Leipziger Buchmesse 2019
D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.
Valerija Berdi / cz


Anke Stelling - Schäfchen im Trockenen
E léiwe Roman, dee wuel awer geschwënn a Vergiessenheet geréit, trotz dem Leipziger Buchpräis 2019. Ee Roman, dee Charme huet, deen awer weder an der literarescher Qualitéit, nach am Inhalt läit.

"Mir gi vu verschiddene Säiten attackéiert"
Gespréich mam Rami Abdulrahman, dem Gesiicht vum "Syreschen Observatoire fir Mënscherechter", enger ëmstriddener Organisatioun, op déi sech déi westlech Medien am Syrien-Krich beruffen.

"Ästhetesch Provokatioune sinn an eiser Gesellschaft méi schwéier"
Den Historiker Bodo Mrozek beschreift a "Jugend, Pop, Kultur. Eine transnationale Geschichte" ee wichtege Kulturbroch aus dem 20. Joerhonnert. De Michel Delage huet sech mat him ënnerhalen.

Ahoj Česko!
Tschechien war dëst Joer d'Gaaschtland vun der grousser Bicherfoire. Vun de ronn 70 literareschen Iwwersetzungen, déi op der Leipziger Buchmesse virgestallt goufen, sinn der zéng am Wieser-Verlag erauskomm.

Michel Delage a Valerija Berdi
D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren op der Leipziger Buchmesse. Si schwätzen iwwer den Zoustand vun der Pressefräiheet, Rietspopulismus an der Fro, ob ee rietsextreem Auteure soll an däitsche Librairien ubidden.

Winterbergs letzte Reise
Mat sengem éischten däitschsproochege Roman "Winterbergs letzte Reise" war den tschecheschen Auteur fir de Leipziger Buchpreis nominéiert. Hien erzielt iwwer säi Roman a seng Vue op déi jonk tschechesch Literatur.

Michel Delage a Valerija Berdi
D'Valerija Berdi an de Michel Delage presentéieren éischt Präisser, déi op der Leipziger Buchmesse vergi goufen. Ausgezeechent gouf "Wolfszeit. Deutschland und die Deutschen 1945-1955" vum Journalist Harald Jähner a "Schäfchen im Trockenen" vum Anke Stelling.

radio 100,7 goes Leipzig
Wann d'Fréijoer kënnt, dann zitt et d'Frënn vum Buch op déi Leipziger Buchmesse. D'Valerija Berdi an de Michel Delage sinn dëst Joer fir de radio 100,7 op dëser Bicherfoire am Asaz. D'Valerija Berdi mécht een Ausbléck.