De Concerto fir Kammerorchester "Dumbarton Oaks" vum Igor Strawinsky. war eng Commande vun engem amerikaneschen Diplomat, deen domadder säin 30. Hochzäitsdag wollt feieren. D'Uropféierung sollt beim Diplomat doheem, zu Dumbarton Oaks, sinn.
Et ass ee Concerto aus der neoklassizistescher Period vum Strawinsky, komponéiert am Joer 1937. De Strawinsky berifft sech an deem kuerzen dräisätzege Wierk explizitt op dem Bach seng brandenburgesch Concerti.
Igor Strawinsky: Dumbarton Oaks 00:00:00 / -01:00:30
Joseph Haydn: Pianosconcerto a ré maj. Hob. XVIII.11 00:16:04 / -00:44:27
Maurice Ravel: Le Tombeau de Couperin 00:36:03 / -00:24:23
Interpreten:
Orchestre de Chambre du Luxembourg
Cathy Krier, Piano
David Reiland, Direktioun
De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 10. Mee 2015 am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgeholl. Dir kënnt dësen Optrëtt nach bis de 28. Mee 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.