grouss Offer un Teambuilding-Moossnamen an d'Déiere stinn am Mëttelpunkt.

Camping Troisvierges - Sentier des passeurs
Lëtzebuerg entdecken

Den Ëlwener Camping kann ee bal mat engem Vakanze-Ressort vergläichen. Net nëmmen datt een hei Stellplazen, nei Mobilhomer a grouss Glamping-Safarizelter loune kann, de ganze Camping läit och nach matten am Ëlwener Activity-Park.

Héijuewe Belval 2
Lëtzebuerg entdecken

Um Belval kann een eng Visite vum Héichuewen A maachen, fir méi iwwer d'Stolindustrie gewuer ze ginn. Wann een dann um Héichuewen ass, huet een e gudde Bléck doriwwer, wéi sech de Site entwéckelt huet a wat haut do wichteg ass.

Klierf Camping
Lëtzebuerg entdecken

De Klierfer Camping ass dem Wëlle vun engem fréieren Generaldirekter vun der ARBED ze verdanken. De Claude Faber war fir eis Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" Klierf - fir sech selwer - och nei entdecken.

Rondonnée ORT Eisleck
Lëtzebuerg entdecken

Mir ginn haut an der Serie "Lëtzebuerg entdecken" an den Norden, wou mir eis d'Wander- a Vëlosweeër ukucken. An dës Weeër féieren een dacks bis an eis Nopeschlänner. De Pit Walté huet sech informéiert.

Camping Kohenhof
Lëtzebuerg entdecken

Net wäit vum Kohnen Haff ewech ass schonn zu Réimerzäite campéiert ginn. An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" hëlt Iech de Claude Faber mat, op de moderniséierte Camping Kohnenhof.

fonds de gras 1
Lëtzebuerg entdecken

Am Minett Park am Fond-De-Gras kann ee mat enger Damp- oder Diesellokomotiv fueren, a mat der Minièresbunn geet et dono bis an de Bierg. De Pit Walté war fir d'Serie "Lëtzebuerg entdecken" en Nomëtteg dohinner.

Abtei Neimënster Gronn
Lëtzebuerg entdecken

An eiser Summer-Serie "Lëtzebuerg entdecken" geet et an d'Stad. Et geet ëm verschidde Weeër, déi een do goe kann, fir d'Geschicht vu Lëtzebuerg ze entdecken. De Pit Walté huet sech puer schéin Ecke weise gelooss.

Camping Officiel Echternach
Lëtzebuerg entdecken

Hu Dir schonn emol vun der Kleopatra-Nol an der Däiwelsschoart héieren? Et ass ee vun de spektakuläersten Naturspektakelen an der Lëtzebuerger Schwäiz, direkt hanner dem Iechternacher Camping.

Camping Krounebierg
Lëtzebuerg entdecken

De Camping Krounebierg läit zu Miersch, direkt bei Nationalmonument vun der Onofhängegkeet. Et gouf vill investéiert, fir de fënnef Stäre gerecht ze ginn. De Claude Faber war sech de Camping ukucken.

Mëllerdall
Lëtzebuerg entdecken

Den Nordoste vum Land bitt vill Wander- a Vëlosweeër. De Mëllerdall ass och bekannt als Petite Suisse Luxembourgeoise an op iwwer 112 Kilometer bitt de Mëllerdall-Trail Wanderweeër fir Grouss a Kleng.

Camping Kockelscheuer
Lëtzebuerg entdecken

D'Kockelscheier ass haaptsächlech duerch d'Äispist, Keelebunnen, Tennis- a Squash-Anlage bekannt. De Camping, deen tëschent all dësen Anlagen läit, ass hei am Land manner bekannt, mee gëtt vu villen auslännesche Camper héich appreciéiert.

Biodiversum 1
Lëtzebuerg entdecken

An de Weieren zu Rëmersche ginn et vill Planzen- an Déierenaarten ze entdecken. Am Biodiversum niewendrun ginn et vill Informatiounen dozou. Et ass d'Entréesdier fir an d'Naturschutzgebitt.

Camping Op Kengert
Lëtzebuerg entdecken

Op Kengert ass deen éischte Camping zu Lëtzebuerg, deen dëse Weekend mat enger offizieller Lëtzebuerger Klassifikatioun vum Tourismus-Ministère ausgezeechent gouf. De Claude Faber war sech dësen idyllesche Camping ukucken.

Kasematten
Lëtzebuerg Entdecken

D'Tunnellen ënner der Stad zielen zu de gréissten Attraktioune vu Lëtzebuerg. 1867 gouf d'Lëtzebuerger Festung geschläift, d'Kasematte waren awer net betraff. Zanter 1993 si se fir de Public op.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • De Schwéierpunkt am November: Depressiounen

    Depressiounen

    Wanterblues vs Wanterdepressioun, klassesch Depressioun, Angschtstéierungen, Suicide, Impakt vun der Pandemie: Mir analyséiere de Sujet aus all méigleche Bléckwénkelen 

    All Dënschdeg um 13:15

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen