Den 8. Dezember 1915 feiert de Jean Sibelius mat der Uropféierung vu senger 5. Symphonie säi 50. Gebuertsdag. De Succès war enorm. Spéitstens vun deem Owend u war de Jean Sibelius a Finnland e Volleksheld, war hien definitiv de Papp, esouguer den Iwwerpapp vun der finnescher Musek.
Déi spéider Generatiounen hunn all op de Sibelius eropgekuckt. Och den Esa-Pekka Salonen, dee virun allem als Dirigent Karriär mécht, gëtt sech mat "Helix" un déi musikalesch Beschreiwung vun enger Moleküll.
Wéi fest déi finnesch Musek an den eegenen Traditioune verwuerzelt ass, weist de Kalevi Aho a "Sieidi", dat op Volleksmusek aus Lapland baséiert.
- Jean Sibelius: Symphonie Nr 5: 00:00:00 / - 01:33:09
- Esa-Pekka Salonen: Helix: 00:33:08 / - 01:00:01
- Kalevi Aho: Sieidi fir Perkussioun an Orchester: 00:43:47 / - 00:49:21
Interpreten:
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Alexander Shelley, Direktioun
Martin Grubinger, Perkussioun
De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt de 25. Januar 2019 an der Philharmonie opgeholl.
Dir kënnt dëse Concert nach bis den 9. Abrëll 2020 am Virtuelle Concertssall lauschteren.