Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musical Idylls an Swinging Classics

De Virtuelle Concertssall

Musical Idylls an Swinging Classics

De WDR-Symphonieorchester spillt Wierker vu Respighi, Wagner, Ibert, Mozart a Schubert.

auto_stories

2 min

Den Ottorino Respighi huet sech vill fir al Stiler, fir al Formen a Museken interesséiert. Si waren ëmmer Deel vu sengen eegene Wierker - sief et an den "Antiche Danze ed Arie" oder am "Trittioc botticelliano", de mer haut mam WDR-Symphonieorchester ënnert sengem Chefdirigent Cristian Macelaru héieren. Hei weist sech de Respighi emol méi als ee Museker, de mat Klangfaarwen regelrecht mole kann.

Klangzauberer sinn och de Richard Wagner, de Jacques Ibert an de Georges Enescu, an deem senger Musek, d'Folklore aus der rumänescher Heemecht e wesentlecht Element ass. Mat de Kompositiounen vu Mozart a Schubert rënnt sech de Programm ënnert dem Motto "Musical Idylls an Swinging Classics" passend of.

Ottorino Respighi: Trittico botticelliano 00:00:00/-01'40'38
Richard Wagner: Siegfried-Idyll 00'20'38/-01'18'00
Jacques Ibert: Divertissement 00'42'00/-01'00'00
Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Piano Nr. 12 01'00'00/-00'34'10
Franz Schubert: Symphonie Nr. 5 01'25'10/-00'03'15

Interpreten

WDR Symphonieorchester
Igor Levit, Piano
Cristian Macelaru, Direktioun


Dir héiert e Live-Matschnëtt vum 19. Juni 2020 aus der Philharmonie zu Köln. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 30. August am Virtuelle Concertssall lauschteren.