Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zwee nei Memberen am Verwaltungsrot

Radio 100,7

Zwee nei Memberen am Verwaltungsrot

De Verwaltungsrot vum radio 100,7 kritt zwee nei Memberen: d'Journalistin Josée Hansen an den Affekot Pierre Reuter ersetzen d'Michèle Vallenthini an de François Mousel, déi rezent allebéid demissionnéiert hunn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

De Regierungsrot huet déi zwou Nominatiounen de Moie guttgeheescht, op Propositioun vum Verwaltungsrot vun dësem Radio.

D'Regierung wëllt deemnächst e Gesetzesprojet op den Instanzewee brénge fir d'Gouvernance an d'Missioun vum ëffentlech-rechtlechen 100,7 ze reforméieren. Fir där Reform virzegräifen, huet de Regierungsrot d'Nominatioun vun den neie Memberen net eleng decidéiert.

De Premier a Medieminister Xavier Bettel hat den 100,7-Verwaltungsrot gefrot, zwee Virschléi ze maache vu Perséinlechkeeten aus dem kulturellen a gesellschaftleche Liewen.

De komplette Verwaltungsrot vum radio 100,7:

Véronique Faber, présidente

Tania Brugnoni
Jean-Marie Haensel
Dominique Hansen
Josée Hansen
Raphael Kies
Pierre Reuter
Jacques Thill
Renée Wagener

Céline Flammang, Commissaire de Gouvernement
Laure Bourguignon, Secrétaire du conseil d'administration