A wie kennt en net, de Foxe Fern? Ee vun eise villsäitegsten an eegewëllegsten Theaterspiller krut de 26. Januar 2004 seng 70 Joer. Vill erënnere sech nach u seng Optrëtter um "Hei Elei" oder un déi sëllege Lëtzebuerger Revuen, an deenen de Fernand Fox bis Enn vun de 60er Jore matgespillt huet.
Awer net nëmmen dat komesch Fach läit him. Seng Qualitéiten als Charakterduersteller entwéckelt hien am Kasemattentheater ënner der Regie vum Tun Deutsch. Ee vu senge markantsten Theatermomenter war an deem Kontext d'Opféierung 1972 vun "Die Emigranten" op der Elisabethbühne zu Salzburg.
Ufanks den 80er Joren hänkt de Fern säi Beruff als Privatbeamten un den Nol a gëtt Wiert um Lampertsbierg. An der Theaterstiffchen fänkt mat de Cabaretsprogrammer vum Kasemattentheater en neit Kapitel an der Lëtzebuerger Theatergeschicht un.
De Fernand Fox ass en Acteur duerch an duerch, vun deem ee vill ka léieren, an dee sech a sengem Publikum trei bliwwen ass. De Claude Mangen huet dem Foxe Fern 2004 fir de 70. Gebuertsdag gratuléiert.