Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftsmissioun zu Dubai

Weltausstellung

Wirtschaftsmissioun zu Dubai

D'Exploitatioun vu Ressourcen aus dem Weltraum steet am Mëttelpunkt vun engem Kongress, deen haut zu Dubai ufänkt, an un deem eng ganz Partie Acteure vu Lëtzebuerg staark interesséiert sinn. Virop d'Regierung, déi dee Secteur jo entwéckele wëllt, an och eng ganz Rei Entreprisen, déi scho vu Lëtzebuerg aus an deem Beräich aktiv sinn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dofir ass, nieft ronn 100 Vertrieder vun deene Betriber, och de Wirtschaftsminister Franz Fayot an d'Vereenegt Arabesch Emirater gereest. Hien huet vum Déplacement profitéiert, fir sech gëscht de Lëtzebuerger Pavillon op d'Weltausstellung ukucken ze goen.

All Visiteur, deen zu Dubai an de Lëtzebuerger Pavillon erageet, gëtt do begréisst - an zwar vum Grand-Duc Henri. Duerno geet et eng Ramp erop, déi ee wéineg un d'Philharmonie bannenan erënnert, bis een dann an déi klimatiséiert Ausstellung kënnt.

D'Wirtschaft an d'Vitrinn stellen

An déi leet e ganz staarkt Gewiicht op déi wirtschaftlech Facettë vun eisem Land: Connectivitéit, nohalteg Entwécklung, Économie circulaire. Spéitstens da versteet een, datt esou eng Weltausstellung virun allem en ekonomescht Evenement ass, wou Kontakter geknäppt a Kontrakter ugeleiert ginn.

Mat der Presenz op esou enger Expo setzt ee Lëtzebuerg op d'Weltkaart, seet de Michel Würth vun Arcelor Mittal: "fir ze weisen, datt mer do sinn, an datt mer och kënne weisen, wat eis Wäerter sinn": Et géif dem Michel Würth no awer och drëm goe fir ze weisen, "wat eis Wirtschaft kann", well "dat ass terribel wichteg". Dofir wier et och wichteg, datt et ee "generéise" Pavillon ass.

Pläng fir déi nächst Weltausstellung

De Pavillon schéngt och bei de Visiteure unzekommen. 70.000 Leit ware schonn do. Eppes iwwer 30 Milliounen Euro huet e kascht, en Drëttel vun där Zomm huet de Sponsoren a Partner aus dem Privatsecteur bäigesteiert.

Lëtzebuerg hätt schonn decidéiert, och bei där nächster Weltausstellung nees derbäi ze sinn. Et geneet Konzept fir dee Pavillon géif et awer nach net ginn, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Fest géif bis ewell just sinn, datt de Pavillon konform mat der Kreeslafwirtschaft wier, an deen CO2-neutral soll sinn, a Kollaboratioun mat japanesche Partner. "Dat wäert och eng ganz spannend Expo ginn", esou de Franz Fayot. Déi nächst Weltausstellung ass 2025 zu Osaka a Japan.