Wirtschaftschronik: Wien huet Intérêt un méi niddregen Immobilie-Präisser?
Virun de Feierdeeg huet de STATEC nach eng Schubkar voll statistesch Donnéeë publizéiert. Mir gräifen do een interessanten Date-Set eraus, den de Wunnengs-Marché zu Lëtzebuerg beschreift. Hei am Land sinn esou vill Leit Propriétaire vun hire Wunnenge wéi kaum enzwousch anescht an Europa. Dat mécht an engem iwwerhëtze Marché eng effikass Logements-Politik net onbedengt méi einfach. Eng Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.
71% vun de Residenten zu Lëtzebuerg si Propriétaire vun hire Wunnengen – dat entsprécht dem Duerchschnëtt an der Europäescher Unioun, an en gros och der Situatioun an eise Nopeschlänner.
Méi interessant gëtt et, wann een nëmmen d’ Lëtzebuerger an der Gesamtbevëlkerung kuckt. 86% vun de Lëtzebuerger si Propriétaire vun hire Wunnengen – dee Wäert ass gutt 16 Prozentpunkte méi héich wéi am Duerchschnëtt vun der EURO-Zone.
An dann en drëtte Chiffer: 80% vun de Leit iwwer 65 Joer sinn zu Lëtzebuerg Propriétaire vun hirer Wunneng. Dat heescht, dass à Terme, esou wéi nei Generatiounen d‘Relève huelen, e weidere Renforcement vum nationalen Taux de Propriété Immobilier stattfanne wäert.
Esou Chiffere si politesch relevant an engem Kontext, wou d‘Regierung sech als Missioun gesat huet, de Logement allgemeng méi accessibel ze maachen, an och d‘Immobilie-Präisser ze bremsen. An dëse Chiffere stécht eigentlech zolitte politesche Géigewand fir egal wéi eng Regierung, vu wellecher Couleur och ëmmer.
Et si jo grad d’Propriétairen, déi wéineg Intérêt drun hunn, dass d‘Immobilie-Präisser erof ginn; domat géing hir Fortune falen. Si sinn déi di wiele ginn an de politesche Pouvoir hunn. Si sinn en Deel vun enger grousser Koalitioun vun deenen, déi besser mam Status Quo vun héijen Immobilie-Präisser liewen.
Do sti si nieft der Immobilie-Branche, déi boomt well d’Offer vu Wunnengen zanter Joren net méi mat der Demande mathält. Si sti Säit u Säit mat der Kreditwirtschaft, déi hirersäits och net zevill Intérêt drun huet, dass Hypothéiken an Prêten duerch Bewegungen op der Präisfront duerchernee gerëselt ginn.
Dobäi kennt dann nach dëst:
- d’Bedenken, déi vun diversen Interessegruppen géint d’Ausweisung vun neiem Bauland oder géint méi héich Gebaier formuléiert ginn; an
- d’Tatsach, dass steierlech Moossname fir Bauland ze mobiliséieren e politescht Minnefeld sinn.
omat ass kloer, dass eng Regierung eigentlech misst mat todesverachtendem Courage geseent sinn, fir den Dossier Logement wëlle sérieux unzepaken.
An Teschenzäit bewegt sech d’Immobilie-Präisfront weider no uewen. An den 12 Méint bis zum Enn vum 3. Quartal 2014 ass den normaliséierte Präis vun den Appartementer em 3,8% geklomm. An tëscht 2010 an 2014 louch d‘Präisentwécklung no uewe bei 17%.
Un dem Trend dierft sech an nächster Zukunft direkt net vill änneren.
D‘Erhéijung vun der TVA zum 1. Januar op engem Deel vum neie Wunnengspark spillt do eran.
Dann awer och fundamental d‘Situatioun um Marché. D‘Demande no Wunnengen klemmt weider – d’Wirtschaft wiisst, wann och méi lues, an d‘Zuel vun der Bevëlkerung och. D‘Zuel vun den neie Wunnengen kann do net Schrëtt halen. Den Drock op de Marché ass also weiderhin do.
Dann huet d‘Regierung d’Plans Sectoriels bis op Weideres an de Frigo geluecht. De Plan Sectoriel Logement war awer en Haaptinstrument fir um Wunnengs-Marché eng nei Dynamik ze schafen.
Eng Trendwend ass de Plan Sectoriel Logement jo an dem Sënn, dass e vill méi konsequent wéi an der Vergaangenheet drop ausgeriicht ass, fir d‘Offer vu Wunnengen ze erweideren. Dogéint huet bis elo d’Logements-Politik selwer ganz vill matgehollef, d’Immobilie-Präisser mat unzeheizen. Subsiden, Subventiounen an Bäihëllefen hunn dozou bäigedroen, den héije Präisniveau mat ze finanzéieren an d‘Stéid an engem Käfeg vun héije Präisser anzespären.
Am pluriannuellen Investitiounsprogramm vum Staat stinn elo e puer Honnert Milliounen mat der Zweck-Bestëmmung Wunnengsbau. Ier dat alles awer realiséiert gëtt, bleiwen nach regulatoresch Hürden ze huelen. A bis de jäerlechen Defizit bei der Produktioun vu Wunnenge verschwënnt, wäert et och nach e bëssen daueren. D‘grouss Koalitioun vun de deenen, déi Intérêt un den héije Präisser hunn, bleift bis op Weideres op der gewonnener Säit.