Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Besuch: beim Pierre Puth

De radio 100,7 Archiv

Op Besuch: beim Pierre Puth

2003 fir dem radio 100,7 säin 10. Gebuertsdag war de Claude Mangen, deemolege Programmchef, säi Virgänger an éischte Programmdirekter vum 100,7 opsichen, fir mat him zesummen an alen Zäiten ze wullen.

auto_stories

1 min

De Pierre Puth ass um Lampertsbierg opgewuess a goung nom 6. Schouljoer an de Kolléisch an duerno op de Cours Universitaire. Zu Tübingen, Paräis a München huet hie Germanistik a Philosophie studéiert. Hei konnt hien och fir déi éischte Kéier a literaresche Kreesser Fouss faassen an, als klengen Ufänger, zesumme mat enger Partie deemools scho bekannte Schrëftsteller u literaresche Publikatiounen a Virliesungen deelhuelen. Zanter 1970 ass hien Däitschprofesser a war do dernieft a villen anere Beräicher aktiv, ë. a. um Gebitt vun der Lëtzebuerger Kultur, speziell wat d'Literatur an den Theater ugeet, bei Radio an Télé Lëtzebuerg (laangjärege Mataarbecht beim "Hei Elei") an als Organisateur an Animateur vu ville kulturelle Manifestatiounen. 1993 (a schonn an der Virbereedungszäit) war hien als ee vun deenen éischte mat derbäi, déi den 100,7 an d'Liewe geruff hunn. De Claude Mangen huet sech mat him ënnerhalen.