Gesondheet Coronavirus
Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesure gi geholl a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Deen neie Coronavirus iwwerdréit sech iwwer iwwer kleng Drëpsen an der Loft, also wann eng infizéiert Persoun néitst oder houscht. Wärend e puer Stonne bléift de Virus dann op Objeten a Surfacen an der direkter Ëmgéigend bestoen.
Fir sech virun enger Infektioun ze schützen, schreift de Gesondheetsministère, soll ee sech reegelméisseg wärend 20 bis 30 Sekonne mat Seef d'Hänn wäschen. Et soll een och evitéiere sech am Gesiicht ze beréieren a sech d'Hand oder Beesen ze ginn. Mat Leit, déi d'Krankheet hunn, sollt ee physesche Kontakt evitéieren an eng Distanz vun zwee Meter anhalen.
Leit déi krank sinn an an de leschte Wochen an de Risikogebidder waren, sollen doheem bleiwen an net schaffe goen. Et sollt een dann och net bei den Dokter oder an d'Klinik goen, fir ze vermeiden aner Persounen unzestiechen.
Et ginn dräi Haaptsymptomer, déi op eng méiglech Infektioun hiweise kënnen, wouvunner een der wéinstens zwee vun dräi zesumme misst hunn, esou den Direkter vun der Santé.
- Houscht
- Féiwer (et gëtt quasi kee Fall ouni Féiwer, esou d'Santé)
- Otemnout
Weider Informatioune fënnt een um Internetsite vun der Santé.

"Dat ka keen eleng packen"
"D'Situatioun am Secteur ass eescht", dat see de Charel Schroeder, President vun der LEA, der Associatioun vun de Betriber, déi am Eventberäich schaffen. Den Interessevertrieder vun enge 75 Betriber hofft elo op weider staatlech Hëllefen.

Wou ass d'Sich no engem Impfstoff géint de Coronavirus drun?
D'Sich no engem Impfstoff géint de Coronavirus leeft weltwäit op Héichtouren. Den Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine rechent domat, datt éischt Resultater iwwer d'Wierksamkeet vu verschiddene Stoffer Enn 2020 virleien.

COSL frou iwwer d'Ewechfale vu Restriktiounen
De Comité Olympique begréisst, datt mam neie Covid-Gesetz all Restriktioune fir de Sport fir d'Athleeten ewech falen, sou de COSL-President André Hoffmann. D'Coronakris huet de ganze Sportsbetrib wochelaang un d'Hale bruecht.

"De Virus zirkuléiert nees"
D'Zuele sinn déi lescht Woch méi "spronghaft" eropgaangen, esou de Premier an d'Gesondheetsministerin haut virun der Press. Fir datt d'Efforten an de leschte Méint net ëmsoss waren, sollen an Zukunft och bei privaten Evenementer mat méi wéi 20 Leit legal Obligatioune gëllen.

Ouni Beachbubbles, mee mat gesondem Mënscheverstand
Déi belsch Gemeng Knokke preparéiert sech op eng ganz ongewéinlech Touristesaison an der Belsch während der Corona-Kris a wëllt dobäi d'Leit méi sensibiliséieren wéi kontrolléieren.

LCGB fuerdert Konzept fir d'Leit an der Beschäftegung ze halen
Den LCGB kritiséiert d'Decisioun vun der Regierung, fir de Betriber d'Méiglechkeet ze ginn bis zu engem Véierels vun hirem Personal ze entloossen, ouni den Usproch op déi staatlech Krisen-Hëllefen ze verléieren.

Ethikrot: Regierung sollt Asaz vun Tracking-App wéinstens consideréieren
D'Regierung sollt den Asaz vun enger sougenannter Tracking-App géint d'Verbreedung vum Coronavirus op d'mannst consideréieren. Zu där Conclusioun kënnt déi national Ethikkommissioun an engem Avis.

D'Grondschoul wéi nach ni virdrun
D'Grondschoul huet de Méindeg hir Dieren no zéng Woche Confinement nees opgemaach. Wochelaang ass an de Gemenge geschafft gi fir déi sanitär Reegelen och an de Schoulen ëmzesetzen.

"Ni méi zoue Grenzen"
Fir de Coronavirus ofzebremsen hunn eng ganz Partie EU-Memberstaaten hir Grenzen zougemaach. Dat bedauert d'Coordinatrice vum interregionalen Observatoire vum Aarbechtsmaart vun der Groussregioun am Fräie Mikro.

D'Grenze vun der digitaler Uni
D'Lëtzebuerger Studenten hu vill Froen iwwer hir Coursen, déi si nëmmen zum Deel kënne weiderféieren. Anerer hunn hiren Niewenjob verluer a geroden a finanziell Schwieregkeeten. D'Carole Schimmer huet sech bei Studenten ëmfrot.

Grouss Gewerkschafte fuerderen an d'Krisepolitik agebonnen ze ginn
Bréiwer géifen net beäntwert, Fuerderunge fir eng Tripartite anzeberuffen, ignoréiert. Déi dräi grouss Gewerkschafte fuerderen ënner anerem fir vun der Regierung beim Ausschaffe vun enger Exit-Strategie agebonnen ze ginn.

D'Sécherheet kënnt virum Danzen
D'Commercen dierfen erëm fir de Public opmaachen, Danzschoule wéi déi vun der Sara Eden mussen nach zou bleiwen. Nodeems hir Danzschoul elo zwee Méint zou ass mierkt een, datt et der Patronne lues awer sécher un d'Substanz geet.

"Eng Drëps op de waarme Steen"
D'Independanten hätten e Gesamtpak un Hëllefe vermësst, fir si an hirer spezifescher Noutsituatioun ze ënnerstëtzen, seet d'Alexa Ballmann, Presidentin vun der ASBL Jonk Handwierk. D'Mesurë vun der Regierung géifen nach net duergoen.

Am Wäissen Haus mécht de Coronavirus sech breet
Och am Wäissen Haus gëtt et ëmmer méi positiv Covid-19-Fäll. Vill Membere vun der Coronavirus Cellule de crise hunn entscheet sech elo fir zwou Wochen ze isoléieren. Och de Vize-President Mike Pence geet elo mol net méi an d'Wäisst Haus.

Masken, Buffen, Foularden a Schalen
Masken an aner Forme vu Mundschutz spillen an der Covid-19-Kris eng essentiell Roll beim Deconfinement an dem Wee zeréck an d'Normalitéit. Mee wéi geet ee richteg ëm mat Masken, Buffen, Schalen a Foularden?

Soziolog: "Keng gutt Iddi d'Hamsterrieder nees unzewerfen"
Den däitsche Soziolog Hartmut Rosa gesäit de Lockdown als "e risegt Experiment fir eis Gesellschaft". Dat kéint ënner anerem dozou féieren, datt d'Klimapolitik méi ambitiéis gëtt.

Dem Donald Trump seng deeglech Pressekonferenzen
Den Donald Trump benotzt déi deeglech Pressekonferenzen zum Theema Coronavirus fir dacks absurd nei Theorien ze verbreeden. Soll een op den Trump lauschteren, freet eise Washington-Korrespondent Philip Crowther.

Éischt Simulatioune fir de Verlaf vun der Pandemie
Fuerscher hu berechent, wéi vill Infektiounen, Intensivpatienten an Doudesfäll ze erwaarde sinn - wann een de Lockdown bäibehält oder ophieft, respektiv wa just d'Chantieren nees opginn.

"E schlechten Arrangement ass ëmmer besser wéi e gudde Prozess"
Fir d'Käschte vun den zousätzlechen Hygiènesmesuren op de Chantieren ze decken, hat eng Bauentreprise hire Clienten Avenante geschéckt. Wéi eng Rechter hunn d'Consommateuren an esou engem Fall, a wéi eng Rechter hunn d'Bauentreprisen?

Wichteg, datt d'Masken den Normen entspriechen
D'Liwwer-Engpäss bei Maske wieren nach net komplett iwwerwonnen, mee de Marché géif erëm funktionéieren. Dat confirméiert den Direkter vun der Santé. Et wier wichteg, datt d'Qualitéit vun de Masken den Normen entsprécht.

"Europa huet eis hei vergiess"
De Coronavirus mécht d'Grenzen an Europa zou. Flüchtlinge si besonnesch haart getraff. En Abléck an den Alldag vu Flüchtlingen an de Benevollen a Frankräich a Griichenland.

Mëttelstandsminister: Nei Hëllefe vun nächster Woch un
Am Laf vun der nächster Woch fënnt een op Guichet.lu déi elektronesch Formulairë fir nei Aiden unzefroen, déi de Regierungsrot de Mëttwoch fir kleng Entreprisen decidéiert huet, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles.

Patronat: "D'Finanzhëllefe vun der Regierung ginn net duer"
De President vun der Union des Entreprises fuerdert weider net remboursabel Direkthëllefe fir d'Betriber. Besonnesch d'Handwierk, de Commerce, d'Restauratioun an den Tourismussecteur bräichten elo nei Hëllefen, esou den Nicolas Buck.

"Wéi laang packe mir dat nach?"
Och no der Annonce d'lescht Woch vun éischten Entschäerfungsmoossname vum Confinement bleiwen eng ganz Partie Betriber weider zou. Wat bedeit dat fir si? A wéi si si bis elo duerch d'Kris komm?

Science Wars
D'Corona-Kris ass Ursprong vu ville kontradiktoreschen Informatiounen. Och d'Wëssenschafte schénge keen einfache Wee do eraus ze weisen, mengt de Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

Falsch Informatiounen an Zäite vu Covid-19
An Zäite vu Covid-19 sinn am Internet vill Falschinformatiounen ënnerwee. Den Zentrum fir politesch Bildung wëllt mat enger Web-Applikatioun dobäi hëllefen, Informatioun vu Manipulatioun ze trennen.

Exit-Strategie: gemëschte Reaktioune vun der Oppositioun
Datt d'Regierung elo eng Exit-Strategie aus de Krisemoossname virgestallt huet, wier de richtege Wee, esou d'Vertrieder vun der Oppositioun. Zum Deel gi sech awer nach Froe gestallt.

"Mir hu Chance, datt mir net vu Corona-Patienten iwwerschwemmt goufen"
Mir begleeden d'Anne Bellaigue, d'Coordinatrice vun de Soinen am Spidol um Kierchbierg, eng vun de véier Klinicken, déi Corona-Patiente behandelen. Mir kruten en Abléck an de Beruffsalldag am Spidol.

Eng leschte Kéier Äddi soen iwwer Skype
Covid-19 Kranker am Spidol hu kee physesche Kontakt méi mat hire Famillen. Och déi eventuell lescht Momenter zesumme si just nach virtuell méiglech, et kann ee sech net physesch Äddi soen.

D'Wëssenschaft ënner Drock
Et ginn nach keng kloer Erkenntnisser, wéi een de Confinement am Beschte kéint lackeren, ouni eng zweet grouss Well vun Infektiounen auszeléisen, mengt den Infektiolog Michel Pletschette.

"Et muss ee sech eppes afale loossen"
Vill kleng a mëttelstänneg Betriber sti wéinst den Auswierkunge vun der Coronavirus-Pandemie viru groussen Erausfuerderungen. Wéi iwwerbrécke kleng a mëttelstänneg Betriber d'Krisenzäit? Mir hu bei zwee betraffe Patronen nogefrot.

Schutzblusen amplaz Männerkostümer
Wéinst der grousser Demande fir Schutzkleedung lafe lokal Produktiounen un, déi an normalen Zäiten ni konkurrenzfäeg wieren. Zum Beispill d'Produktioun vu Schutzblusen zu Uewerkäerjeng.

Caritas: "Sozialhëllef fir Leit, déi nach ni domat confrontéiert waren"
D'Caritas fäert, datt duerch d'Wirtschaftskris an den nächste Méint méi Leit kéinten op sozial Hëllefen ugewise sinn. Zum Beispill Leit, déi duerch de Chômage partiel elo just nach 80 Prozent vun hirem Loun kréien, seet d'Marie-Josée Jacobs.

EU bleift gespléckt iwwer Corona-Bonds
Wéi soll d'EU ekonomesch op d'Corona-Kris reagéieren? Doriwwer ginn d'Meenungen auserneen. Fir Sträit suergen déi sougenannte Corona-Bonds. Fir déi eng een Zeeche vu Solidaritéit, fir déi aner een ze grousse Risiko.

Gëtt et e Liewen nom Corona?
Wat kann déi Kris, déi mer am Moment duerchliewen fir eis Zukunft bedeiten? De Gilles Retter versicht, fir dat, wat mer de Moment duerch déi weltwäit Coronavirus-Pandemie erliewen a Wierder ze faassen.

De Centre de soins avancés an der Däichhal
Véier regional Centres de soins avancés ginn et uechter d'Land mat enger maximaler Capacitéit vun am Ganze 2.600 Patiente pro Dag. De Serge Kesseler hat d'Geleeënheet sech ee Centre unzekucken.

OGBL: "Net ubruecht elo iwwer de Congé collectif ze schwätzen"
"Mir verstinn absolut net, wéi een an dësen Zäite vun der Summervakanz ka schwätzen", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back. Och wa vill Leit am Moment net schaffe ginn, wier dat kee Congé.

Zoue Grenzen: Gëtt et eng Spargelzäit ouni Spargelen?
Geschwënn ass Spargelzäit, mee et ass nach net kloer, ob et dëst Joer vill Spargele wäert ginn. Vill EU-Länner maachen zanter Kuerzem nees Grenzkontrolle fir d'Corona-Pandemie anzedämmen. Dat mécht et méi schwéier Uebst a Geméis ze produzéieren.

Lëtzebuerger Recherche ass gutt opgestallt
D'Recherche zu Lëtzebuerg kéint all déi relevant Aspekter vun der aktueller Corona-Kris ofdecken, seet de Paul Wilmes. De Mikrobiolog ass ee vun de Responsabele vun enger neier Corona-Task-Force, déi d'Aarbecht vu 14 Aarbechtsgruppe koordinéiert.

"Et ass eng Ausnamesituatioun"
Eng 350 Frontalieren aus dem Spidols- a Fleegesecteur ginn an Hotellen am Land logéiert. Wéi hunn dës sech op déi aktuell Situatioun ëmgestallt? D'Rahel Könen huet bei zwee Hotellen nogefrot.

Déi aner Kris
Alles dréit sech ëm Corona. Am Südoste vun Europa spillt sech awer weiderhin e ganz anert Drama of. Zanter dem Ufank vum Joer koume ronn 7.000 Mënschen a Griichenland un.

"Fir d'Leit do sinn" - an der Kris an duerno
Wat geschitt mat Leit ouni Krankeversécherung, déi medezinesch Hëllef brauchen? Médecins du Monde betreit esou Patiente dat ganzt Joer iwwer - och elo an der Coronavirus-Pandemie.

"Mir huelen dat extrem seriö"
Fënnef Deeg no der Rebellioun am Prisong wier d'Situatioun nach ëmmer ugespaant, seet d'Sam Tanson. Et wier wichteg ze assuréieren, datt de Virus net an de Prisong kënnt, ënnersträicht d'Justizministerin.

"Mir si voll funktiounsfäeg"
D'Justiz hat sech séier op d'Kris preparéiert, seet de Procureur général d'état adjoint Jeannot Nies. Et hätt ee sech um Ausland inspiréiert fir en Plan de Maintien de service opzestellen.

"Frou fir all Patient, deen ausgeflu gëtt"
Um Limitt vum Personal a vum Material. Dat ass d'Situatioun den Ament ënner anerem a Spideeler zu Colmar, Mulhouse a Metz. Dofir huet d'Air Rescue Covid-19-Patienten vun do op Lëtzebuerg an op Hamburg bruecht.

Teenager at risk
Grad fir Teenager ass et schwéier auszehalen, datt si elo wéinst der Corona-Pandemie doheem musse bleiwen, mengt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten.

Recommandatiounen, keng Virschrëften
Den Donald Trump annoncéiert, datt d'Amerikaner sech solle bis den 30. Abrëll géint de Coronavirus isoléieren. Et kéint zu 100.000 bis 200.000 Doudesfäll kommen, den Héichpunkt gëtt an zwou Wochen erwaart.

Krisekommunikatioun: Virbild Holland
An Holland gi se anescht un d'Coronakris erun, wéi an deene meeschten anere Länner. Dat stéisst op wéineg Versteesdemech an Europa. An Holland dogéint si se optimistesch. E Kommentar vum Claudia Hansen.

Online-Plattform fir Teleconsultatiounen ass operationell
Zanter Donneschdeg ass eng nei Online-Plattform operationell, déi Teleconsultatiounen tëschent Patient an Dokter erméiglecht. Esou soll erméiglecht ginn, datt weder de Patient nach den Dokter sech mussen deplacéieren.

"De Virus gëtt net un der Grenz besiegt, mee bannent de Grenzen"
"D'Politik an deene meeschte Länner léiert näischt bäi." Esou reagéiert de Robert Goebbels dorop, datt verschidde Regierungen d'Grenze wéinst dem Coronavirus zougemaach hunn.

Gesondheet viru Wirtschaft
An dësen Deeg schliddert eist Land zesumme mat villen aneren an eng beispilllos Katastroph. Wéi laang kënne mir der Gesondheet Prioritéit loossen? Dat freet sech de Jean-Jacques Rommes.

"Et ass schonn eng grouss Pressioun"
Fir besser Prognosen ze maache sinn nei Tester néideg, seet de Pneumolog Dr. Marc Schlesser an hofft, datt dës Tester, déi d'Antikierper vum Virus am Blutt noweisen, geschwënn do sinn.

"Et dierf ee sech net ze geckeg maachen"
De Psycholog Marc Stein réit de Leit, sech selwer eng gewëss Disziplin opzëerleeën. Et kéint ee sech roueg zwee-, dräimol den Dag iwwer d'Corona-Kris informéieren. Duerno sollt ee bewosst ofschalten.

Aarbechtsminister: "Iwwer 6.000 Betriber hu Chômage partiel ugefrot"
Iwwer 6.000 Betriber hu mëttlerweil eng Demande fir Chômage partiel bei der ADEM agereecht, seet den Aarbechtsminister Dan Kersch. Hie rechent domat, datt dee Chiffer nach weider klëmmt.

"Encourageant" Entwécklung vun den Infektiounszuelen
Grondsätzlech wieren déi confirméiert Infektiounsfäll net sou aussokräfteg wéi d'Zuel vun den hospitaliséierte Leit. Dat seet den Epidemiolog Joël Mossong vum Staatslabo. Bei den Infektiounszuele wier d'Donkelziffer iwwerdeems immens héich.

Union des Propriétaires: Momentan nach net op Loyere verzichten
D'Unioun vun de Proprietäre recommandéiert hire Memberen den Ament nach net, an der Corona-Kris op Loyeren ze verzichten. Dat seet hire President Georges Krieger am 100,7 Interview.

Pressekonferenz: Taina Bofferding
Um 9h30 trëtt d'Inneministerin Taina Bofferding virun d'Press fir de Point ze maachen iwwer d'zivil Sécherheet an de Fonctionnement vun de Gemengen. Mir iwwerdroen d'Pressekonferenz live.

Apdikten: "Et ass genuch Paracetamol do"
Et géife keng Liwwerengpäss beim Paracetamol ginn, seet den Alain de Bourcy, egal, wéi vill d'Leit kafen. Et géif kee Grond fir Hamsterkeef ginn, esou de President vum Apdiktersyndikat.

Independanten a kleng Commercen: "Et geet net méi laang"
Vill Independanten a kleng Commercë maache sech den Ament eescht Suergen, datt si dës Kris finanziell net wäerten iwwerliewen. Mir hu mat e puer Independanten iwwer hir Situatioun, hir Suergen an hir Ängscht geschwat.

"Mir sinn um experimentéieren"
Zanter enger Woch sinn d'Schoulen uechtert d'Land wéinst der Coronavirus-Pandemie zou. Ënner dem Motto Homeschooling geet de Schoulprogramm awer virun. Wéi ass déi Ëmstellung verlaf?

Covid-19: MSF ënnerstëtzt d'Dokteren um Terrain
Am Kampf géint den Coronavirus wëllt d'ONG Medecins sans frontières d'Leit um Terrain uechtert d'Welt, esou gutt et geet, ënnerstëtzen. Vu Lëtzebuerg aus wier awer kee Personal aktiv, seet de Christophe Hebting.

D'Aarbecht an de Maisons médicales: "Learning by doing"
D'Anne-Marie Hanff ass ausgebilten Infirmière a si huet sech fräiwëlleg gemellt, fir an den neie Maisons médicales ze schaffen. Ronn fënnef Leit maachen an hirem Zentrum Tester op de Coronavirus.

D'Corona-Spidol beim CHL hëlt Form un
Um Site vum Stater Centre Hospitalier gëtt elo ee provisorescht Zelt opgeriicht, mat Plaz fir 100 Better, wou Patienten och kënne beotemt ginn. Dëst a Kooperatioun mat der NATO-Agence NSPA, déi hire Sëtz hei am Land huet.

Ee Stabiliséierungspak fir d'Ekonomie
D'Regierung lancéiert e koherenten a substantielle Pak fir déi national Ekonomie ze stäipen, esou de Franz Fayot. De "Covid19-Stabiliséierungspak" géif sech net just op een Domän limitéieren.

Corona: "Gewalteg finanziell Perte" fir d'Luxair
"Menger perséinlecher Meenung no wäerte mer eréischt am Juni erëm ufänke mat fléien." Dat seet de Luxair-Generaldirekter Adrien Ney. Luxair-Tours mécht muer Samschdeg an de Sonndeg hir lescht regulär Flich.

"Mir wëllen net op de Wee goen, fir e komplette Shutdown ze decidéieren"
D'Police huet den Donneschdeg méi intensiv kontrolléiert, seet de Minister Bausch. Wann d'Leit sech net géifen un d'Spillreegelen halen, misste weider Mesuren decidéiert ginn, sou de Vizepremier.

Handwierk: Chomage partiel fir iwwer 70.000 Leit erwaart
D'Krisemesurë sinn dem Michel Reckinger no net prezis genuch fir d'Handwierksbetriber. 80.000 Leit schaffen am Secteur. Hie géif dovun ausgoen, datt nach 4.000 Leit fir Urgencë wäerte schaffen déi nächst Wochen. D'Handwierker fuerdere finanziell Ënnerstëtzung.

Anouk Wagener: "Schauspiller solle sech wieren"
D'Schauspillerin Anouk Wagener gouf ëmbesat, well si wéinst der Coronavirus-Pandemie net méi prouwe wëllt. Hir Ekipp prouft elo ouni si virun. D'Schauspillerin hält dat fir e Feeler.

Tango: "Kënnen déi gréisser Volumme bewältegen"
D'Internet Infrastrukture wieren zu Lëtzebuerg den Ament net duerch d'Covid-19 Kris iwwerlaascht, sou Acteuren aus dem Secteur. De Premierminister schwätzt vun enger bal iwwerfuerderter Infrastruktur.

"D'Reegel ass, datt een doheem ass"
De Premierminister Xavier Bettel huet méi streng Mesurë wéinst der Corona-Kris annoncéiert. Leit, déi onnéideg Deplacementer maachen, sollen an Zukunft bestrooft ginn. D'Schoule bleiwe bis op Weideres zou.

Video: Pressekonferenz vum Premierminister
Um 18 Auer ass eng Pressekonferenz vum Xavier Bettel fir iwwer d'Aarbechten haut am Regierungsrot z'informéieren. Suivéiert d'Pressekonferenz live am Video.

Coronavirus an der Groussregioun
Och an den Nopeschlänner vu Lëtzebuerg mussen d'Leit hir Mouvementer an Aktivitéiten op e Minimum reduzéieren. E puer Journalisten aus der Groussregioun goufen eis hir Temoignagen.

Corps Médical: Voll Konzentratioun op d'Corona-Pandemie
Wéinst der Corona-Pandemie reduzéieren d'Dokteren hir programméiert Consultatiounen an hire Cabineten. Dat erkläert den Dr. Philippe Wilmes, AMMD-Vizepresident am 100,7-Interview.

"Keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen"
Et wier ee confiant, datt een de Virus meeschter gëtt, esou de Romain Nati am 100,7-Interview. Et géif beim Personal eng "Kampfbereetschaft" am Gesondheetssecteur ginn. Jiddweree misst säin Deel dozou bäidroen, fir d'Verbreedung vum Virus ze bremsen.

"Gréissten Deel vun de Bierger hale sech net un den Arreté"
Vill Bierger géife sech den Ament net un d'Recommandatioune vun der Regierung halen, seet de Pascal Ricquier, President vun der Police-Gewerkschaft. Fir dëse Verstéiss besser entgéint ze wierken, fuerdert d'Police méi effikass Moyenen.

"Keng Saach vun Angscht, mee vu vernünftegem Virgoen"
Et wier ee confiant, datt een de Virus meeschter gëtt, esou de Romain Nati am 100,7-Interview. Et géif beim Personal eng "Kampfbereetschaft" am Gesondheetssecteur ginn. Jiddweree misst säin Deel dozou bäidroen, fir d'Verbreedung vum Virus ze bremsen.

De Staatslabo ka maximal 250 Tester pro Dag maachen
Den Direkter vum Staatslabo LNS Friedrich Mühlschlegel fënnt et net falsch, datt hei zu Lëtzebuerg net breet op de Coronavirus getest gëtt. D'Testcapacitéiten am LNS géifen awer weider ausgebaut ginn.

De Betriber ënner d'Äerm gräifen
Télétravail, Deelzäitaarbecht a Fermeturen: d'Lëtzebuerger Betriber leiden ënner der Corona-Pandemie a musse sech upassen. D'Regierung huet Mesuren annoncéiert, fir de Betriber ze hëllefen.

Gesondheetsministerin huet ganz wäitreechend Pouvoiren
D'Gesetz vum 25. Mäerz 1885 gesäit vir, datt de Regierungsmember, dee fir de "Service sanitaire" zoustänneg ass, déi néideg Arrête kann huelen, fir d'Invasioun an d'Propagatioun vun enger Epidemie ze verhënneren.

"Mir mussen Zäit hunn"
Eng Course "contre la montre". Sou beschreift de President vun der Spidolsfederatioun d'Coronapandemie. Fir datt de Gesondheetssystem net iwwerlaascht gëtt, wier et wichteg Zäit ze gewannen, seet de Paul Junck.

"Probéieren alles fir eise Gesondheetssecteur esou staark wéi méiglech ze maachen"
Et misst séchergestallt ginn, datt alles dat, wat néideg ass, weider fonctionnéiert, fir datt d'Gesellschaft ka fonctionnéieren. Si widderhëllt hiren Appell un déi vulnerabel Leit fir sou wäit wéi méiglech doheem ze bleiwen.

Claude Meisch: Appell vun de Spideeler héieren
D'Regierung hätt den Appell vun Experten héieren. Esou dem Claude Meisch seng Äntwert op eng Ausso vum Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman. Dësen hat gëschter drop higewisen, datt et kéint enk ginn, wa vill vu senge Mataarbechter Congé pour raisons familiales huelen.

Virolog: "Masken hëllefen de Virus anzedämmen"
De Viren-Expert Claude Muller méngt, Schutzmasken kéinten dozou bäidroen, den neie Coronavirus an de Grëff ze kréien. Hie reit Leit, déi mat villen aneren a Kontakt sinn, esou eng Mask unzedoen.

"Een bis annerhalleft Quartal keen Ëmsaz"
D'Ofso vun de ville Concerte bedeit eng schwéier Zäit fir all déi, déi vun dëser Branche ofhängeg sinn. Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt de Produzent Marco Battistella en Abléck a seng Situatioun.

Supermarchéen: Op d'mannst fir zwou Woche Stock
D'Supermarchéën hu fir den Ament kee Problem mam Approvisionnement, seet den Direkter vun der Handelskonfederatioun Nicolas Henckes am 100,7-Interview: "Mir hu keng Enkpäss a viraussiichtlech wäerte mer och keng hunn".

Schoule bleiwe fir zwou Wochen zou
D'Schoule solle vum 16. bis den 29. Mäerz zoubleiwen, huet de Xavier Bettel annoncéiert. Zu Lëtzebuerg ginn et 26 confirméiert Fäll vum Coronavirus. Et solle just nach Leit mat Komplikatioune getest ginn.

Italien: E Land am Ausnamezoustand
An Italien hu sech iwwer 12.000 Mënsche mam neie Coronavirus infizéiert, 930 Persoune sinn dru gestuerwen. Fir deem entgéintzewierken huet déi italienesch Regierung dat ganzt Land a Quarantän gesat.

Post-Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert
Déi concernéiert Persoun géif net hei am Land wunnen a si géif bei der Post an engem administrative Service schaffen, deen net a Kontakt mat Clientë wier. Dat seet d'Post-Direktioun op Nofro hinn.

Santé: 12 nei Infektioune mam neie Coronavirus zu Lëtzebuerg
Domat läit d'Zuel vun den Infektiounsfäll elo bei 19. An zwee Fäll hätt et och eng lokal Iwwerdroung ginn, dat heescht, datt Persounen hei am Land mam Virus infizéiert goufen. Ee Fall wär am Spidol um Kierchbierg entdeckt ginn.

Ee Pandemieplang fir d'Gemengen
D'Gemenge si wéinst dem neiaartege Coronavirus amgaang hire Pandemieplang nei opzestellen. Am Fall vun enger Quarantän wier den Accueil vun de Schoulkanner den éischten Dag assuréiert.

"Mir steieren direkt op eng Pandemie zou"
Et misst ee sech bewosst sinn, "datt mer riicht op eng Pandemie lassginn", seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Autoritéiten hätten d'Situatioun awer sou wäit wéi méiglech am Grëff.

Den Ëmsaz geet erof
Wéinst dem neiaartege Coronavirus rechent d'Horesca mat iwwer 40 Prozent manner Ëmsaz fir de Secteur vun Hoteller, Restauranten a Caféen hei am Land. D'Annulatioune géife bei bis zu 60 Prozent leien.

Impakt op d'Lëtzebuerger Wirtschaft ass "substantiell"
Duerch den neie Coronavirus wäert de Wirtschaftswuesstum hei am Land dëst Joer däitlech zeréckgoen, seet de Luc Frieden. Hie rechent mat engem Réckgang vun op d'mannst engem Prozent vum PIB.

De Präis fir Pëtrol geet erof
Um Pëtrolsmarché sinn d'Präisser haut ganz staark gefall: rieds geet vun engem Pëtrolspräis-Crash. Beim Pëtrol aus dem Nordmier a beim US-Pëtrol sinn d'Präisser ëm all Kéier ronn 30 Prozent zeréckgaangen.

5. Fall zu Lëtzebuerg
Dräi weider Persounen hu sech mam neie Coronavirus infizéiert. Dat huet de Gesondheetsministère matgedeelt. Déi betraffe Persounen hätten nëmme wéineg Symptomer gewisen.

Zweete Fall zu Lëtzebuerg
De Gesondheetsministère huet um Donneschdeg Owend matgedeelt, datt eng zweet Persoun hei aus dem Land sech mam neie Coronavirus infizéiert huet.

Testcapacitéite gi virun ausgebaut
Den LNS zu Diddeleng huet zanter Enn Januar schonn 122 Tester op den neie Coronavirus duerchgeféiert, seet den LNS-Direkter. Den Testprozess géif elo virun automatiséiert an d'Testcapacitéite géife weider erhéicht ginn.

Déi vulnerabel Leit schützen
Vill Leit, déi mam neie Coronavirus infizéiert sinn, hunn nëmme wéineg oder guer keng Symptomer. Doduerch wier et esou schwiereg fir de Virus ze retracéieren an dogéint ze kämpfen, seet de Prof. Dr. Claude Muller.

Coronavirus: 1. Fall zu Lëtzebuerg confirméiert
Déi infizéiert Persoun hätt momentan keng Symptomer méi, bleift awer weider am CHL a Quarantän. Hir Kontaktpersoune wieren identifizéiert. Dat deele Vertrieder vun der Krisenzell "Pandemie" de Sonndeg Owend an engem Communiqué mat.

Coronavirus: Wéi kann ee sech géint eng Infektioun schützen?
Deen neie Coronavirus iwwerdréit sech iwwer iwwer kleng Drëpsen an der Loft, also wann eng infizéiert Persoun néitst oder houscht. De Gesondheetsministère gëtt Recommandatioune fir sech ze schützen.

Éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg
Et gëtt en éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert kuerz no 21 Auer matgedeelt. Déi "gutt 40 Joer al" infizéiert Persoun ass aktuell ënner Quarantän am Centre Hospitalier (CHL).

Grippewell: "All d'Leit op de Coronavirus ze testen ass net realistesch"
Et dierft een d'Laboratoiren net iwwerfuerderen, seet den Direkter vun der Santé, dofir géife Leit mat Symptomer am Moment just da getest ginn, wa si virdrun an enger betraffener Regioun waren, sou de Jean-Claude Schmit.

"Panik ass iwwerdriwwen"
Am zoustännege Service am CHL géif een net dovun ausgoen, datt den neie Coronavirus bis op Lëtzebuerg kënnt. Et wier een awer esou gutt et geet op méiglech Infektiounsfäll virbereet.

Cargolux huet hir reegelméisseg Flich a China agestallt
Bis den 11. Februar solle keng reegelméisseg Flich vun der d'Cargolux méi a China fléien. Dat huet d'Cargoairline op Nofro hi matgedeelt. Ausname sinn d'Charterflich mat Medikamenter u Bord.

Coronavirus: Verdachtsfall huet sech net confirméiert
De Verdachtsfall vun enger Infektioun mam Coronavirus huet sech net bestätegt. Dat deelen de Gesondheetsministère an den Haut-Commissariat à la protection nationale de Samschdeg Owend an engem Communiqué mat.

De Coronavirus huet d'Potential fir wäitaus méi geféierlech ze ginn
Deen neie Coronavirus ass, sou wäit dat bis elo bekannt ass, net iwwerméisseg aggressiv oder geféierlech, seet de Claude P. Muller vum Luxembourg Institute of Health. Nach net, sou de Virolog.

Cargolux: Keng speziell Precautiounsmoossname wéinst Corona-Virus
D'Cargolux flitt 23 Mol d'Woch a China a véier Mol d'Woch an Taiwan. Wéinst den Infektiounsfäll mam Corona-Virus si bei der Lëtzebuerger Cargo-Airline awer fir de Moment keng gréisser Changementer geplangt.

Corona-Virus: 17 Doudesaffer confirméiert
Et wier schwéier anzeschätzen, wei geféierlech de Virus wierklech ass, sou de Markus Ollertvum vum LIH. Et soll ee sech awer op eng méiglech Epidemie virbereeden, sou den Direkter vum Departement fir Infektiouns- an Immunerkrankungen.