De virtuelle Concertssall Pentaton am CAPE

Lauschtert de Bléiserquintett Pentaton am Live-Matschnëtt aus dem Centre d'Arts Pluriels zu Ettelbréck. Um Programm sti Wierker vu Marco Pütz, Carl Nielsen, Maurus Conte a Jacques Ibert.

Pentaton 2.jpg
Pentaton (© Tomasz Trzebiatowski)

De Pentaton Bléiserensembel besteet aus fënnef jonke Museker, déi all am nationalen an internationale Concertsliewen aktiv sinn. D'Membere kenne sech vun hire fréiere Museksstudien an den Héichschoule vun Zürech a Luzern.

Säin Debut hat den Ensembel am Kader vun engem Concert am Juni 2011. 2013 ass de Quintett bei der Swiss Chamber Music Competition 2013 als Preisträger Orpheus erausgaangen. Mëttlerweil proposéiert den Ensembel Wierker, déi vum Barock iwwer Klassik bis zur zäitgenëssescher Musek ginn.

Marco Pütz: Five characteristic Pieces 00:00:00 / -00:58:30
Jacques Ibert: Trois pièces brèves 00:09:54 / -00:48:36
Maurus Conte: Inventions 00:17:04 / -00:41:25
Carl Nielsen: Bléiserquintett, opus 43 00:31:08 / -00:27:22
BIS 00:55:54 / -00:02:37

Interpreten:

Béiserquintett Pentaton:
Aniela Stoffels, Flütt
Dominique Steiner, Hautbois
Nicola Katz, Klarinett
Ramon Imlig, Cor
Philipp Hösli, Fagott


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 22. Januar 2017 am CAPE opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis den 23. Mee 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.

Méi zum Thema

Bach.jpg
De virtuelle Concertssal

Zwee Brandenburgische Konzerte sinn um Programm vum Live-Matschnëtt mat Les Goûts Réunis. Am Kader vun de Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette ass den Ensembel zu Lëntgen opgetrueden.

Jean-Claude Braun - Militärmusek
De virtuelle Concertssall

D'Militärmusek interpretéiert "The Legend of Celobrium" vum Philip Sparke an der Kierch zu Zolwer. An dësem Wierk beschreift de Komponist eng Legend, déi mam Zolwer Knapp verbonnen ass.

Programm

Praktesch Infoen

  • In memoriam Jay Schiltz: Sonndeg, 10:00

    Jay Schiltz

    De Jay Schiltz, laangjärege Chefredakter a Mataarbechter vum radio 100,7 ass de Mëttwoch am Alter vun 62 Joer gestuerwen. Dëse Sonndeg loosse mir Frënn, Aarbechtskolleegen, Mënschen zu Wuert kommen, déi de Jay e Stéck vu sengem Wee, berufflech oder privat, begleet hunn.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen