Wunnen a Bauperimeter
De Wunnengsmaart an d’Landesplanung ginn net prioritär an de Wahlprogrammer vun de Parteie behandelt, a se si kee breet Thema an der politescher Ausernanersetzung, mengt d’Mick Entringer an engem Kommentar :
De Bauperimeter massiv opmaachen oder net; dorobber limitéiere sech an der politescher Debatt d’Theme Wunnengsbau a Landesplanung. Dobäi huet een et mat engem risege Problem ze dinn. Zum Logement gëtt et vill ze soen. Hei just puer Punkten.
De Bauperimeter massiv opmaachen: dovunner géinge just puer wéineg profitéieren, Präisser géingen héich bleiwen, derbäi kéim d’Zersiddlung vu der Landschaft, d’Zerstéierung vun Erhuelungsraim, an de Réckgang vun de landwirtschaftleche Flächen; esou d’Warnung e Freideg vun der Presidentin vum Mouvement Ecologique Blanche Weber bei der Ouverture vun der Ökofoire, an d’selwecht rezent de CSV-Wunnengsbauminister Marco Schank am lëtzebuerger Journal. (Woubäi d’CSV de Logement just am läschte Kapitel vum Wahlprogramm thematiséiert). Op hirem Blog schwätzt d’LSAP-Kandidatin Ginette Jones vun enger tendenziéiser Duerstellung vum Mouvement écologique – a nennt de Bauperimeter als eng Wunnengsbau-Mesure ënnert aneren (firwat dann net direkt d’Problematik an der ëffentlecher Debatt méi breet opstellen?)
Déi meescht Parteie sinn der Meenung, datt de Staat vill aktiv a volontaristesch an de Wunnengsmaart muss agräifen (de Pakt a Paquet Logement vun de CSV-Wunnengsbauministere gi gréissten deels begréisst); staark Kritik gëtt et awer un de luese Prozeduren. De Staat hätt zur Verdeierung vun de Terraine bäigedroen doduerch datt en Terrain’en opkeeft, an duerno net séier genuch op de Maart bréngt; heescht et bei der DP, déi de Bau vu Sozialwunnechten, wéi d’CSV, an LSAP och, zesumme mat private Promoteure wëll virundreiwen (derbäi hat et bei der LSAP am Wahlprogramm vun 2009 nach geheescht: et géing méi bëlleg gi wann de Staat oder d’Gemenge Sozialwunnechten an Eegeregie bauen). Déi Gréng fuerderen d’Schafung vun enger nationaler Wunnengsbau, de Wunnengsbau soll net private Promoteuren iwwerlooss ginn.
Do wou de Staat Terrainen huet a Promoteur ass, bedreift hien net d’office eng präiswäert Wunnengs- a Loyers-Politik. Beispill Kierchbierg. D’Terrain’en a Gebaier vum Staat ginn zu héchste Praïsser verkaf a verlount (esouguer u sech selwer). Dat dreift d’Präisser.
E grousse Problem an der Logement-Debatt bleift d’Landesplanung: Zanter 2004 gëtt un de sougenannte plans sectoriels fir d’Beräicher Transport, Wunnen, Landschaft, an Aktivitéitszone geschafft. Am Juli gouf d’Landesplanung-Gesetz vun der Chamber gestëmmt; plans sectoriels (déi festhale wéi an de nexte Joer wéi eng Terraine fir wéi eng Aktivitéite solle genotzt ginn) leien nach ëmmer net vir. (D’PAG-Gesetz gouf 2011 ëmgeännert, d’Gemenge schaffen zanterhier un hire Flächennotzungspläng (Plan d’aménagement général), si kennen awer déi national landesplaneresch Ausriichtung net, well d’Plans sectoriels nach ëmmer fehlen.) Woubäi: grad an engem klénge Land, wou iwwert déi bekannte kuerz administrativ Weeër d’Proximitéit besteet tëscht Promoteuren, zoustännege Verwaltungen a Ministère, ee kéint dovunner ausgoen, datt d’Promoteuren d’Ausriichtung vu sektorielle Pläng kéinte kennen, an an deem Sënn iwwert Joren ewech konnten Terrainen opkafen an privat Reserven uleeën! A Wat heescht heescht da Bauperimeteren opmaachen? Vläit ass de Rush op Terraine schonns laang geschitt.