Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.10 an Do Majeur, K330, III. Allegretto - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweet Well: Et solle méi Covid-Patienten doheem behandelt ginn

Corona-Pandemie

Zweet Well: Et solle méi Covid-Patienten doheem behandelt ginn

Fir d'Spideeler ze entlaaschte sollen an nächster Zäit méi Covid-Patienten doheem behandelt ginn. De Verband vun de Generaliste géif am Moment ee Konzept ausschaffe fir Covid-Patienten bei sech doheem oder am Altersheem ze versuergen, "esou laang dat méiglech ass", seet de Paul Junck.

auto_stories

3 min

De Paul Junck ass President vun der Spidolsfederatioun. Foto: Archiv

Dat Konzept wier geschwë fäerdeg, esou de Paul Junck: Och d'Dokteren aus de Spideeler kéinte mat agebonne ginn:

"D'Spidolsmedizinner kéinten de Generalisten hëllefen déi Hospitalisations à domicile beschtméiglech hinzekréien. Wann natierlech e Besoin ass fir e Patient op Basis vun enger medezinescher Indikatioun an d'Spidol ze huelen - da kënnt en och an d'Spidol. Mee e kënnt dann net esou séier an net automatesch direkt an d'Spidol. Dat géif also schonn hëllefe fir d'Akutspideeler e bëssen ze entlaaschten."

Verschidde Medezinner gi gebraucht

De President vun der Spidolsfederatioun seet, et wier "total onrealistesch" alleguer d'Covid-Patienten an engem Spidol ze behandelen. Fir Covid-19-Fäll ze traitéiere géifen nämlech Spëtzemedizinner aus ville verschiddene Beräicher gebraucht ginn, esou de Paul Junck de Moien hei op der Antenn:

"Do kënne mer net eng Schwarzwaldklinik dorëmmer opsetzen. Do gi ganz vill Capacitéite vun Doktere verlaangt. Net nëmmen Urgentisten, Anästhesisten, Reanimateuren, do ginn och Neurologe gebraucht, do gi Nephrologe gebraucht, do gi Kardiologe gebraucht. Fir déi all ze bëndelen, an elo matten an der zweeter Well, aus dem Näischt, eng zentraliséiert Covid-Struktur dohinner ze setzen. Dat ass fir eis total onrealistesch."

Personal kéint knapp ginn

Dës Kéier si genuch Masken a genuch Beootmungsmaschinnen do. An awer kéinten eis Klinicken an nächster Zäit un hir Limite stoussen: Et riskéiert nämlech enk mam Personal ze ginn.

Et wéilt een esou laang wéi méiglech Covid-Patiente wéi och normal Patiente behandelen, seet de Paul Junck. "Do wëlle mer net esou streng an net esou radikal deprogramméieren, wéi mer dat am Mäerz gemaach hunn."

D'AMMD hat proposéiert, datt administrativ Aufgaben an de Spideeler sollte reduzéiert ginn, datt Infirmieren an Doktere méi Zäit hu fir sech ëm d'Patienten ze këmmeren. De Paul Junck mengt, datt een net ze vill op eng eenzeg Solutioun sollt pochen.

"Mir hunn do tëschent de Spideeler eng Strategie entwéckelt, déi ech 'multifactoriel' nennen. Et ass e Package vum Mesuren, un deene mer konkret schaffen. Wou deelweis scho verschidde Saachen amgaang sinn ëmgesat ze ginn. Ech kann Iech déi vläicht eng Kéier opzielen: Éischtens emol déi Well briechen, dat ass dat Wichtegst. Zweetens, si mer ganz frou, datt d'Centre de Consultation fir Covid-Patienten opgaange sinn - dat entlaascht eis Urgencen an de Spideeler. Dann hu mer eng Strategie fir am Virfeld vun de Spideeler ze kucken d'Leit net esou séier an d'Spideeler eranzehuelen. Et sief den akute Gesondheetszoustand verlaangt dat."