Festival de Cannes 2019
Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.


Parasite
"Parasite" ass eng südkoreanesch Komedie, déi de Publikum zu Cannes mat engem Laachen op de Lëpsen aus de Säll goe gelooss huet. Den Thierry Besseling war de Film fir eis kucken.

Op der Sich no Lëtzebuerg
Zu Cannes brécht Lëtzebuerg dëst Joer säin eegene Rekord. Véier Lëtzebuerger Co-Produktioune ginn um Filmfestival presentéiert vun Animatioun iwwer Drama bis zur Comédie.

"Eis gëtt et zanter Joerhonnerten"
D'Leyna Bloom ass déi éischt afro-amerikanesch transgender Actrice um Filmfestival vu Cannes. Am Film "Port Authority" spillt si d'Haaptroll. D'Maxi Pesch huet déi 25 Joer jonk Actrice zu Cannes getraff.

Héich qualitativ Filmer
Héich qualitativ Filmer konnten an de leschten Deeg um Film Festival zu Cannes hir Premièrë virun engem grousse Publikum feieren, dorënner dem Terrence Malick säin neit Wierk "A Hidden Life".

ACID: Resistenz an Onofhängegkeet
"Resistéieren" ass d'Leitmotiv vun ACID. Zanter 27 Joer setzt d'Associatioun sech fir en onofhängege Kino an. Och zu Cannes um Filmfestival. Mat néng Filmer ass d'Association du cinéma indépendant pour sa diffusion dëst Joer um Filmfestival vu Cannes vertrueden.

Les Misérables
"Les Misérables" ass e beweegende Film, mat engem haarde sozialen Hannergrond. Op Aenhéicht gefilmt, geléngt et dem Realisateur ganz no u jonk Fransouse mat afrikaneschen Originnen erunzekommen.

Eng reell imaginär Welt
Mat Cannes XR dediéiert de Filmfestival vu Cannes dëst Joer den immersiven Technologien eng eege Rubrik. Ënner den honnerten Experienze sinn och Lëtzebuerger Produktioune vertrueden.

The Dead Don't Die
De Film "The Dead Don't Die" vum Jim Jarmusch huet dëst Joer déi 72. Editioun vum Film Festival zu Cannes opgemaacht. Den Thierry Besseling huet fir eis éischt Impressioune gesammelt.