De Grand-Duc Jean
Nodeems dem Grand-Duc Jean säin Zoustand sech kuerzzäiteg verbessert hat, koum d'Noriicht vum Haff, datt et him e Samschdeg den Owend erëm méi schlecht gaangen ass. E Méindeg de Moie koum dunn déi traureg Noriicht, datt de Grand-Duc Jean gestuerwen ass.


Temoignagë vum Staatsbegriefnes
Vill Leit si fir d'Staatsbegriefnes vum Grand-Duc Jean an d'Stad komm. Ënner hinne ware vill Lëtzebuerger, mee och ganz vill auslännesch Bierger. Mir hunn Andréck gesammelt.

Lëtzebuerg huet Äddi gesot
Vill Bierger, offiziell Vertrieder aus Politik a Gesellschaft sou wéi Vertrieder vu Kinnekshaiser hunn dem verstuerwene Grand-Duc Jean déi lescht Éier erwisen. Bis haut den Owend gëllt eng Staatstrauer.

De Guy Aach iwwer d'Roll vum Grand-Duc Jean als Scout-Chef
De fréiere Commissaire Général vun der FNEL huet de Grand-Duc Jean a senger Funktioun als Scout-Chef dacks begéint. Hien erënnert sech u ganz speziell Amenter, déi hie mam Grand-Duc Jean erliewe konnt.

E Liewen am Déngscht vum Land
Den Documentaire "Jean, Grand Duc vu Lëtzebuerg" retracéiert d'Liewe vum Grand-Duc Jean, deen d'Land tëschent 1964 an 2000 regéiert huet. D'Martine Reuter huet sech mat engem vun den zwee Realisateuren ënnerhalen.

Eng Identifikatiounsfigur
De Grand-Duc Jean war eng Perséinlechkeet, déi ville Leit um Häerz louch, seet den Historiker Gilles Genot. Hie wier eng Perséinlechkeet gewiescht, déi d'Populatioun hiert Liewe laang begleet huet, Hoffnung ginn huet.

De Pierre Dillenburg erënnert sech un de Grand-Duc Jean
De Pierre Dillenburg huet de Grand-Duc Jean a villen Amenter begleet a beroden. Fir hien war de verstuerwenen Monarch ee regelrechten Gentleman, dee wosst, wat Diskretioun heescht.

Erënnerunge vum Jim Schmitz un de Grand-Duc Jean
De Jim Schmitz huet hei zu Lëtzebuerg villes fir d'Natur an den Ëmweltschutz un d'Rulle bruecht. Hie war awer och vill mat dem Grand-Duc Jean op der Rul uechter d'ganzt Land.

Erënnerunge vum Guy De Muyser un de Grand-Duc Jean
De Guy De Muyser huet a senger Funktioun als Kabinett-Chef a Maréchal de la Cour de Grand-Duc Jean als Mënsch an als Staatschef kennegeléiert. Eng Zesummenaarbecht, déi iwwer Jore mat vill Respekt a Bewonnerung geklappt huet.

Fëschbech, d'Residenz vum Grand-Duc Jean
D'Gemeng, an där de verstuerwene Grand-Duc Jean déi leschte 17 Joer gelieft huet, ass an Trauer. De Maurice Antony huet sech mam aktuelle Buergermeeschter Frank Daems ënnerhalen.

De Grand-Duc Jean a seng Passioun fir d'Natur
"De Grand-Duc Jean huet d'Natur gutt kannt", esou de Franz-Charles Muller, fréiere President vun der Fondatioun Natur an Ëmwelt a studéierte Forstingenieur. E Bléck op de verstuerwene Grand-Duc a säi besonnesche Lien zur Natur.

Guiden a Scouten um Dag vun der Bäisetzung
Mam Doud vum fréiere Grand-Duc wier net nëmmen en aussergewéinleche Mënsch vun eis gaangen, mee och de Chefscout vun de Scouten zu Lëtzebuerg. Dat seet den Yves Marchi, Commissaire général adjoint vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

Vill Leit hunn Äddi gesot
Fir dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier ze erweisen, sinn d'Leit an d'Chapelle Ardente vum Palais komm, bei de Sarg mam Grand-Duc senger opgeboerter Läich.

Vill Leit hunn Äddi gesot
Fir dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier ze erweisen, sinn d'Leit an d'Chapelle Ardente vum Palais komm, bei de Sarg mam Grand-Duc senger opgeboerter Läich.

Den Doud vum Grand-Duc Jean an de Budget
Den Doud vum Grand-Duc Jean an d'Budgetsdebatten an der Chamber stoungen dës Woch am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit. D'CSV huet do ëmmer nees ënnerstrach, d'Regierung géif net genuch fir d'"Wuelbefanne" vun de Bierger maachen.

De Grand-Duc Jean a seng institutionell Roll
De Grand-Duc Jean huet d'Institutioune respektéiert, domat huet hien d'Monarchie gestäerkt. Säi militäreschen Asaz am Zweete Weltkrich huet spéider Allianze beaflosst. E Portrait vum Staatschef.

Momenter am Liewe vum Grand-Duc Jean
Vun 1964 bis 2000 stoung de Grand-Duc Jean un der Spëtzt vum Land. Ee Réckbléck op dës an aner Momenter am Liewe vum fréiere Lëtzebuerger Staatschef.

D'Staatsbegriefnes ass de 4. Mee an der Kathedral
D'Staatsbegriefnes ass de 4. Mee um 11 Auer an der Kathedral. Um 10 Auer kënnt de Regierungsrot beienee fir d'Detailer fir déi nächst Deeg ze klären.

"E ganz léiwe Mënsch"
De Premierminister Xavier Bettel mécht de Moien um 9 Auer eng Deklaratioun iwwer den Doud vum Grand-Duc Jean. Mir hunn éischt Reaktiounen agesammelt.

De Grand-Duc Jean ass gestuerwen
De Grand-Duc Jean ass dout: de fréiere Lëtzebuerger Staatschef ass en Dënschdeg de Moien am Alter vun 98 Joer gestuerwen. Virlescht Woch ass hie mat enger Longenentzündung an d'Spidol bruecht ginn.