Ried zur Lag vun der Natioun Zousätzlech Ausgabe fir d'Kannerbetreiung
Fir d'Schoulrentrée wëll déi Blo-Rout-Gréng Regierung d'Kannerbetreiung méi staark staatlech subventionéieren. Dat war eng vun de wéinege groussen Annoncen an der Deklaratioun zur Lag vum Land.

Fir Kanner tëscht Engem a Véier Joer soll d'Betreiung während 46 Wochen am Joer fir 20 Stonnen d'Woch gratis sinn. Dat huet de Premier Xavier Bettel (DP) an der Chamber annoncéiert. Fir Kanner aus sozial schwaache Famille kéint d'Gratuitéit op 30 Stonnen d'Woch klammen. Den Tarif vun de Stonnen, déi d'Eltere weiderhi bezuelen, géif sozial gestaffelt ginn.
"Eng Famill mat zwee Kanner an der Crèche ka vun der Rentrée u mat tëscht 3000 a 5000 Euro entlaascht ginn", esou de Staatsminister. D'Personal an de Kannerbetreiungsstrukture géif em 10 Prozent klammen.
Annoncen ouni vill Detailer
De Xavier Bettel huet net preziséiert, wéi vill déi Mesure de Staat am Detail kaschte soll. En huet awer erkläert, datt de Staat 2018 81 Milliounen Euro zousätzlech an d'Förderung vu klenge Kanner investéiere wéilt.
Och net präzis war d'Annonce vum Rekrutement vun 350 Spezialiste fir den Encadrement vu Kanner a Jugendlechen. Déi Leit géifen iwwert "déi nächst Joren" zur Verfügung stoe fir Educateuren, Sozialaarbechter, Psychologen, Pädagogen an Therapeuten z'entlaaschten.
Aner Detailer am Beräich vun der Educatiounspolitik:
- Am September géifen an zwee Lycéeë 50 Schüler op der neier Informatik-Sektioun ufänken
- Vun der Rentrée u kéinten all d'Lycéesschüler zu besonnesche Konditiounen en Tablet kréien
Gratis ëffentlechen Transport?
Nieft dem Konzept vun enger gratis Kannerbetreiung huet d'Regierung och dem fréiere Premier Jean-Claude Juncker (CSV) seng Iddi vun engem gratis ëffentlechen Transport opgegraff.
Fir Bénévoler "déi sech engagéieren ouni dofir bezuelt ze ginn", soll den ëffentlechen Transport gratis ginn. D'Regierung wëll déi Mesure an den nächste Méint konkretiséieren, esou de Premier. E Käschtepunkt gouf net genannt.
Bekanntes bei Mobilitéit a Logement
D'Mobilitéits- an d'Logementspolitik zielen zu den aktuellen Erausfuerderungen, huet de Xavier Bettel gemengt. D'Mesuren, déi hie genannt huet, ware gréisstendeels scho bekannt. Nei war virun allem d'Ausso, datt d'Regierung déi méi attraktiv Besteierung vun der Plus-Value um Verkaf vum Immobilien no enger Evaluatioun am Hierscht eventuell verlängere wëll. Des Mesure war Mëtt 2016 ugelaf a sollt bis Enn 2017 daueren.
Weider punktuell Annoncen:
- Fir d'Ekonomie méi kompetitiv ze maache wëll d'Regierung 2018 en neie Regime fir de System vun der Propriété intellectuelle aféieren
- Als Kulturminister wënscht sech de Xavier Bettel, datt d'Gemenge Plaze siche fir "Konschwierkstätten", wou Kënschtler a Museker zesumme schaffe kënnen
- D'Regierung wëll 2017 e Gesetzprojet virleeë fir "de Statut vum Salarié handicapé ze vereinfachen"
- D'Gebäerdesprooch soll als eegestänneg Sprooch unerkannt ginn
- Den Ament gëtt eng Analyse iwwer d'Nohaltegkeet vum Lëtzebuerger Pensiounssystem gemaach
- Bauere sollen d'Méiglechkeet kréien an enger éischter Phase just en Deel vun hirer Produktioun op biologesch Produktioun ëmzestellen
D'Ried zur Lag vun der Natioun war em een Dag verréckelt ginn. Um Dënschdeg huet d'Chambersitzung missen ofgebrach ginn, well et an der Chamber Problemer mam Toun goufen an d'Ried dowéinst net konnt iwwerdroe ginn.