Zwee Planéite feelen am Gustav Holst senger populärer Suite "The Planets": de Pluto, deen eréischt 1930 - also déck 15 Joer no der Première vun der Suite - entdeckt gouf, an d'Äerd, op déi den Holst bewosst verzicht hat. "The Planets" ass haut dat Wierk, mat deem de Gustav Holst identifizéiert gëtt, wat dem Komponist schonn zu Liefzäiten net richteg gefall huet. Dem Holst geet et manner ëm eng musikalesch Beschreiwung vun de Planéiten, hien huet sech méi fir déi astrologesch, déi mystesch a kulturhistoresch Aspekter interesséiert.
De Camille Saint-Saëns schreift säi Cellosconcerto Nummer 1 am Joer 1872. De Saint-Saëns war déi Zäit schonn eng unerkannte Perséinlechkeet am Paräisser Museksliewen, hat och scho seng zwou éischt Symphonië geschriwwen a sech grad u seng Oper "Samson et Dalilah" gemaach - déi bedeitend grouss symphonesch Wierker sollten awer eréischt kommen, an den éischte Cellosconcerto war eppes wéi de Point de Depart.
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Concerto fir Cello Nr. 1 00:00:00/-00:58:35
Gustav Holst (1874-1934): The Planets, op.32 00:26:36/-00:00:25
Interpreten
Andreas Brantelid, Cello
Fraen vum Danish National Concert Choir
Danish National Symphony Orchestra
John Wilson, Direktioun
Den dänesche Radio huet dëse Concert, den 12. September 2019 a sengem Concertssall zu Kopenhagen opgeholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 2. September 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.