Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zukunft vum Modell vun de Foiren

Corona-Kris

D'Zukunft vum Modell vun de Foiren

Ee vun de Secteuren, deen international ënner der Corona-Kris leit, ass dee vun de Foiren. Luxexpo The Box hat d'lescht Joer eng 450.000 Visiteuren. Dëst Joer rechent ee mat just 160.000 Gäscht. Verschidde Foirë sinn ausgefall, anerer zéie wéinst de sanitäre Mesurë manner Leit un. Fir d'Visiteuren, déi op eng Foire ginn, ass dat awer net ëmmer vun Nodeel.

auto_stories

2 min

D'lescht Woch war d'Home Expo, fréier Hierschtfoire genannt. 23.000 Visiteure goufe gezielt, manner wéi déi Jore virdrun. Dat huet een op der Plaz gemierkt. Et war phaseweis immens roueg.

Mat de Stänn, déi d'Sécherheetsdistanze respektéieren, gouf d'Gefill vu groussen eidele Korridoren nach méi verstäerkt. Mee verschidde Visiteuren huet dat gefall: et wier méi raimlech, d'Leit géife sech un déi sanitär Mesuren halen.

Manner Trafic bedeit dofir ëmsou méi méi Confort. Wann do net d'Obligatioun vum Mask wier, fënnt ee Visiteur, et wier net esou locker wéi soss. Den Echo vun den Exposante war änlech wéi bei de Visiteuren: manner Leit, mee déi déi do waren, hunn Interessi gewisen. Mee net jiddwereen ass zefridde mat der Home Expo: deelweis wieren net vill Leit op de Stänn gewiescht.

Aneren hëllefen

Et ass mëttlerweil evident, datt den Evenementiel besonnesch haart getraff ass vun der sanitärer Kris. Dat weess och de Morgan Gromy, deen zanter 2018 Generaldirekter vun der Luxexpo ass. Hie weist sech awer kämpferesch a seet, datt d'Luxexpo The Box zanter August et trotzdeem fäerdegbruecht hätt, siwen Eventer ze organiséieren.

Bis zum Schluss vum Joer wieren nach eng Dosen ugepeilt. Dës Expertise géif ee wëlle mat aneren deele fir ze hëllefen, awer Evenementer ze organiséieren, wou se méiglech sinn, och wann dat méi géif kaschten.

"Nous on doit les aider, les accompagner dans toutes leurs démarches. Ca c'est notre responsabilité sur un court terme."

Wéi laang dauert d'Kris?

Zukunftsprognose bleiwe wéinst dem onstabele Kontext vag. Et ass rieds vun neie Konzepter: d'Kris misst genotzt gi fir Innovatioun an de Secteur ze bréngen. Duerch d'Corona-Kris hätt ee missten nodenken, wat een an Zukunft wëllt maachen. Als Beispill nennt de Morgan Gromy Evenementer, déi dobannen an dobausse sinn, an datt d'Evenementer an Zukunft méi dacks op verschidde Plazen a mat manner Leit wäerte stattfannen.

Fir d'nächst Joer rechent de Morgan Gromy mat 50 Prozent manner Aktivitéit wéi geplangt. Beim Direkter vun der Luxexpo ass et d'Hoffnung, datt d'Aktivitéit awer am spéide Fréijoer nees unzitt - wann d'sanitär Kris bis dohi maîtriséiert ass.