Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zesummen eng aner Zukunft proposéieren"

Transition Days 2020

"Zesummen eng aner Zukunft proposéieren"

De Centre for Ecological Learning organiséiert dëst Joer nees d'Transition Days. Hei sollen d'Mënschen an d'Gespréich kommen an iwwer aner Weeër fir d'Gesellschaft schwätzen. Dës Kéier leeft de Festival ënner enger anerer Form of.

auto_stories

2 min

Normalerweis ginn d'Transition Days wärend dräi Deeg organiséiert. Wéinst dem Coronavirus huet ee sech beim Centre for Ecological Learning fir dës Editioun fir eng aner Formule entscheet.

Vun September u ginn iwwer néng Méint, bis de Mee d'nächst Joer, all Mount verschidden Eventer organiséiert. D'Haaptfro vun dëser Editioun ass "How to live together in a one planet world". All Mount gëtt awer en anere Schwéierpunkt ronderëm dëst Theema gesat.

Dofir huet een d'Metaphore vum Haus gewielt, esou d'Delphine Dethier vum CELL. An den nächste Méint geet ee vun der Kichen, duerch d'Kummer an d'Garage, bis an de Gaart. All Mount stinn dann Eventer zu der jeeweileger Thematik um Programm.

"Strukturelle Wiessel kann nëmmen zesummen ëmgesat ginn"

Zesummen eng aner Zukunft proposéieren, dat wier d'Haaptzil vun den Transition Days, esou d'Delphine Dethier, den Austausch ënnertenee méiglech ze maachen an Initiative weisen, déi et scho gëtt.

Et wëllt ee weisen, datt jiddwereen en Impakt kann hunn, datt ee scho mat klenge Saachen, wéi d'Luucht ausmaachen, wann een aus dem Zëmmer geet, eppes verännere kann. Mee d'Transition Days sollen awer och drop opmierksam maachen, datt e strukturelle Wiessel nëmmen zesummen an och mat der Politik geet.

Online-Konferenz

De 17. September ass déi éischt Konferenz am Kader vun den Transition Days, um 19:30 an der Abtei Neimënster, mam Rob Hopkins, dem Matbegrënner vun der Transitioun-Beweegung.

Dës Konferenz ass zwar schonn ausverkaaft, mee et kann een awer iwwer YouTube live derbäi sinn.

Bis an de Mee gëtt am Neimënster och all Mount eng aner Video-Performance aus der Rei "Are we there yet?" gewisen.


Méi Informatiounen zu den Transition Days an den eenzelen Eventer fënnt een ënner www.transitiondays.lu