Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Ähnlech Wieler fir ADR a Piraten
Wieler, déi bei de Chamberwahlen zejoert d'ADR oder Pirate gewielt hunn, gesinn den Zoustand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft méi kritesch. Dat geet aus der Studialux Etüd vun der Uni Lëtzebuerg ervir.

"Mir hunn de Phenomen vun de Piraten ënnerschat"
D'Piratepartei wier vu ville Leit an der Ëffentlechkeet als eng Lénkspartei wouer geholl ginn, si wier awer eng liberal Partei, sou de Marc Baum. Dee Constat géif méiglecherweis d'Resultat vun déi Lénk bei de Chamberwahlen erklären.

Marc Baum
De Marc Baum ass ee vun den zwee alen an neien Deputéierte vun déi Lénk um Krautmaart. Mat him geet rieds iwwer en enttäuschend Wahlresultat an iwwer d'Erwaardungen un déi nächst Regierung.

Koalitiounsverhandlungen: "Eppes Gemeinsames wiewen"
Déi éischt Gespréicher iwwer déi gemeinsam Zieler vun der neier Regierung ware méi kuerz wéi geplangt. Et hätt ee "relativ séier" een "zimlech breede Konsens" fonnt, seet de Chef vun der grénger Verhandlungsdelegatioun Félix Braz.

Logement: Et feelt net un Terrainen
D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron. D'Lëtzebuerger Specificitéit wier, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt.

Verstëbst an ongerecht?
De Lëtzebuerger Wahlsystem huet bal honnert Joer um Bockel. Trotz reegelméisseger Kritik - ënnert anerem um Desequiliber tëscht Stëmmen a Sëtz - schéngt eng grondsätzlech Reform onwahrscheinlech.

"CSV-ADR wier Alternativ fir d'Wieler gewiescht"
Wann d'CSV an der Wahlcampagne d'Propos vun der ADR ugeholl hätt, fir als gemeinsame Camp op ze trieden, dann hätt de Wieler eng Alternativ gehat. Dat seet den ADR-Norddeputéierten, Jeff Engelen.

"Kee Verstouss géint d'Verfassung"
De Robert Mehlen (ADR) fuerdert d'Chamber op, d'Wahlresultater net ze validéieren, well de Wahlsystem verfassungswiddereg wier. Déi Intentioun hätt keng Aussiicht op Erfolleg, mengt de Luc Heuschling.

Conseil National pour Etrangers: "Avise méi eescht huelen"
Nëmme 47 Prozent vun der erwuessener Populatioun zu Lëtzebuerg konnt bei de Chamberwahle wielen. Dat relancéiert d'Froen iwwert déi politesch Participatioun vun den Auslänner zu Lëtzebuerg.

Dräier-Koalitioun vs Zweeër-Koalitioun
Hie wier ee "grousse Frënd vun der Dräier-Koalitioun", seet de François Benoy vun déi gréng. De Paul Galles vun der CSV bedauert, datt no de Wahlen eng schwaarz-gréng Koalitioun net méiglech war.

Analyse vun der éischter Woch no de Chamberwahlen
Wéi sinn déi ënnerschiddlech Deklaratioune vun der CSV z'interpretéieren zanter hirer Wahlnéierlag de leschte Sonndeg? A wéi probabel ass e Succès vun de Koalitiounsverhandlungen tëscht DP, déi gréng an LSAP?

Piratepartei: "Ureizer schafen amplaz Verbueter"
Tëscht DP an LSAP situéiert de Marc Goergen seng Partei am politesche Spektrum. Mat engem Akzent op Ëmweltthemen. D'Pirate wéilten - anescht wéi déi gréng - Ureizer ginn an net Verbueter schafen.

"LSAP-Parteispëtzt muss Konsequenzen zéien"
Den LSAP-Parteipresident an den LSAP-Generalsekretär missten aus dem Wahlechec vun de Sozialiste Konsequenzen zéien. Dat fuerdert de Sammy Wagner, den LSAP-Schäffe vu Stengefort.

Wahlresultat: "Wiessel vu perséinlechen a kollektive Valeuren"
D'LSAP an d'CSV hätte bei dëse Wahle Stëmme verluer wéinst engem strukturelle Problem vum Elektorat. Dat seet de Politolog Philippe Poirier. Déi politesch sozialistesch a chrëschtlech-sozial Kulturen wiere mëttlerweil méi kleng ginn.

Fraen nach ëmmer staark ënnerrepresentéiert
Dëst Joer goufen zwielef Fraen direkt an d'Chamber gewielt - nach manner wéi 2013. Deemools waren et der 14. Dat trotz der neier Quoteregelung, duerch déi op d'mannst 40 Prozent vun de Kandidate Frae musse sinn.

Wéi eng personell Entwécklungen un der Spëtzt vun der CSV?
Wou d'Rees hi geet, dat wëllt de Claude Wiseler dem CSV-Nationalrot den Dënschdeg den Owend soen. Dee Moment géif hien och d'Ëffentlechkeet "net nëmme prinzipiell, mee och ganz am Detail", informéieren.

Chamberwahlen: Eng Analys
Et gouf Stëmmeverloschter fir d'CSV, d'LSAP an d'DP, zu Gonschte vun déi gréng, de Piraten an och der ADR. Dat ass de Resumé vun de Chamberwahlen. De radio 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert.

Lëtzebuerg huet gewielt - wat elo?
D'Dräier-Koalitioun kann arithmetesch weidergefouert ginn. D'Spëtzepolitiker vu Blo-Rout-Gréng hu sech dofir ausgeschwat, d'Parteigremie mussen nach zoustëmmen. Wéi geet et virun no de Wahlen?

Blo-Gréng-Rout amplaz vu Rout-Blo-Gréng?
Just zwou Koalitiounsméiglechkeeten hunn no de Wahlen eng Majoritéit an der Chamber. Um Wahlowend deiten d'Politiker vun der Dräier-Koalitioun un, datt si wëlle weidermaachen. Mee wéi sécher ass et?

Presserevue vum Méindeg, dem 15. Oktober
An den Zeitunge laacht engem e froue Claude Turmes a François Bausch entgéint: déi gréng sinn d'Gewënner vun de Wahlen, d'LSAP huet e Problem.

Süden: Spannend bis zum Schluss
De Wahlbezierk Süden war dee leschten, dee fäerdeg ausgezielt gouf. Et war bis zum Schluss spannend. Mat Momenter huet et dono ausgesinn, wéi wann d'LSAP ee weidere Sëtz géif verléieren, zu Gonschte vun déi gréng.

Wie gouf gewielt?
Wie sinn déi 60 Deputéiert fir d'Legislaturperiod 2018-2023? Eng Iwwersiicht.

Wat ee muss wëssen
D'CSV an d'LSAP verléieren däitlech u Stëmmen. déi gréng an d'Pirate gewannen. Eng Weiderféierung vun der Dräierkoalitioun ass probabel, méiglech wier och nach CSV an DP.

Zentrum: déi gréng grousse Gewënner
déi gréng stellen den Usproch weider an der Regierung ze bleiwen. Eng méiglech CSV-DP-Koalitioun beschreiwt de François Bausch als eng Koalitioun vun "zwee Wahlverléierer".

Zentrum: déi gréng grousse Gewënner
déi gréng stellen den Usproch weider an der Regierung ze bleiwen. Eng méiglech CSV-DP-Koalitioun beschreift de François Bausch als eng Koalitioun vun "zwee Wahlverléierer".

Liveticker
Bleift de ganze Wahlsonndeg um Courant, iwwer déi neisten Entwécklungen, Resultater, Kommentaren an Analysen iwwer d'Chamberwahlen.

Norden: Ee Sëtz vun der LSAP un d'ADR
Den Norden ass den zweete Bezierk, deen elo komplett ausgezielt ass. Am flächeméisseg gréisste Bezierk bleift d'CSV stäerkste Partei.

Osten: Status quo trotz Stëmmeverloscht
D'CSV verléiert siwe Prozentpunkten, mee behält hir dräi Sëtz. D'Pirate leeë prozentual staark zou, mee kréie kee Sëtz.

Bléck op de Panachage
U wéi eng Parteien déi 60 Sëtz an der Chamber ginn, wäert am Laf vum Owend kloer sinn. Een Enjeu bei dëse Chamberwahlen: D'Stëmmverhale vun den 257.000 Wieler an Zäite vu Social Media.

Serie: "Wann ech Premier wier"
An eiser Serie "Wann ech Premier wier" erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. An dësem Artikel fannt Dir all Episod op ee Bléck.

Serie: "Een Dag am Wahlkampf"
An eiser Serie "Een Dag am Wahlkampf" begleede mir d'Spëtzekandidate fir d'Chamberwahlen een Dag an hirem perséinleche Wahlkampf. An dësem Artikel fannt Dir all Episod op ee Bléck.

Réckbléck op déi lescht Wahlkampfwoch
De Wahlkampf ass dëse Freideg offiziell eriwwer, de Sonndeg wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. Mir halen zeréck: Et war eng schwaach Campagne mat wéinegen Inhalter a wéinege Confrontatiounen.

De Wahlsonndeg gëtt méi spannend wéi d'Campagne
Den Ausgang vun de Wahle wier sou oppe wéi nach ni, do si sech d'RTL-Journalistin Maryse Lanners an de Christoph Bumb vu reporter.lu eens. Et wier awer ganz schwiereg, dës Wahle virauszegesinn.

Lëtzebuerger Sprooch am Wahlkampf
D'Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounsfacteur an d'Méisproochegkeet sinn an de Mëttelpunkt vum Wahlkampf geroden. Wéi stinn d'Parteien dozou, wat steet an hire Wahlprogrammer, a wat seet e Linguist?

"Näischt réckgängeg maachen"
Wou sinn déi rout Linne bei der DP an der CSV an der Familljepolitik? Wou si potentiell d'Kompromëssméiglechkeete fir eng blo-schwaarz Regierung? E Face-à-face tëschent Corinne Cahen (DP) a Marc Spautz (CSV).

"Wann ech Premier wier": Marie Harter
Der 94 Joer al Fra ass et wichteg, datt d'Landschaften an d'Bëscher erhale bleiwen an déi verschidde Generatiounen eppes vunenee léieren. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premierminister wäert?

Een Dag mat der Carole Dieschbourg
Impulser ginn, Weeër opweisen a Situatiounen entschäerfen. Dat ass eegenen Aussoen no de Rôle vun der Ëmweltministesch. D'Maxi Pesch huet d'Carole Dieschbourg een Dag laang begleet. Tëschent Biergerinitiativen, Klimaschutz a Wahlkampf.

TNS Ilres klot géint falsche Sondage
TNS ILRES huet eng Klo bei der ALIA agereecht, wéinst der Publikatioun vun engem falsche Sondage iwwer d'Chamberwahlen op engem auslänneschen Internet-Site mam Numm Luxembourg Polls.

Realitéitsängscht am Lëtzebuerger Wahlkampf
A sengem Fräie Mikro setzt sech den Denis Scuto mat der hypokritescher Wuesstumsdebatt an dësem Walkampf auserneen a fuerdert d'Politik op, der Realitéit an d'Aen ze kucken an d'Zukunft wierklech hëllefe virzebereeden.

"Wann ech Premier wier": Yasmine Hussein
Déi jonk Fra aus Syrien géif méi laang Stage fir Lycéesschüler a Studenten aféieren, fir hinnen eng konkret Virstellung vun de jeeweilege Beruffer ze ginn. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wäert?

Richtegen a falsche Wuesstum
Trotz der Wuesstumsskepsis vu ville Parteie wëllt keng vun hinnen op de Wuesstum verzichten. D'Polemik schéngt ee Symptom dofir ze sinn, datt an anere Beräicher Iddie feelen. Ee Kommentar vum Pia Oppel.

"Wann ech Premier wier": Jacques Welter
Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Wat géift Dir änneren, wann dir Premierminister wiert?

"Wann ech Premier wier": Jacques Welter
Den Erliefnespedagog gesäit et als Necessitéit un, de Liewensstil ze änneren a géif dat als Premier och esou virliewen. Wat géift Dir änneren, wann dir Premierminister wiert?

"Mat de Programmer an Inhalter konfrontéieren"
De Claude Haagen an de François Bausch kritiséieren, datt de Claude Wiseler an de Xavier Bettel eng Konfrontatioun vermeiden. Et wier och der Press hir Schold, datt dësen Debat nach net stattfonnt huet.

"Et war keen technesche Problem"
Eenzel Leit schénge Problemer gehat ze hunn, d'Bréifwahl iwwer myguichet.lu unzefroen. Dacks wier d'Prozedur zwar lancéiert ginn, mee se wier net iwwerdroe ginn, erkläert de Gilles Feith vum CTIE.

Ambigu Post-LuxLeaks-Visiounen an de Wahlprogrammer
Véier Joer nom LuxLeaks-Skandal soen déi Responsabel, datt Lëtzebuerg haut en anere Steiermodell géif vertrieden. Wéi soll d'Land sech an Zukunft presentéieren, a wat proposéieren d'Parteien?

"Fräiwëlleg an obligatoresch Stagë musse bezuelt ginn"
D'Kierzung vun de Studentebourssen, de Referendums-Vott géint d'Wahlrecht mat 16 Joer, de Gesetzesprojet iwwer Stagen: Fir d'Studentenorganisatioun UNEL war dës Legislatur vun enger "jugendfeindlecher Politik" gepräägt.

"Wann ech Premier wier": Serge Milbert
Den Optiker géif d'Handwierk valoriséieren an de Mindestniveau fir an de Beruff eranzeklammen an d'Luucht setzen. Wat géift Dir änneren? Wat géift Dir änneren, wann dir Premier wiert?

Een Dag mam Claude Wiseler
Den CSV-Fraktiounschef, fréiere Minister a fréiere Schäffe Claude Wiseler wëll de Xavier Bettel als Premier ofléisen. De Serge Kesseler huet den CSV-Spëtzekandidat een Dag am Wahlkampf begleet.

Spezial Wahlen: Wat fir eng Steierpolitik fir Lëtzebuerg?
Wat fir eng Besteierung fir Stéit, Betriber a Patrimoine? Et diskutéieren: Jerry Weyer, Sam Tanson, Alex Bodry, Gilles Roth, Ali Ruckert, Pierre Gramegna, Alex Penning, Carole Thoma, Mario May.

Kichegespréicher: Mobilitéit a Gesondheet
An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der drëtter a leschter Episod geet et ëm Mobilitéit a Gesondheet.

Réckbléck op déi véiert Wahlkampfwoch
Wéi ass déi virlescht Wahlkampfwoch verlaf? Wat fir eng Dynamik kann een esou kuerz virun de Chamberwahlen observéieren. D'Pia Oppel aus der Noriichteredaktioun mat enger Analys.

"Wann ech Premier wier": Patrick Hurst
Den Enseignant, dee vu senger Gebuert u blann ass, géif de Schutz vu Minoritéiten zur Chefsaach erklären an hiren Accès op den Aarbechts- a Wunnmarché vereinfachen. Wat géift Dir als Premier änneren?

"Wann ech Premier wier": Patrick Hurst
Den Enseignant, dee vu senger Gebuert u blann ass, géif de Schutz vu Minoritéiten zur Chefsaach erklären an hiren Accès op den Aarbechts- a Wunnmarché vereinfachen. Wat géift Dir als Premier änneren?

Een Dag mam Etienne Schneider
Etienne Schneider: 47 Joer al, Vize-Premier, Spëtzekandidat vun der LSAP mat der Ambitioun Premier ze ginn. Trotz ongënschtege Sondagë fir seng Partei, gëtt hie sech zouversiichtlech a kämpferesch.

"Wahlsystem benodeelegt kleng Parteien"
De Jean Colombera (PiD) an de Robert Mehlen (ADR) si sech eens: De Lëtzebuerger Wahlsystem wier ongerecht, well e méi kleng Parteie géif benodeelegen. D'Stëmmen aus de verschiddene Bezierker wieren ënnerschiddlech vill Wäert.

"Wann ech Premier wier": Ascanio Martinotti
De Gerant vun enger Bauentreprise géif d'Handwierk valoriséieren, d'Infrastrukture verbesseren an d'Prozedur vereinfachen, fir d'Nationalitéit ze kréien. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wiert?

"Wann ech Premier wier": Olinda Almeida
D'Botzfra wier fir den Tiers payant a wier dofir, datt d'Schülerinnen a Schüler sech méi spéit fir déi verschidde Schoulforme missten decidéieren. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premier wiert?

Wie sinn d'Kandidate fir d'Chamberwahlen?
De 14. Oktober si Chamberwahlen 257.000 Persoune kënnen de 14. Oktober 60 Deputéiert designéieren. Déi 547 Kandidate sinn awer net an alle Beräicher representativ fir déi ganz Populatioun.

Gary Diderich (déi Lénk) - Marc Hansen (DP)
Wat kann d'Politik maachen, fir de Bau vu bezuelbare Wunnengen ze fërderen? E Face-à-face am Virfeld vun de Chamberwahlen, tëscht dem Gary Diderich (déi Lénk) an dem Marc Hansen (DP).

Eidel Wunnengen: leerstandsmelder.lu gouf relancéiert
D'Initiativ, déi Informatiounen iwwer eidel Wunnengen an Haiser zu Lëtzebuerg sammelt, gouf kuerz virun de Chamberwahle relancéiert. De Leerstandsmelder war scho viru véier Joer lancéiert ginn. Mee e war politesch onerwënscht.

Een Dag mam Sven Clement
Mat 29 Joer huet de Sven Clement eng Partei an dräi Entreprisë gegrënnt. Hie geet selbstbewosst a gutt gelaunt an d'Wahlen. D'Fanny Kinsch war een Dag mam Spëtzekandidat, President a Matgrënner vun der Piratepartei ënnerwee.

Een Dag mam Xavier Bettel
Dem Xavier Bettel seng Wahlcampagne leeft op Héichtouren. Nieft Interviewen a Pressekonferenzen geet hien och senger 'normaler' Aarbecht als Regierungschef no. De Pierre Reyland huet hien op esou engem Dag begleet.

"Wann ech Premier wier": Felix a Ben Muller
An eiser Serie "Wann ech Premier wier" erziele Biergerinnen a Bierger onkommentéiert, wat si géife maachen, wa si eppes am Land kéinte veränneren. De Felix wier fir e bedéngungsloost Grondakommes an de Ben wéilt de Schoulsystem änneren.

Philippe Poirier: "Komesch CSV-Wahlcampagne"
Déi zeréckhalend Oppositiounsstrategie vun der CSV kéint d'Partei ee bis zwee Sëtz kaschten, seet de Philippe Poirier. Sondagen am Juni hätten e liichte Réckgang an de Wahlintentioune géigeniwwer der CSV gewisen.

Kichegespréicher: Digitaliséierung a sozial Kohäsioun
An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der zweeter Episod geet et ëm Digitaliséierung a sozial Kohäsioun.

Mediepolitik an de Wahlprogrammer
D'Parteie wëllen alleguer d'Pressefräiheet garantéiert. Wou ënnerscheede sech déi ënnerschiddlech Parteien? Wéi eng mediepolitesch Prioritéiten hu si an hire Programmer fir d'Chamberwahle stoen?

Landwirtschaft an/oder Naturschutz?
De Claude Turmes (déi gréng) plädéiert dofir, de Landwirtschafts- an den Ëmweltministère zesummenzeleeën. D'Martine Hansen (CSV) fënnt dat keng gutt Iddi. D'Landwirtschaft bräicht en eegene Ministère.

"Wann ech Premier wier": Manou Hamen
Den Immobilienagent géif probéieren, d'Wunnengssituatioun ze verbesseren a Chômeuren eng Aarbecht ze ginn. Wat géift Dir änneren, wann Dir Premierminister wiert?

Cannabis an de Wahlprogrammer
Wéi soll Cannabis an Zukunft reglementéiert ginn? An der Chamber war eng entspriechend Kommissiounssëtzung, déi sech domat befaasst huet. Wat sinn d'Positioune vun de verschiddene Parteien?

Eise Wahlsystem zerstéiert déi politesch Debatt
Kuerz virun de Chamberwahle wëllen d'Medie keng Sonndesfro méi an Optrag ginn. Net d'Sondagen, mee de Lëtzebuerger Wahlsystem sinn de Problem, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

"Wann ech Premier wier": Cathérine Barberis
Déi fräiwëlleg Trainerin an der Liichtathletik Cathérine Barberis géif de Kanner den Accès zum Sport vereinfachen. Wat wier Är éischt Mesure, wann Dir Premierminister wiert?

Mindestloun geet net duer fir würdeg ze liewen
D'LSAP wëllt de Mindestloun strukturell ëm 100 Euro netto erhéijen, seet den Nicolas Schmit. D'KPL trëtt fir eng Erhéijung vum Mindestloun vun 20 Prozent an, esou den Ali Ruckert. Dat entsprécht 400 Euro.

D'Reform vun der EU an de Wahlprogrammer
D'Europäesch Unioun stécht an enger politescher Kris. Am Wahlkampf zu Lëtzebuerg spillt europäesch Politik bis elo keng grouss Roll. Wéi positionéiere sech d'Parteie virun de Wahlen zu der EU?

Si Wahlen ondemokratesch?
Si Wahlen demokratiefeindlech? Wann net, firwat ginn dann ëmmer manner Leit wielen? A wa jo, firwat? A wat wier d'Alternativ? De Philosoph Thomas Koenig huet sech eng vun deenen Alternativen ugekuckt.

D'Wahlen an de Sport
D'Campagne virun de Wahlen empfënnt den Denis Scuto als éischter langweileg. Méi Spannung versprécht momentan de Sport. Mee de Sport schéngt a kengem vun de Wahlprogrammer en zentraalt Thema ze sinn.

"Et gëtt guer keng Kulturpolitik"
D'Kulturpolitik vun dëser Regierung wier en eenzege Fiasko, seet de Guy Rewenig. D'Nathalie Ronvaux mengt, datt d'Politik sech aus inhaltleche Saache soll eraushalen. Kultur géif vu Politiker benotzt ginn.

"Wann ech Premier wier": Jos Fischbach
De Bauer an Enseignant hätt als Premier de Landwirtschaftsministère ënner sech a géif eng nohaltesch Landwirtschaft an d'Permakultur.
Wat wier Är éischt Mesure, wann Dir Premierminister wiert?

Demande no Lëtzebuergesch-Coursë geet konstant an d'Luucht
Et besteet vill Interessi fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Eleng am Institut national des langues hu sech zejoert 7.600 Persoune fir e Cours ugemellt. Et besteet iwwerdeems eng laang Waardelëscht.

Ekonomesch Diversifikatioun an de Wahlprogrammer
Wéi wëllen déi verschidde Parteien d'Wirtschaft weiderentwéckelen an de Standuert Lëtzebuerg diversifizéieren? Wéi eng Secteure sollen an Zukunft hei am Land méi eng grouss Roll spillen?

Et huet keen e Plang
D'Regierung géif net an d'Wahle goen, fir hiert Mandat verlängert ze kréien, mengt de Romain Hilgert. Wann d'CSV erëm stäerkst Partei géif ginn, wier et ganz schwéier, se nach eng Kéier ze ignoréieren.

"Wann ech Premier wier": Danielle Hartert-Theis
D'Duerfmusekerin a Mamm Danielle Hartert-Theis géif de Beruff "Elteren" unerkenne loossen an den ëffentlechen Transport gratis maachen. Wat wier Är éischt Mesure, wann Dir Premierminister wiert?

Een Dag mat der Sonja Holper
Nom Fiasko mat de Kandidatelëschte mécht déi nei Biergerinitiativ Demokratie elo awer bei de Wahle mat. Mir hunn d'Sonja Holper, Spëtzekandidatin vun Demokratie am Zentrum, een Dag laang begleet. E Portrait vum Pierre Reyland.

"Remboursement vun Dokteschcotisatioune steet net am Wahlprogramm"
Leit, déi ee Joer laang net bei den Dokter ginn, sollen een Deel vun hire Cotisatiounen zeréckkréien. Déi Iddi vum Jean Colombera steet net am Wahlprogramm vun de Piraten, confirméiert de Jerry Weyer. D'Tréis Gorza hält "absolut" näischt vun där Iddi, et misst ee weider op Solidaritéit setzen.

"Wann ech Premier wier": Armand Schmit
De Privatwënzer Armand Schmit wier zum Beispill fir eng Simplificatioun an den administrative Beräicher. Wat wier Är éischt Mesure, déi Dir géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert?

D'Problemer vum Lëtzebuerger Filmsecteur léisen
Et wier keng Léisung, fir de Lëtzebuerger Filmsecteur am Kulturministère unzesidelen. Dat soen d'Filmproduzenten a Realisteuren Bady Minck an Donato Rotunno. Si wënsche sech ee Minister, deen d'Defië vum Secteur erkennt.

Wéi vill Investitiounen an d'Zukunft vu Lëtzebuerg?
D'Staatsschold zeréck ze bezuele misst der nächster Regierung hier Prioritéit sinn, seet de Fernand Kartheiser (ADR). Et misst och manner investéiert ginn. Investissementer an d'Zukunft wieren awer néideg, seet de Pierre Gramegna (DP).

"Wann ech Premier wier": Ben Dratwicki
Wat wier Är éischt Mesure, déi Dir géift duerchbréngen, wann Dir Premierminister wiert? De Student Ben Dratwicki géif d'Pouvoiren am Land anescht verdeelen an d'Bierger méi an déi politesch Decisiounen abannen.

Een Dag mam Joe Thein
A knapp engem Mount si Chamberwahlen. Eng Partei, déi dës Kéier fir d'éischt dobäi ass, sinn déi Konservativ. Mir hunn de Joe Thein e ganzen Dag begleet, fir méi iwwer hie gewuer ze ginn.

Klimaschutz: Op der Trajectoire
Lëtzebuerg respektéiert viraussiichtlech d'Klimaschutzziler fir 2020. Strukturell Reformen a Richtung Klimaneutralitéit feelen um Enn vun dëser Legislatur awer nach, mengt d'Pia Oppel an enger Analys.

ACL ass fir dräispueregen Ausbau vu bestëmmten Autobunnen
Den Automobilclub ass fir een dräispuregen Ausbau vu bestëmmten Deeler vun den Autobunnen. Accidenter kéinten esou méi séier geraumt a Stau evitéiert ginn, seet den ACL-President Yves Wagner.

Méi breet Autobunnen: Pro a Contra
All d'Autobunne solle laangfristeg op sechs Spuren ausgebaut ginn. Dat versprécht d'CSV am Virfeld vun de Wahlen. Wéi realistesch ass dat? Wat soen déi aner Parteien?

Wann alles besser kënnt, wéi gemengt
Zu Lëtzebuerg gouf et 2013 e schwaache Wirtschaftswuesstem an eng héich Inflatioun. Den ekonomesche Kontext huet awer séier changéiert. D'Regierung konnt sech dowéinst wirtschaftspolitesch op d'Unzéie vun neie Betriber an Aktivitéite konzentréieren.

"Demokratie": Kandidate vu Police virgelueden
Et ass net kloer, ob déi Leit, déi eegenen Aussoen no ouni hiren Accord op enger Lëscht vun Demokratie vertruede sinn, dowéinst eng Plainte maache kënnen. Déi concernéiert Kandidate ginn elo hirersäits vun der Police virgelueden.

Parquet wiert sech géint Virwërf vu Fräi Wieler
De Parquet reagéiert op déi rezent Korruptiounsvirwërf vum Lee Michel Baseggio. Den 20. August hat de Grënner vu Fräi Wieler der Justiz an engem Communiqué virgeheit korrupt ze sinn.

Ëffentlechen Transport: Gratis oder ouni Ticket!
KPL a Piratepartei sinn allebéid fir d'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, d'Pirate schwätze léiwer vun "ticket-los" wéi vu gratis, well de Service net gratis ass, mee vun der Allgemengheet bezuelt gëtt.

Verschidde Politiker fuerderen Ännerunge vum Wahlgesetz
No den Diskussioune ronderëm d'Kandidatelëschte vun der Partei Demokratie fuerderen eng Partie Politiker Ännerunge vum Wahlgesetz a strofrechtlech Konklusiounen.

"Lëschte kënnen net zeréckgezunn an net geännert ginn"
D'Gesetz gesäit keng Méiglechkeet vir, fir eng Kandidatelëscht fir d'Chamberwahlen zeréckzezéien, oder fir e Kandidat vun enger Lëscht ze sträichen. Dat confirméiert d'Presidentin vum Haaptwahlbüro an der Stad.

"Ech hu mech ni fir eng Lëscht interesséiert"
Op der Lëscht vun der Partei Demokratie sinn eng ganz Partie Leit déi soen, si hätten hiren Accord ni ginn, fir Kandidat ze ginn. D'Initiativ kritt Manipulatioun virgeheit. Verschidde Betraffener soen, si hätten eng Plainte gemaach.

Tëschebilan vum neie Congé parental
Eltere sollen duerch d'Reform vum Congé parental méi finanziell Moyenen a Flexibilitéit kréien. Mir hu bei jonken Elteren nogefrot, wéi si den neie Congé parental notzen a wat een nach verbessere kéint.

Bréifwahl: Vereinfachte System, méi eng grouss Demande
D'Bréifwahl gouf vereinfacht. Fir d'Chamberwahle 2018 ka jiddweree vun der Bréifwahl Gebrauch maachen, ouni eng Begrënnung ze ginn. Domat soll och erreecht ginn, datt méi Leit wiele ginn.

Wéi vill demokratesch Erneierung?
D'Regierung huet 2013 eng nei Kultur vun der Oppenheet annoncéiert, e "Renouveau Democratique". Eng nei Verfassung, méi politesch Participatioun an Transparenz goufe versprach. E Bilan vum Pia Oppel.

Wéi eng Zukunft fir d'Stock Options?
Zanter d'Stock Options agefouert goufen huet de Staat all Joer bis zu 135 Milliounen Euro verluer. D'Praxis gouf vun de meeschte Parteie kritiséiert. An de Wahlprogrammer bleiwen alternativ Proposen allerdéngs vag.

Aacht Parteien trieden an alle véier Bezierker un
De 14. Oktober trieden aacht Parteien an alle véier Bezierker un: CSV, LSAP, DP, déi gréng, ADR, déi Lénk, Piratepartei, KPL. Am Zentrum sinn et néng Lëschten am Süden zéng.

"Um richtege Wee"
Anescht wéi am Regierungsprogramm virgesinn, ginn et zu Lëtzebuerg nach keng Sammelkloen. Enn Avant-Projet wier awer an der Maach a kéim de Fuerderunge vun der ULC entgéint, esou de Bob Schmitz.

Klimawandel a Wahlkampf
Rekordtemperaturen op quasi alle Kontinenter, Bëschbränn um Polarkrees weisen, wéi konkret den Impakt vum Klimawandel ass. D'Urgence spigelt sech awer an de Wahlprogrammer net erëm, bedauert d'Pia Oppel.

Net déi néideg Ënnerschrëfte vun den Deputéierten?
Dem Uschäin no huet keen Deputéierten d'Kandidatur vun der Biergerinitiativ Demokratie2018 mat senger Ënnerschrëft ënnerstëtzt. De leschte Freideg haten déi Responsabel vun där Biergerinitiativ dat virun der Press behaapt.

"Demokratie vum Vollek"
De Politolog Philippe Poirier gesäit och zu Lëtzebuerg an den neie Lëschte virun de Chamberwahlen eng Tendenz, fir de politesche System a Fro ze stellen an eng direkt "Demokratie vum Vollek" ze froen.

"Wuesstem anescht strukturéieren"
350 Bierger, Gemengevertrieder an Experten hunn a regionale Laboratoiren iwwer déi zukünfteg Entwécklung vum Land diskutéiert. Zil ass et, de Programme directeur de l'aménagement du territoire auszeschaffen.

Accord fir faire Wahlkampf ënnerschriwwen
Den Accord fir gemeinsam Regelen fir d'Chamberwahlen am Oktober ass ënnerschriwwen. Ënnerschriwwe gouf den Accord vun CSV, LSAP, DP, déi gréng an ADR. Déi méi kleng Parteien, wéi déi Lénk, d'KPL an d'Piraten, droen den Accord net mat.

"Wëssen, datt vill Leit dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn"
D'LSAP huet hire Wahlprogramm ugeholl. D'Sozialisten envisagéieren ënner anerem eng Steierreform an Upassungen um System vum Kannergeld, seet den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten.

Si Wahlëmfroen nach modern?
Wahlëmfroe louchen an de leschte Joren a méi Länner donieft. Dräi Méint virun de Chamberwahle stellt sech deemno d'Fro: Sinn d'Sondagen iwwer d'Beléiftheet vu Politiker a Parteien nach eiser Zäit ugepasst?

Regele fir de Chamberwahlkampf
D'Parteie wëlle sech och fir d'Chamberwahlen am Oktober Regele fir ee faire Wahlkampf ginn. D'Verhandlunge lafen nach. Sträitpunkte sinn de Materialopwand, den Online-Wahlkampf an den Hate Speech.

DP: Kee fiskalen Dumping zu Lëtzebuerg organsiéieren
D'DP wëllt d'Betribsbesteierung fir Kleng- a Mëttelbetriber erofsetzen. Ëm wéi vill konkret den Taux, deen aktuell bei 18 Prozent leit, soll erofgoen, wollt den DP-Spëtzekandidat a Premier Xavier Bettel awer net soen.

"Wirtschaftsmigranten, Abenteurer oder Krimineller"
Den ADR-President Jean Schoos distanzéiert sech vun enger Ausso, déi ee Kandidat vu Wee2050 op Facebook gemaach huet. D'Wahlkampfbündnis an d'Kandidatur vum Tom Weidig wieren awer net a Fro gestallt.

"Vill Migrante ginn net als Mënschen ugesinn"
Den Erik Marquardt ass op Malta an am Krisenteam vum Schëff Lifeline. Si hëllefe Migranten, déi a Séinout geroden. Wéi gesäit esou eng Missioun aus, a wéi erlieft hien d'Rettung?

Joé Thein: "Mir rechne mat zwee Prozent vun de Wielerstëmmen"
Identitéitspolitik, Integratioun an d'Lëtzebuerger Sprooch sinn d'Haaptwahlkampftheme vun déi Konservativ. Bis elo steet eng Lëscht am Bezierk Süden. D'Spëtzekandidate sinn de Joé Thein an de Mario May.

Mindestloun: Steierfräiheet amplaz Hausse
Et wier e Schnellschoss fir d'Steierklass 1A ofzeschafen, seet de grénge Parteipreisdent Christian Kmiotek. Et wier och net wouer, datt déi gréng d'LSAP bei soziale Froen net ënnerstëtzt hätten.

Wat beweegt déi Jonk?
Wat beweegt déi Jonk an der Politik? Sechs jonk Politikerinnen a Politiker hu beim Public Forum mat Vertrieder aus der Chamber a Regierung diskutéiert. Wien hat déi besser Argumenter?

Aacht Lëschten an alle Bezierker
Fir d'Chamberwahle vum 14. Oktober ass mat aacht Lëschten an alle Bezierker an enger zousätzlecher am Süden ze rechnen. D'FÖDP ass net méi am Rennen. D'Kandidature musse bis Mëtt August deposéiert ginn.

"Douzièmes provisoires" fir de Budget 2019
Wéinst de Wahlen am Oktober wier et net ubruecht, e ganze Budget fir 2019 opzestellen, seet den Eugène Berger (DP). De Claude Wiseler (CSV) fënnt et "sënnvoll a logesch", keng Akzenter méi ze setzen.

"Nächst Regierung wäert Accord ierwen a respektéieren"
D'CSV gesäit sech gezwongen, d'Ofschafe vun der 80/80/90-Regelung fir Stagiairen am ëffentlechen Déngscht eventuell matzedroen: Dat huet den CSV-Fraktiounschef am 100,7-Interview däitlech gemaach.

"Kënnen net méi erauszéien, wéi mir abezuelen"
Fir d'Staatsfinanzen am Grëff ze halen, misst déi nächst Regierung strukturell Ännerunge virhuelen, fuerdert de Jean-Paul Olinger. Konkret missten d'Pensiounen an d'Sécurité sociale reforméiert ginn.

E gemëschte Bilan fir d'Regierung
Den Direkter vun der Handwierkerkammer Tom Wirion lueft d'Regierung fir den Tram a fir d'Steierreform. An der Landesplanung wier een awer net weiderkomm. Weider ass hie géint eng Hausse vum Mindestloun.

Stéphanie Empain méiglech gréng Spëtzekandidatin am Norden
D'Nord-Lëscht vun déi gréng fir d'Chamberwahle kéint 100,7-Informatiounen no nieft dem Claude Turmes vun der Stéphanie Empain ugefouert ginn. De grénge Parteipresident wëllt d'Informatioun net kommentéieren.

Françoise Folmer hält mat Politik op
D'Co-Presidentin vun déi gréng huet nom Doud vum Camille Gira iwwerraschend op engem Kongress annoncéiert, datt si mat der Politik ophält. Si kandidéiert also net fir d'Chamberwahlen am Oktober.

Vill Gefasel an der Chamber
Déi lescht Seancë vun dëser Legislatur kënnege sech an der Chamber un. Wat awer an de leschte Wochen do gelaf ass, huet déi wéinegst Bierger vum Hocker gerass, mengt de Laurent Moyse am Fräien Mikro.

Hommage un ee Spëtzekandidat
De fréiere Journalist Romain Meyer huet eng Biographie vum François Bausch geschriwwen. De grénge Politiker gëtt zum Deel onkritesch idealiséiert. D'Buch ass trotzdeem liesenswäert.

"Net nëmme mat Geldleeschtunge wierken"
D'LSAP wäert d'Fuerderung vun enger Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun net iwwerhuelen. Dat geet ervir aus dem Gespréich mat der Taina Bofferding. D'Kannergeld misst indexéiert an och besteiert ginn.

Revis: Endlech "aktivéiert"
D'Reform vum RMG géif Monoparentallen a Kanner an de Mëttelpunkt stellen, seet d'DP-Presidentin Corinne Cahen. Et misst een "iwwer de ganze Steiersystem" kucken, a Kanner och do an de Mëttelpunkt stellen.

Géint de Käerjenger Contournement
D'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) deelt d'Positioun vun hirem Parteikolleg Georges Engel. Sollt iwwer de Käerjenger Contournement nach virun de Wahlen ofgestëmmt ginn, da géif si dee Projet ofleenen.

"De Populismus kennt keng Grenzen"
Dem Claude Lamberty seng Ausso, datt déi gréng sech géife fir Fliedermais an d'DP fir de Mënsch asetzen, wier e "Frontalugrëff". Dat seet de grénge Claude Adam, deen am Abrëll an der Chamber ophält.

"Méisproochegkeet ass en Deel vun der Identitéit"
Sozial Kohesioun wier ee vun de Piliere vun der CSV-Wahlcampagne, sou de Claude Wiseler. Fir d'Bedeelegung vun Auslänner misst de Conseil national pour étrangers gestäerkt ginn, e Gremium dat net ganz bekannt wier.

Blanche Weber
De Weekend war de Kongress vum Mouvement écologique. Mat der Presidentin Blanche Weber geet rieds iwwer déi zentral Fuerderunge vun der ONG un d'Parteien an der Wahlcampagne.

"Kee soziale Fortschrëtt"
"Wann een e Projet "Revenu d'inclusion sociale" nennt, an dee leit 25 Prozent ënnert deem wat eng Famill zu Lëtzebuerg brauch fir dezent ze liewen, dann ass dat en Hohn", seet de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk.

"Stëmm vun der ADR ass wichteg fir d'Gesellschaft"
Sprooch an d'Zukunft vum Land wiere wichteg Thematike fir Lëtzebuerg, seet de Fernand Kartheiser. Bei dëse Wahlen géifen dës Sujete méi am Zentrum vun der ëffentlecher Opmierksamkeet stoen.

Zwou Jugendparteie positionéiere sech
D'CSJ wëllt, datt eng Milliard an den ëffentleche Wunnengsbau investéiert gëtt, seet d'Elisabeth Margue. Dat geet dem Jimmy Skenderovic vun der JSL net duer. Et misst een iwwer eng Präisbegrenzung nodenken.

De Fred Keup war Member vun der CSV
De Fred Keup war Member bei der CSV. An et gouf Kontakter tëschent senger Asbl "Wee2050 / Nee2015" an der Partei am Virfeld vun de Gemengewahlen. Dat confirméiere verschidde Sourcen aus der Partei.

"Et ass eppes Grousses méiglech"
Bis op d'Lëtzebuerger Sprooch an de Wuesstem hätt ee sech nach mat kengen anere Sujete befaasst, seet de Fred Keup. Dat wéilt een elo am Hibléck op d'Chamberwahlen zesumme mat der ADR kucken.

"Regierung gëtt hiren eegenen Uspréch net gerecht"
De Michel Wolter ass iwwerzeegt, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun no de Wahle vum 14. Oktober virufiert, wann et arithmetesch méiglech ass. Souguer mat 31 Sëtz. Do wier hie "ganz sécher", seet den CSV-Politiker.