Den Norbert Thill (1923), bekannt fir seng Fotoreportagen a Saache Kultur a Musek am Luxemburger Wort (vun 1945 un), an der Zeitung Heimat und Mission, wéi och an der Musekszeitung Canticum Novum, war vun 1953 bis 1983 Professer fir Musek a Konschtgeschicht am Stater Kolléisch an am Lycée Robert Schuman zu Lëtzebuerg. Piano- an Uergel-Coursen hat den Norbert Thill beim Maître Albert Leblanc an zu Bréissel um Conservatoire Royal geholl. Bis 1953 war hien Titularorganist op der Stahlhutuergel zu Diddeleng an tëschent 1952 an 1964 Professer fir Piano an der Diddelenger Museksschoul.
Duerch seng vill Studiereesen an Europa, Afrika, Asien an Amerika konnt den Norbert Thill Projektiounskonferenzen zu Lëtzebuerg an an Europa ginn, wou hien op eng Kollektioun vun engen 300.000 faarwegen Diapositiven zeréckgräife konnt. Fir dës Aarbechte krut hien héich Auszeechnungen a Frankräich, Italien a Rumänien. De Prof. Thill war och Auteur vu verschiddene Fotobänn, wéi ë. a. "Amerikanische Kriegsdenkmäler in Luxemburg", "Orgeln und Orgelbau in Luxemburg", "Bekannte und verborgene Schönheiten in Luxemburg".
An der Emissioun verzielt de Pedagog, Museker, Fotograf, Auteur a Kultur-Conferencier iwwer seng Aarbechten, wéi och iwwer seng Kontakter mat ë. a. dem bekannten Dr. Albert Schweitzer.