Zënsbesteierungsdirektiv: EU Kommissioun verwonnert iwwert Asselborn-Aussoen
Eclat gëschter am Conseil vun den "Affaires Générales": d’EU Kommissioun wëllt net, wéi Lëtzebuerg dat jo fuerdert, bei der Erweiderung vun der Zënsbesteierungsdirektiv Bezuch huelen op Verhandlungen mat Drëttstaaten... D’Tageblatt zitéiert de Jean Asselborn mat de Wieder: “Dat wier en Affront”...
Op Nofro hinn sot d’Porte-Parole vum EU-Steierkommissär, datt d’Positioun vun der Kommissioun net changéiert hätt: d’Aussoen vum Lëtzebuerger Ausseminister kéint ee wuel doduerch erklären, datt den Drock op Lëtzebuerg klëmmt, fir der Erweiderung vun der Direktiv op weider Finanzproduit’en zouzestëmmen.
De Bäitrag vum Pia Oppel:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/PO-ZENS.mp3"]
De Finanzminister Pierre Gramegna versteet suwuel den Ausseminister Jean Asselborn, wéi och de Premier Xavier Bettel, déi den ëmmer méi staarken Drock vun deenen aneren EU-Memberlänner net wëllen acceptéieren. De Pierre Gramegna, en Dënsden zu Bréissel am Virfeld vum Ecofin:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2013-12-18-cs-PC12-Gramegna-Drock-iwwer-Zënsbesteierungsdirektive.mp3"]