De virtuelle Concertssall Den Emmanuel Krivine

Lauschtert dee leschte Concert vum Emmanuel Krivine als Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Um Programm: dem Strawinsky säi Feuervogel an dem Gershwin säi Concerto a fa.

Emmanuel Krivine
Emmanuel Krivine (© Julien Becker )

Den 3. Juli 2015 war ee besonneschen Owend an der Philharmonie - ee Fest, awer och eng Soirée mat engem Schotz Nostalgie. Et war den offizielle Concert fir den 10. Gebuertsdag vum Concertshaus ze feieren - an engems awer och dee leschte Concert mam Emmanuel Krivine a senger Funktioun als Chefdirigent vum OPL.

Zanter 2001 hat den Emmanuel Krivine mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg zesummegeschafft - fir d'éischt als Premier chef invité a vun 2006 un als Directeur musical.

Demissioun beim Orchestre National de France

2016 huet den Emmanuel Krivine de Poste vum Chefdirigent beim Orchestre national de France iwwerholl, wou en den 28. Mee 2020 stënterlech "aus perséinleche Grënn" demissionéiert huet.

Säi Kontrakt wier nach bis un d'Enn vun der Saison 2020-2021 gelaf. Dann iwwerhëlt de Rumän Cristian Măcelaru d'Baguette beim Orchestre national de France.

Igor Strawinsky: Der Feuervogel 00:00:00 / -00:56:37

George Gershwin: Concerto a fa 00:22:40 / -00:33:56

Interpreten:

Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Jean-Yves Thibaudet, Piano
Emmanuel Krivine, Direktioun


De radio 100,7 huet dëse Live-Matschnëtt den 3. Juni 2015 am groussen Auditorium vun der Philharmonie opgeholl.

Méi zum Thema

Goûts réunis2.jpg
De Virtuelle Concertssall

Les Goûts réunis interpretéiert ënner der Direktioun vum Olivier Brault Wierker vun de Komponisten Monn, Vanhall a Bieber. Lauschtert de Live-Matschnëtt, opgeholl am Kader vun den RMVA 2018.

Madrigal de Luxembourg.jpg
De virtuelle Concertssall

2017 sinn den Organist Maurice Clement, de Madrigal de Luxembourg an den Ensemble de la chapelle Saint-Marc am Kader vun de Soirées musicales de Bissen opgetrueden. Lauschtert de Live-Matschnëtt hei.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen