D'Sonat Nr. 15 a ré majeur opus 28 vum Beethoven gouf 1801 komponéiert an 1802 publizéiert ënner dem Titel "Grande Sonate fir Piano-Forte". Se gouf dem Herzog Joseph von Sonnenfels gewidmet. Den Editeur Cranz huet der Sonat den Ënnertitel "Pastorale" bäigefüügt, wat awer hei net mam Beethoven senger sechster Sinfonie Pastorale verwiesselt gi soll.
Dës Sonat ass direkt no der Mondscheinsonat (Nummer 14) entstanen, an där Zäit, wou et dem Beethoven bewosst gouf, datt hien ëmmer méi ënner Gehéierproblemer leide géing. Allerdéngs ass an dëser Pastoral-Sonat dëse Schicksalsschlag awer net ze spieren.
Introduktioun an d'Sonat Nr. 15
Sonat Nr.15