Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gei, Cor a Piano

De Virtuelle Concertssall

Gei, Cor a Piano

De Philippe Koch, de Leo Halsdorf an d'Katrin Reifenrath proposéiere Wierker vum Ludwig van Beethoven, Johannes Brahm a Franz Schubert. Opgeholl gouf dëse Concert um Festival vu Buerglënster.

auto_stories

1 min

De Festival vu Buerglënster proposéiert seng Concerten zum gréissten Deel am Buerglënster Schlass. Museker aus Lëtzebuerg kréien hei eng Plattform proposéiert, sech als Kammermuseksformatiounen ze produzéieren.

Bei dësem Trio spillen zwee Museker aus dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg: de Konzertmeeschter Philippe Koch op der Gei an de Solo-Cornist Leo Halsdorf. Si gi begleet vun der Pianistin Katrin Reifenrath, Enseignante am Stater Conservatoire.

Frédéric Duvernoy: Trio Nr. 1 fir Gei, Cor a Piano 00:00:00 / -01:07:14
Ludwig van Beethoven: Corsonat, Opus 17 00:07:47 / -00:59:26
Franz Schubert: Sonatine fir Gei a Piano 00:22:48 / -00:44:25
Johannes Brahms: Trio fir Gei, Cor a Piano, Opus 40 00:36:04 / -00:31:09
Charles Koechlin: Scherzando aus 4 petites pièces, BIS 01:06:09 / -00:01:03

Interpreten:

Philippe Koch, Gei
Leo Halsdorf, Cor
Katrin Reifenrath, Piano


De radio 100,7 huet dëse Concert den 2. Mäerz 2014 zu Buerglënster am Schlass opgeholl.

Dir kënnt dëse Concert nach bis den 12. Abrëll 2020 am virtuelle Concertssall lauschteren.