Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou kënnt de Gas hir a firwat gëtt e sou deier?

Lëtzebuerger Gas-Reseau

Wou kënnt de Gas hir a firwat gëtt e sou deier?

D'Gaspräisser solle vun Oktober un ëm ronn 80 Prozent klammen. Dat hunn Encevo a Südgas den Donneschdeg vis-à-vis vu verschiddene Medie kommunizéiert. Mee firwat ass dat esou a wou kënnt de Lëtzebuerger Gas hir?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Wéi kënnt de Gas op Lëtzebuerg? Et ginn dräi Entréespunkten: Zu Réimech kënnt Gas aus Däitschland eriwwer an d'Land, aus der Belsch kënnt de Gas iwwer Péiteng am Süden a Wanseler am Norden. 57 Gemengen hänken hei am Land um Gasnetz, dovu ginn der 16 vu Sudenergie versuergt an 41 vun der Creos. Kaum Gas gëtt et virun allem am Norden an am Weste vu Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg huet keng Gasspäicher

Wann elo Russland de Gas ofdréint, dierft dat haaptsächlech de Punkt zu Réimech betreffen: Lëtzebuerg krut 2021 just 13,8 Prozent vu sengem Gas aus Russland. All déi grouss russesch Clienten an Europa sichen am Moment no anere Quelle fir hire Gas. Dat dreift d'Präisser aktuell massiv an d'Luucht. De Lëtzebuerger Gas kënnt haaptsächlech aus Norwegen, aus Holland an iwwert den LNG-Terminal zu Zeebrügge. Lëtzebuerg an d'Belsch bilden zesummen eng sougenannten Zone de Marché.

Zu Lëtzebuerg selwer ginn et keng Gasspäicher, well et net déi néideg geologesch Viraussetzunge ginn. Encevo gehéieren awer Gasspäicher am Saarland a si hunn Notzungsrechter u weidere Späicheren a Frankräich. Do si 15 Prozent vum järleche Gasverbrauch gespäichert, fir Liwwerausfäll kënnen ze kompenséieren.

D'Gaspräisser ginn duerch Onsécherheet um Marché gedriwwen

Firwat klammen also lo d'Präisser am Oktober? Encevo erkläert dat esou: Wann d'Versuerger Gas akafen, maache si e Kontrakt, mat deem si zu engem am Viraus fest geluechte Präis den néidege Volume Gas zu dem Zäitpunkt kafe kënnen, wou si e brauchen. D'Präisser sinn an de leschte Jore staark geklommen: Fir d'éischt duerch d'Relance vun der weltwäiter Ekonomie no dem Abroch duerch d'Pandemie. De Krich an der Ukrain huet déi Entwécklung verschäerft. Grad well déi russesch Liwwerunge sou wéineg previsibel sinn, ass eng grouss Onsécherheet op de Mäert, déi d'Präisspiral no uewen dreift. Zënter Februar hu sech d'Präisser um Grousshanelsmarché méi wéi verduebelt.