Iwwer 40 Joer huet den Amerikaner Paul Lanski exklusiv um Computer komponéiert, mat synthetesche Kläng experimentéiert. Laang huet hie mat gängeger Software geschafft, lues a lues awer en eegene Programm entwéckelt, bis hien enges Daags decidéiert huet, um Pabeier ze schreiwen.
"Et war Zäit, op Karbon baséiert Kompositiounsmethoden zeréckzekommen", notéiert de Lanski. "Shapeshifters", de Concerto fir zwee Pianoen, ass eng vun deenen éischte Kompositiounen, an där fir de Lanski neier Schreifweis.
Giuseppe Verdi: I vespri siciliani, Ouverture 00:00:00 / -01:13:24
Paul Lansky: Shapeshifters, Concerto fir zwee Pianoen 00:09:28 / -01:03:54
Antonín Dvořák: Symphonie Nr. 7 00:35:37 / -00:37:47
Interpreten:
Solistes Européens, Luxembourg
Christoph König, Direktioun
Christina Naughton, Michelle Naughton, Piano
De radio 100,7 huet dëse Concert de 5. Mee 2014 an der Philharmonie opgeholl.
Dir kënnt dëse Concert nach bis den 13. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.