Radioen

On air

De Moien  |  Charel Schmit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Live aus der Philharmonie

De virtuelle Concertssall

Live aus der Philharmonie

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg interpretéiert dem Beethoven seng 6. Sinfonie "Pastorale" ënner der Direktioun vum Gustavo Gimeno. Lauschtert de Live-Matschnëtt nach bis den 18. Juli hei.

auto_stories

1 min

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (© Alfonso Salgueiro)

Ënner dem Motto "Back to live" trëtt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir déi zweete Kéier nom Confinement op. Gläichzäiteg ass dëst och dem Orchester säi leschte Concert am Kader vun der aktueller Saison. Fir dëse besonneschen Optrëtt huet de Chefdirigent Gustavo Gimeno dem Ludwig van Beethoven seng sechst Sinfonie op de Programm gesat, kombinéiert mat der Ouverture zum Franz Schubert sengem Melodram "Die Zauberharfe".

Programm:

  • Franz Schubert: Die Zauberharfe (Rosamunde): Ouverture D 644 00:05:08 / -00:51:07
  • Ludwig van Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale" 00:18:17 / -00:38:00

Interpreten:

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Gustavo Gimeno, Direktioun