Radioen

On air

E-Lodie  |  Nahal Kavand - Dream Of A Sky Temple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwou Koalitiounen an der Stad méiglech

Gemengewahlen 2017

Zwou Koalitiounen an der Stad méiglech

An der Stad Lëtzebuerg heescht de grousse Verléierer bei de Gemengewahlen LSAP. Et kéint zu engem Koalitiounswiessel kommen. D'CSV wënnt zwee Sëtz bäi a revendiquéiert eng Plaz am Stater Schäfferot. Déi blo-gréng Koalitioun kéint awer weiderhi bestoe bleiwen.

auto_stories

3 min

Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg

An der Stad Lëtzebuerg heescht de grousse Verléierer LSAP. D'Sozialisten hunn ee Mandat verluer a behalen domat nach dräi Sëtz. De Wahlgewënner ass d'CSV, déi zwee Sëtz eruewert huet an elo op siwe Mandater kënnt. Fir den CSV-Spëtzekandidat Serge Wilmes ass kloer, datt de Wielerwëlle muss respektéiert ginn.

"Et muss mat der CSV geschwat ginn. Mir sinn och oppe fir Diskussiounen. Wann een de Wielerwëlle wëll respektéieren, muss d'CSV an de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg zréckkommen."

D'DP huet an der Stad ee Sëtz verluer. Mat elo néng Mandater ass déi demokratesch Partei awer ëmmer nach déi stäerkste Partei am Stater Gemengerot. Fir déi aktuell DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer ass et kloer, datt een d'Gespréicher mat der CSV muss sichen.

Eng Bestrofung vun de Wieler?

Et gëtt awer och nach d'Méiglechkeet, sech mat deene gréngen zesummenzesetzen. Déi Stater blo-gréng Koalitioun huet ee Sëtz verluer. Vun enger Bestrofung vum Wieler kann een allerdéngs net schwätzen: De Sëtz deen d'DP verluer huet ass e Rescht-Sëtz gewiescht.

Dobai kënnt, datt béid Parteien hir beschtgewielte Kandidate vun 2011 net méi mat op der Lëscht haten. Fir d'DP waren dat deemools de Xavier Bettel an de Paul Helminger. Fir déi gréng de François Bausch an d'Vivianne Loschetter.

"Dës Wahle si mir mat enger ganz neier Ekipp ugetrueden. Mir hunn et fäerdeg bruecht, eise Score net nëmmen ze verdeedegen, mä eis nach eng Kéier ze verstäerken. Ech mengen dat ass e ganz klore Message vun de Wieler," esou de grénge Spëtzekandidat François Benoy.

Un der Majoritéit an der Stad hätt sech och no dëse Gemengewahlen näischt geännert, obwuel de Koalitiounspartner DP e bësse verluer hätt.

"Mir hunn nach ëmmer eng Majoritéit a mir goufe gestäerkt," esou de François Benoy.

Grousse Wahlgewënner ass awer d'CSV. Wann een d'Resultater ënnert d'Lupp hëlt da ginn et bannent der CSV och gréisser Changementer par Rapport zu 2011. De Spëtzekandidat Serge Wilmes war bis elo nach ni an engem Gemengerot. Hien ass op der CSV-Lëscht den Éischtgewielten. Op déi zweet Plaz kënnt dem CSV-Fraktiounspresident seng Fra, d'Isabel Wilmes Lima, duerno de Maurice Bauer. Den Deputéierte Laurent Mosar koum op déi véierte Plaz. 2011 war hien nach Buergermeeschterkandidat.

D'CSV-Deputéiert Martine Mergen huet et net gepackt an de Gemengerot gewielt ze ginn.

Grad wéi zu Esch ass d'LSAP an der Stad de grousse Verléierer. Et ass e Verloscht vu véier Prozentpunkten an engem Sëtz manner, wéi nach 2011. Den LSAP-Spëtzekandidat Marc Angel war iwwer d'Resultat enttäuscht.

"Et ass e schrecklecht Resultat. Et ass eng Defaite, fir déi ech als Spëtzekandidat gerued stoen. Ech mengen, mir hunn an deene leschte Joren an der Gemeng gutt Oppositounspolitik gemaach a konstruktiv matgeschafft."

déi Lénk behalen hir zwee Sëtz. Den Deputéierten David Wagner an de Joël Delvaux sinn am Gemengerot. D'ADR huet hiren eenzege Sëtz an der Stad och behalen. D'Piratepartei, déi fir d'éischte Kéier bei de Gemengewahlen dobäi waren, grad wéi d'Kommunistesch Partei, hu kee Mandat an der Stad kritt.