Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erlieft a Verzielt: De Prof. Pierre Drauth (1925-2017)

De radio 100,7 Archiv

Erlieft a Verzielt: De Prof. Pierre Drauth (1925-2017)

Am Januar 2004 huet de Carlo Link e Professer aus dem Stater Conservatoire, Komponist an Organist besicht. De Professer Pierre Drauth, 1925 gebuer an 2017 gestuerwen, huet villes aus senger Kandheet verzielt, mee och wéi hien den Zweete Weltkrich materlieft huet. Wärend dëser Zäit huet de Pierre Drauth nämlech seng éischt Sonat komponéiert.

auto_stories

1 min

De Pierre Drauth war vun 1958-1989 Professer fir Solfège, Piano, Uergel an Harmonie am Stater Conservatoire. Nieft verschiddenen Organisteplazen am Land war hien als Komponist ganz aktiv. Dem jonke Museker seng éischt Kompositioun ass an de Krichsjoren entstanen. Weider huet de Pierre Drauth eng grouss Zuel vu Vokal- an Orchesterwierker, esou wéi Uergelwierker geschriwwen. Duerch seng Klasse sinn eng Rei Schüler gaangen, déi eng professionell Karriär an der Musek ageschloe hunn. De Prof. Drauth verzielt iwwer säi Liewe mat der Musek, wéi och iwwer säi Kontakt als Organist mat der international unerkannter Virtuosin op der Uergel, der Jeanne Demessieux (1921-1968).