Den 18. an den 19. Januar 2020 waren och fir déi am Ëmgang mat Vedetten routinéiert Wiener Philharmoniker zwee besonnesch Owenter. Um Pult stoung den 88jäeregen John Williams, de grousse Meeschter vun der Filmmusek an deene leschten déck 30 Joer. Fir munch Orchestermuseker koumen doudsécher Erënnerungen u vill Kinosfilmer op, déi se als Jugendlecher gesinn haten. Elo war den Ament komm, fir all déi Tuben ënnert der Direktioun vum Komponist selwer ze spillen. Scho virum Concert war d'Begeeschterung enorm. D'Entrée des Artistes war belagert vu Williams-Fans, déi de Komponist einfach just eng Kéier wollte gesinn oder sech esouguer een Autogramm erhofft hunn.
Interpreten
Wiener Philharmoniker
Anne-Sophie Mutter, Gei
John Williams, Direktioun
De radio 100,7 huet dëse Concert, den den 18./19. Januar 2020 am Musikverein zu Wien enregistréiert gouf, vun European Broadcasting Union iwwerholl. Dir kënnt dëse Live-Matschnëtt nach bis den 5. Oktober 2020 am Virtuelle Concertssall lauschteren.