#beethoven20 Les adieux

Basis vun dësem Wierk ass eng programmatesch Iddi, déi de Ludwig van Beethoven an d'Form vun enger Sonat gegoss huet. Et geet souwuel ëm d'Gefiller vum d'Eddi-Soen, wéi och vum Erëmgesinn.

Les_Adieux_Titel.jpg
D'Titelsäit vun der éischter Editioun vum Beethoven senger Sonat "Les Adieux". (Foto: Wikimedia commons)

An den dräi Sätz "Das Lebewohl", "Abwesenheit" an "Das Wiedersehen" verzielt de Ludwig van Beethoven mat senger 26. Sonat eng musikalesch Geschicht. Ausléiser fir dëst Wierk, war eng fir de Komponist wichteg Persoun, där hien huet missen Äddi soen. De Jean Muller proposéiert an der Emissioun #beethoven20 eng Introduktioun an dës Sonat Opus 81a, besser bekannt ënner dem Titel "Les Adieux".

Introduktioun an d'Sonat Opus 81a

An der Mediathéik:

#beethoven20 / /
Lauschteren

Méi zum Thema

NOSPR
De virtuelle Concertssall

De Polish National Radio Symphony Orchestra interpretéiert dem Camille Saint-Saëns säi 5. Concerto fir Piano an dem César Franck seng Sinfonie a Ré Mineur ënner der Baguette vum Bertrand de Billy.

Programm

Net verpassen

  • Annonce: Recherche d'un journaliste-présentateur

    Gebai vum radio 100,7

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche 1 journaliste-présentateur (m/f) sous contrat à durée déterminée (12 mois) et à tâche complète (40h/semaine)

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen