Europawahlen 2019
Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.


Besetzung vun EU-Topposten: Wie setzt sech duerch?
Bei der Fro, wien nächsten EU-Kommissiounspresident gëtt, géif et prioritär ëm Inhalter goen. Dat soen déi nei gewielten Lëtzebuerger EU-Deputéiert. Hanner zouenen Diere siche verschidde Lageren no Majoritéiten.

"Mäin Häerz schléit fir d'Margrethe Vestager"
De Xavier Bettel hätt gären, datt déi liberal Margrethe Vestager Kommissiounspresidentin gëtt. Et ass elo um EU-Conseilspresident Donald Tusk no Kandidate fir véier Top-Posten an der EU ze sichen.

Europawahlen
D'Resultater vun den Europawahlen hannerloosse gemëschte Gefiller. E puer éischt Remarken zu iwwerraschende Campagnen a Wahlresultater. De Fräie Mikro vum Psychoanalytiker an Auteur Thierry Simonelli.

"Et gëtt héich Zäit, datt d'Partei ufänkt ze liewen"
Den Erneierungsprozess bei der CSV wäert nach e puer Joer an Usproch huelen, seet den CSV-Parteipresident. Hie freet d'Partei fir sech un dem Prozess ze bedeelegen. Et soll keen Exercice vun uewen erof ginn, sou de Frank Engel.

CSV verléiert massiv u Stëmmen
D'CSV huet bei den Europawahlen a verschidde Gemenge bis zu 20 Prozentpunkten u Stëmme verluer. Landeswäit verléieren déi Chrëschtsozial 16 Prozentpunkten. D'Carole Schimmer sicht no Explikatiounen.

Wieler zu Lëtzebuerg hu sech extrem spéit decidéiert
D'Wieler hätte sech eréischt ganz spéit decidéiert, fir wie si hir Stëmmen ofginn. Dat hätt een iwwer d'Plattform smartwielen.lu erausfonnt, seet de Raphael Kies vun der Uni Lëtzebuerg.

"D'Erosioun ass bei der CSV besonnesch spierbar"
D'CSV huet bei den Europawahlen hire niddregste Score gemaach, zanter datt d'Europaparlament direkt gewielt gëtt. D'Grënn dofir wieren esouwuel zu Lëtzebuerg, wéi och an Europa ze fannen, menge Journalisten.

Déi meescht Parteie weise sech zefridden
Während déi eng Parteie sech nach fir Lëschte rechtfäerdegen, diskutéieren déi aner schonn ëm EU-Spëtzeposten. D'CSV gesäit de Sëtzverloscht als Ufank vun engem Erneierungsprozess un.

Reaktiounen op d'Wahlresultat
D'EVP an d'Sozialdemokraten kënne keng Majoritéit méi am EU-Parlament stellen. Bei der EVP wëllt ee weiderhin op Kontinuitéit setzen. Fir de Frans Timmermanns sinn awer elo Ännerungen néideg.

DP grousse Gewënner, CSV grousse Verléierer
D'DP ass de grousse Gewënner vun der Europawahl zu Lëtzebuerg. Déi Liberal gewannen en zweete Sëtz, kommen op 21,44 Prozent vun de Stëmmen a sinn domat déi stäerkste Kraaft. D'CSV verléiert méi wéi 16 Prozent a kënnt just nach op 21,1 Prozent.

Europawahlen: Europawäit Héichrechnungen
En éischt Bild vum neien Europaparlament zeechent sech of. Wéi setzt dat neit Parlament sech zesummen? Éischt Héichrechnungen iwwer den Ausgang op europäeschem Niveau.

Wahlresultater zu Lëtzebuerg
D'Stëmmen zu Lëtzebuerg sinn ausgezielt, de Centre des eechologies de l'information de l'Etat huet d'Resultater iwwermëttelt. E grafeschen Iwwerbléck vun de Resultater zu Lëtzebuerg.

"Fir d'éischte Kéier en europäescht Wahlkampfthema"
Mam Klimaschutz hätt fir d'éischte Kéier en europäescht Thema am Mëttelpunkt vum Europawahlkampf gestanen. Déi Conclusioun huet den Olaf Münichsdorfer no den éischte Prognose gezunn.

Europawahlen: Live-Ticker
Suivéiert déi aktuellsten Entwécklunge ronderëm d'Europawahlen an eisem Liveticker.

Méiglecherweis méi Net-Wieler
Genee Angabe kéint Joséanne Schroeder net maachen, et géif awer esou ausgesinn, wéi wa manner Leit hir Stëmm bei dësen Europawahlen ofginn hätte wéi soss, sou d'Presidentin vum Haaptwahlbüro um Lampertsbierg am 100,7-Interview.

Queesch duerch Europa
An der Serie "Queesch duerch Europa" huele 5 Journalisten Iech mat a Portugal, Irland, d'Belsch, Rumänien an an Ungarn. Iwwer Audio-Temoignagen a Fotoe gi si e méi déiwen Abléck an dës EU-Länner.

Ungarn: Am Land vum "Diktator"
An eiser Reportage-Serie "Queesch duerch Europa" geet d'Danièle Weber de Froen no, wat et bedeit ënnert der Fidesz-Regierung ze liewen a firwat d'Oppositioun an Ungarn kee Fouss op de Buedem kritt.

Mäin Europa
Mënschen, déi hei am Land an an der Groussregioun liewen, schwätzen iwwer hir perséinlech Siicht op den europäesche Projet. Wéi erliewe si d'EU am Alldag oder am Beruff?

Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch
An Holland an a Groussbritannie gouf scho gewielt. An zu Lëtzebuerg dominéieren Diskussiounen ëm Wahlkampftaktiken déi ëffentlech Debatt. D'Pia Oppel kuckt op déi lescht Woch zeréck.

Départ des élections européennes
Les Britanniques sont parmi les premiers à aller voter lors de ce scrutin européen aujourd'hui. C'est l'élection qui n'aurait pas dû avoir lieu puisque le Royaume-Uni aurait dû sortir de l'Union européenne fin mars.

Irland: Den Impakt vum Brexit op déi gréng Insel
Wa Groussbritannien aus der EU austrëtt, steet Irland viru groussen Erausfuerderungen. De Brexit kéint déifgräifend Konsequenzen hu fir d'Ekonomie an de Fridden. E Multimedia-Reportage aus der Serie "Queesch duerch Europa".

Eng nei Diskussioun ëm d'EU
Den 10. November gouf op d'Initiativ vum Robert Menasse, der Ulrike Guérot an dem Milo Rau déi europäesch Republik ausgeruff. Wat stécht dohannert? Wat sinn hir Visioune vun engem vereenten Europa?

De Gast Gibéryen hält fréizäiteg als Deputéierten op
De Gast Gibéryen wëllt säi Mandat an der Chamber fréizäiteg nidderleeën, fir datt de Fred Keup "sech kann an d'Politik aschaffen". Dat sot den 68 Joer alen ADR-Deputéierten de Moien am 100,7-Interview.

"Ech hat net d'Gefill, datt dee Mann a Bedrängnis wier"
D'Marie-Paule Dondelinger, Co-Spriecherin vun de Piraten ass iwwerrascht iwwer d'Aussoe vun engem vun engem Mataarbechter vun de Piraten. Dësen hat déi schlecht parteiintern Stëmmung a Kandidate kritiséiert.

Rumänien: Wa mat de Féiss gewielt gëtt
Ronn 3 Milliounen Rumänen hunn hiert land verlooss, zenter et an der EU ass. D'Auswierkungen dovun sinn och zu Lëtzebuerg ze spieren. E Multimedia-Reportage aus der Serie "Queesch duerch Europa".

L'Extrême droite en route vers les européennes?
À Milan ce week-end, se réunissaient les principaux partis identitaires européens, au côté de Matteo Salvini pour un dernier meeting appelant à un vote populiste européen.

20 % vun de Wieler stëmme per Breifwahl
Bei den Europawahlen e Sonndeg stëmmt hei am Land bal all fënnefte Wieler per Bréifwahl of. Dat geet aus den offiziellen Zifferen ervir, déi de Staatsministère dem radio 100,7 op Nofro hi confirméiert.

Timmermans vs Weber: Wien ass dee Beschten?
Gutt eng Woch virun den Europawahlen hëlt d'Zuel vun den Debate mat Spëtzekandidaten zou. Et schéngt, wéi wann dës Kéier e bësse méi gestridde gëtt, wéi am Wahlkampf viru fënnef Joer. Gëtt et Gewënner bei dësen Debaten?

"Europawahle sinn eng Schicksalswahl"
Wann de Charles Goerens gewielt gëtt, dann hätt hien och wëlles säi Mandat bis zum leschten Dag auszeféieren. Fir de liberalen Europadeputéierte gëtt et déi néngt Europawahl, bei där hie kandidéiert.

D'Bierger wëlle sech representéiert fillen
An de Kichegespréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi fir hir Partei mat an d'Europawahle ginn. An der leschter Editioun schwätzen d'Tanja Duprez an den Elisha Winckel iwwer Gläichberechtegung an d'politesch Participatioun.

Timmermans proposéiert eng rout-rout-greng-blo Koalitioun
An der Eurovisiouns-Debatt stounge sech déi sechs Spëtzekandidaten fir d'Europawahle geigeniwwer. Bei den Theme Migratioun a Klimapolitik ware sech déi sechs net ëmmer eens. Et gouf awer eng kloer Koalitiounsoffer.

Europa ka vill Formen hunn
An de Kichegespréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi fir hir Partei mat an d'Europawahle ginn. An der drëtter Editioun schwätzen de Joe Thein (déi Konservativ), d'Tessy Brisbois (ADR) an de Christopher Lilyblad (Volt) iwwer d'EU-Institutiounen.

Eng pro-europäesch Äntwert
De Rolf Tarrach hält et fir realistesch, datt déi paneuropäesch Partei VOLT bei den Europawahlen an Däitschland an Holland deen een oder anere Sëtz kritt. Dat wier och wichteg fir d'Iwwerliewe vun der Beweegung.

Déi selwecht Ziler, mee ënnerschiddlech Weeër fir dohin
An de Kichegespréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi fir hir Partei an d'Europawahle ginn. An der zweeter Editioun schwätzen d'Mara Martins (déi Lénk) an de Loris Meyer (DP) doriwwer, wéi een de Klimaschutz am beschten ugeet.

D'Belsch: sou no an dach esou friem
De 26. Mee wielen d'Belsch net just hir Europadeputéiert, mee och en neit nationaalt Parlament. Wat sinn d'Enjeue vun de Wahlen an d'Optioune fir d'Regierungsbildung duerno?

Asyl- a Migratiounspolitik an de Wahlprogrammer
Wéi positionéiere sech déi zéng Parteie fir d'Europawahlen zu den Themen Asyl, Migratioun, Flüchtlingen an europäesch Baussegrenzen? En Iwwerbléck iwwer déi verschidde Wahlprogrammer.

Griechenland vor den Europawahlen
Dreimal dürfen die Griechen ihr Kreuz machen: für das Europaparlament, für die Präfekten und Bürgermeister. Die Stimmung ist aufgeheizt. Die Wahlen gelten als Testlauf für die Parlamentswahlen im Herbst.

Optimistesch an d'Europawahlen
Wann d'Leit politesch participéiere kéinten an net am Ree stoe gelooss géife ginn, da géife si och keng Extremer wielen, esou d'Tilly Metz. Si ass gréng Spëtzekandidatin fir d'Europawahlen.

Les élections européennes au Royaume-Uni
Le Royaume-Uni se prépare aux élections européennes qui se tiendront le 23 mai. Le Brexit semble avoir révélé de nouveaux partis qui sont aujourd'hui en campagne active à travers tout le pays.

Schwaach Argumenter géint Spëtzekandidaten
An der EU gëtt driwwer gestridden, wéi d'Poste solle verdeelt ginn. Soll ee vun den europäesche Spëtzekandidate Kommissiounspresident ginn? D'Géigner vum System hu schwaach Argumenter, fënnt d'Danièle Weber.

Konzept vum Spëtzekandidat net ouni transnational Lëschten
Den Nicolas Schmit, LSAP-Spëtzekandidat fir d'Europawahlen, ass dogéint, datt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun automatesch EU-Kommissiounspresident gëtt. Dat géif esou net an den Traitéë stoen.

"Léisunge fir CO2-Neutralitéit leien um Dësch"
Greenpeace Lëtzebuerg fënnt et "enttäuschend a skandaléis", datt verschidden EU-Memberstaate beim Klimaschutz net méi wäit wollte goen. Däitschland an aner Staaten hate géint méi éiergäizeg Ziler gestëmmt.

Regierungsparteien net op enger Linn
Wéi vill soll d'EU an der Steierpolitik matschwätzen? An dierf an Zukunft ee Land an deem Beräich iwwerstëmmt ginn? D'Wahlprogrammer weisen, dat et ënnerschiddlech Positiounen iwwer d'EU-Steierpolitik gëtt.

Portugal: Wirtschaftswonner op wackelege Been
Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. D'Land schéngt sech vun der Finanzkris ze erhuelen. D'Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert. E Reportage vum Maxi Pesch vu Lissabon.

D'Elefanteronn am Trammschapp
D'Parteikandidate goufen zum Klimaschutz, Digitaliséierung an Zukunft vun der EU befrot. Diskutéiert gouf an zwou Gruppe vu jee fënnef Kandidaten. Déi zéng Kandidate goufe per Lous gewielt.

D'EU net reforméieren, mee ofschafen
D'EU ass kee Friddensprojet, seet den Ali Ruckert. De KPL-President a Spëtzekandidat bei den Europawahle kritiséiert, datt Frankräich an Däitschland een "neo-koloniale Krich" a Mali géife féieren.

Klimapolitik an den EU-Wahlprogrammer
Eng Analys vu de klimapolitesche Mesuren an den Europawahlprogrammer vun den zéng Parteien, déi zu Lëtzebuerg bei den Europawahlen untrieden. Wat fir eng Klimapolitik proposéiere si fir Europa?

"Déi Konservativ kenneléieren"
Bei den Europawahle wëllen Déi Konservativ méi Stëmme kréie wéi bei de Chamberwahlen. Esou géif ee bestätegt kréien, déi richteg Politik ze maachen. E Wahlprogramm soll an den nächsten Deeg verëffentlecht ginn.

Den Ëmgang vun der EU mam Terrorismus
D'Lëscht vun de Stied, déi vum Terrorismus getraff goufen, ass laang. Wéi sinn d'EU-Kommissioun an d'Europaparlament an de leschte fënnef Joer mat dëser terroristescher Menace ëmgaangen?

Vu Bréissel aus gesinn
D'Cécile Ducourtieux (Le Monde), de Quentin Dickinson (Radio France), den Oliver Grimm (Die Presse) an d'Camille-Cerise Gessant (Agence Europe) diskutéieren iwwer d'Europawahlen.

Réckbléck op d'Wahlkampfwoch
Et sinn nach dräi Woche bis d'Europawahlen. Hei am Land kann een nach net wierklech vun engem Wahlkampf schwätzen, mengt d'Pia Oppel. Méi intensiv gouf just iwwer d'Wahlkampfspotten diskutéiert.

Déi "douce Manéier"
Den ALIA-President Thierry Hoscheit weist sech zefridden, datt RTL elo awer Wahlspotten op Franséisch diffuséiert. Aus dem Sträit wëllt d'Medienautoritéit eng Léier zéien.

Wat fir eng Partei passt am beschte bei mech?
D'Online-Instrument Smartwielen soll hëllefen, op déi Froen ze äntwere fir e méi bewosste Choix ze treffen. Wéi funktionéiert den Tool, wéi gouf en ausgeschafft a wat si seng Limitten?

Aktiv géint Populismus virgoen
De Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokrate seet, traditionell Parteie misste sech nach méi däitlech vun Nationalisten a Populisten distanzéieren. Andeems ee se kopéiert géif ee se stäerken, sou de Frans Timmermans.

Wéi positionéiert d'EU sech zur NATO?
D'EU hätt an de leschte Jore méi eegen Efforten a Saache Sécherheet a Verdeedegung gemaach. Dës Analys mécht den Dr. Henning Riecke vum Netzwierk Deutsche Gesellschaft für Auswärtige Politik.

Debatt tëschent fënnef europäesche Spëtzekandidaten
Als Optakt vun der waarmer Phas vum Europawahlkampf gouf d'Debatt annoncéiert, déi d'Universitéit vu Maastricht co-organiséiert huet. Verschidde Positioune waren an der Debatt awer net vertrueden.

Kee Wahlkampfofkommes bei den Europawahlen
Anescht wéi soss bei Wahlen hei am Land, gëtt et dëst Joer tëschent de Parteien keen Ofkommes, dat de Wahlkampf reegele soll. Keen hätt sech richteg derfir beméit, soen d'Parteien.

De verschiddene Suerge Rechnung droen
Nuancen tëschent dem Wahlmanifest vun der Europäescher Vollekspartei an de Programme vun hiren nationale Memberorganisatioune wieren normal. Dat seet d'Isabel Wiseler-Lima. D'Sensibilitéite wiere vu Land zu Land ënnerschiddlech.

D'Plaz vun Europa an enger multipolarer Welt
Déi multilateral Welt, an déi sech d'Aussepolitik vun der Europäescher Unioun abett, huet an de vergaangene fënnef Joer fundamental geännert. E Bilan mat zwee Politikwëssenschaftler.

Kichegespréicher iwwer Ëmweltschutz
An de Kichegspréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi mat an d'Europawahle ginn. D'Martine Kemp (CSV), de Christian Welter (Piratepartei) an d'Elise Nunes (KPL) schwätzen iwwer Ëmweltschutz.

Nei Fraktioun am EU-Parlament?
Déi däitsch Europadeputéiert Ulrike Trebesius hält et net fir onméiglech, datt sech no den Europawahlen eng grouss Fraktioun vun den Europa-skepteschen, nationalisteschen a rietspopulistesche Parteien am Europaparlament forméiert.

déi Lénk: Zil ass e Sëtz am EU-Parlament
déi Lénk wier prett fir no den Europawahlen e Vertrieder an dat Europäescht Parlament ze schécken. Dëse soll géint déi multinational Konzerner kämpfen a fir d'Interesse vun de Leit, seet d'Carole Thoma.

En digitale Bannemaart ouni Grenzen?
D'Schafe vun engem digitale Bannemaart, ouni Grenzen an ouni Hindernisser: dat war eng Prioritéit vun der Kommissioun vum Jean-Claude Juncker. Ass dat gelongen? Eng Aschätzung vun zwee Experten.

Schwieregkeete bei Zesummestellung vu Wahlbüroen
Well d'Europawahlen dëst Joer an d'Päischtvakanz falen, gouf et vereenzelt Problemer fir d'Wahlbüroen ze besetzen. Esou zum Beispill zu Ettelbréck, seet de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf.

D'Europäesch Traitée mussen a Fro gestallt ginn
D'Europäesch Unioun stécht an enger schwéierer Kris. Fir se ze retten, muss ee radikal Léisungen envisagéieren, seet den Emmanuel Maurel. Dozou gehéiert och, déi Europäesch Traitéen a Fro ze stellen.

Déi europäesch Institutioune reforméieren
D'EU-Kommissioun muss méi kleng, méi demokratesch legitiméiert a méi onofhängeg vun de Memberstaate ginn. Dat fuerdert déi liberal hollännesch Europadeputéiert Sophie in 't Veld.

Eng Majoritéit aus der Mëtt
De Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei seet, hie wéilt net mat rietspopulisteschen a rietsnationalistesche Parteien zesummeschaffen. Mat deene kéint een nämlech keen neit Europa opbauen.

Keng Allianz tëschent Liberalen an "en marche"
Et gouf vill iwwer eng Allianz vun de Liberalen an dem Macron senger LREM spekuléiert. Déi europäesch liberal Partei huet keng Membere vun LREM op hirer Lëscht. Et gëtt also net direkt ee gemeinsame Wahlkampf gemaach.

"Ech si vum Jean-Claude Juncker enttäuscht"
De belschen Europadeputéierte Philippe Lamberts hat 2014 am Europaparlament fir de Jean-Claude Juncker gestëmmt, mee géint seng Kommissioun. Hie weist sech awer enttäuscht vum Lëtzebuerger.

Wie kandidéiert fir d'Europaparlament?
60 Kandidate vun zéng Parteien trieden de 26. Mee bei den Europawahlen hei am Land un. Den Delai fir d'Lëschten ze deposéieren ass ofgelaf. Eng Analys vun de Kandidaten.

VOLT hëlt un Europawahl deel
Déi pan-europäesch Partei Volt huet déi 250 Ënnerschrëften zesumme fir kënnen un den Europawahlen de 26. Mee deelzehuelen. Dat sot eis de President vu Volt Lëtzebuerg, George Penn.

LSAP heescht Kandidate gutt
D'LSAP geet mat enger duebeler Spëtzt an d'Wahlen. De Schwéierpunkt vum Wahlmanifest läit op soziale Rechter an dem Klimaschutz. D'Kandidatelëscht gouf mat 90 Prozent vun de Stëmmen ugeholl.

Véier Parteikongresser iwwer de Weekend
Véier Parteien haten hire Kongress fir d'Europawahlen. DP, déi gréng, ADR an déi Lénk hunn hir Kandidaten an hire Wahlprogramm virgestallt. D'ADR presentéiert hire Programm ee Mount virun de Wahlen.

VOLT: Eng nei Partei bei den Europawahlen
Déi pro-europäesch Partei Volt Europa wëllt och zu Lëtzebuerg mat enger Lëscht bei den Europawalen untrieden. Nach huet si déi 250 Ënnerschrëften net zesummen, fir kënnen un de Wahlen deelzehuelen.

23.000 EU-Auslänner hu sech ageschriwwen
Ronn 12 Prozent vun den EU-Auslänner hu sech fir d'Europawahlen am Mee ageschriwwen. Deen Taux ass am Verglach mat 2014 konstant bliwwen. Vill Leit hunn och d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Viviane Reding kandidéiert net fir d'Europaparlament
D'Viviane Reding kandidéiert net bei den Europawahlen: si wier net un enger Kandidatur interesséiert, huet déi 67 Joer al Chamber-Deputéiert dem radio 100,7 op Nofro hi matgedeelt.

D'Bedeelegung vun den Auslänner bei de Gemengen- an Europawahlen
Wat huet d'auslännesch Matbierger motivéiert, sech 2017 fir d'Gemengewahlen op d'Wielerlëschten anzedroen? A firwat sollte si dat och fir d'Europawahle maachen? E Fräie Mikro vum Michel Pauly.

Marc Spautz kandidéiert net fir Europawahlen
De Marc Spautz wäert net bei den Europawahle kandidéieren, obwuel hie vu senger Partei fir eng Kandidatur gefrot gi wier. Hie wéilt sech op säi Mandat als Deputéierten an der Chamber konzentréieren.

Europa-Wahlen: Rietsruck en vue?
Riets-populistesch Parteien kéinten bei de nächsten Europawahlen gestäerkt ginn an d'Aarbecht am nächsten Europaparlament méi schwéier maachen. Och déi nächst EU-Kommissioun kéint anescht opgestallt sinn.