An der zweeter Emissioun vum Jean Portante senger Serie "Binôme" wosst hien am Ufank vläicht net, wat fir eng lëschteg Invitée hie bei sech an de Studio invitéiert hat. Ob jiddwer Fall héiert een der Léa Linster gutt of, datt si frou war Zäit mat hirem Invité, dem Robert Goebbels, ze verbréngen. Mee lauschtert selwer, wat een alles bei esou häerzlechen Diskussioune matkréie kann.
Eng Emissioun, an där de Jean Portante zwou Perséinlechkeeten aus der sozio-kultureller Zeen (Kultur, Politik, Wëssenschaft, Sport, asw.) vum Land empfaangen huet. Zwou Perséinlechkeeten, déi sech schätzen, eppes mateneen ze dinn hunn a Loscht hunn, een iwwer deen aneren ze schwätzen. Zwee Portraiten entstinn esou, op eng originell Aart a Weis gezeechent.
Mir benotze Cookien an aner Technologië fir Iech personaliséierte Contenu unzeweisen. Andeems Dir op OK klickt, erkläert Dir Iech domat averstanen.