Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laureate vum 16. Internationalen Tschaikowski-Concours

De virtuelle Concertssall

Laureate vum 16. Internationalen Tschaikowski-Concours

E Live-Matschnëtt aus dem Metropolitan Theater zu Tokyo mat de jonke Solisten Dmitry Shishkin, Santiago Cañón-Valencia a Sergei Dogadin. Um Programm stinn dräi bedeitend Wierker vum Tschaikowski.

auto_stories

1 min

Den 8. Oktober 2019 huet den Tokyo Symphony Orchestra am Metropolitain Theater zu Tokyo dräi Gewënner vum 16. Internationalen Tchaikowsky-Concours bei sech empfaangen, fir mat hinnen e rengen Tschaikowksi-Programm op d'Been ze stellen.

Lauschtert de bekannten éischte Pianosconcerto mam Dmitry Shishkin - e jonke Pianist, dee well mat dräi Joer säin éischte Récital gespillt huet - d'Rococo-Variatioune mam Santiago Cañón-Valencia - en Cellist, deen och well zu Lëtzebuerg opgetrueden ass - an de Geieconcerto mam Sergei Dogadin, dem Gold-Medail-Gewënner aus der Kategorie "Gei" beim Tschaikowski-Concours.

Programm:

Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Concerto fir Piano Nr. 1 a Si bémol Mineur, Opus 23 - 00:01:45 / 01:33:05*

Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Variatiounen iwwer e Rococo-Thema, Opus 33 - 00:36:50 / 00:58:00**

Pjotr Iljitsch Tschaikowski (1840-1893): Concerto fir Gei a Ré Majeur, Opus 35 - 00:57:14 / 0037:35***

Interpreten:

Dmitry Shishkin, Piano*
Santiago Cañón-Valencia, Cello**
Sergei Dogadin, Gei***

Tokyo Symphony Orchestra
Norichika Iimori, Direktioun


De radio 100,7 huet dëse Concert, deen den 8. Oktober 2019 am Metropolitain Theater zu Tokio opgeholl gouf, vun European Broadcasting Union iwwerholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 20. Oktober 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.