Luxembourg Space Agency Zu Lëtzebuerg schaffen eng 800 Leit am Weltraumsecteur
Den Direkter vun der Luxembourg Space Agency fënnt et "net dramatesch", datt verschidden Entreprisen aus dem Lëtzebuerger Weltraumsecteur am Ufank Verloschter maachen. Eréischt an dräi bis fënnef Joer kéint ee mat "konkrete Resultater" rechnen, esou de Marc Serres.

Éischt positiv Unzeeche gesäit hien awer elo schonn. Den LSA-Direkter seet, am Moment géife "ronn 800 Leit" hei am Land am Space-Beräich schaffen. Hie rechent domat, datt an den nächsten dräi Joer nach 400 weider Leit dobäi kommen.
D'Luxembourg Space Agency gouf virun engem Joer gegrënnt. De Rick Mertens huet dofir beim Direkter nogefrot, wéi den éischte Bilan ausgesäit.
Déi laang Versioun vum Interview mam Marc Serres: