Radioen

On air

Tockcity  |  Noah And The Loners - Crash Landing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Prag op Luzern

Concert Euroradio

Vu Prag op Luzern

Zwee Live-Matschnëtter aus dem Prager Fréijoersfestival 2020 an dem Lucerne Festival 2019. Um Programm: dem Arnold Schönberg seng "Verklärte Nacht" an dem Robert Schumann seng zweet Sinfonie. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 19. August 2020 am Virtuelle Concertssall lauschteren.

auto_stories

1 min

Bekannt als ee vun den Haaptprotagoniste vun der Zweeter Wiener Schoul hat den Arnold Schönberg viru senger atonaler Phas och eng spéitromantesch. An dëser Phas schreift den éisträichesche Komponist mat der "Verklärten Nacht" bannent nëmmen dräi Wochen eent vu senge bekanntste Stécker. Eng Inspiratioun war dem Richard Dehmel säi Gedicht mam selwechten Numm. Eng aner méi spekulativ Inspiratioun war wuel d'Mathilde von Zemlinsky. Kuerz virun der Kompositioun huet hie si kennegeléiert, sech a si verléift. Spéider sollt si dunn och seng Fra ginn.

Programm:

  • Arnold Schönberg (1874-1951): Verklärte Nacht, op.4 00:01:40 / -01:58:20
  • Josef Suk (1874-1935): Serenad fir Sträichorchester, op.6 00:30:48 / -01:29:13
  • Josef Suk (1874-1935): Meditation, op.35a 01:02:20 / -00:57:40
  • Robert Schumann (1810-1856): Sinfonie Nr. 2 an Do Majeur, op.61* 01:11:36 / -00:48:24
  • Felix Mendelssohn (1809-1847): Ouverture Die "Hebriden", op.26* 01:49:29 / -00:10:30

Interpreten:

Prague Symphony Orchestra
Tomáš Brauner, Direktioun

*Mahler Chamber Orchestra
Jakub Hrůša, Direktioun