Radioen

On air

Kultur um 5  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien bezilt den Opbau vun der Ukrain?

Chronik

Wien bezilt den Opbau vun der Ukrain?

Wie bezilt d'Reconstructioun vun der Ukrain? Nach wärend de Krich amgaangen a keen Enn a Siicht ass, fänkt d'Diskussioun doriwwer schonn un. Den däitsche Justizminister huet elo eng Méiglechkeet an d'Spill bruecht: d'Ukrain sollt mat agefruere russesche Suen nees opgebaut ginn. "Mee mécht déi Diskussioun elo iwwerhaapt Sënn?", freet eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch an der Auslandschronik.

auto_stories

3 min

Wann de Krich an der Ukrain sech weider esou developpéiert wéi an de leschten dräi Méint, da wier d'Ukrain schonn Enn des Joers a senger Entwécklung ëm 18 Joer zréckgehäit. Dat sot de Chef vum UNO-Entwécklungsprogramm, den Achim Steiner, um Bord vum Weltwirtschaftsforum zu Davos.

18 Joer Entwécklung, zeréck un den Ufank vum Joerdausend. Domat awer net genuch: e groussen Deel vun der Populatioun dierft an d'Aarmut rutschen, ganz ofgesi vun de Käschten, déi iwwer Joren entfalen duerch physesch a psychesch Konsequenze vum Krich. Schonn elo rechent den Entwécklungsprogramm vun de Vereenten Natiounen, hätt déi russesch Invasioun Schued an héicht vu 500 Milliarden US-Dollar kascht - méi wéi dräi Mol de gesamte PIB vun der Ukrain am Joer 2020.

Ass elo de richtege Moment fir dat ze diskutéieren?

Wien an de leschte Méint och nëmmen eng Handvoll Biller aus Mariupol, Kharkiv oder Kherson gesinn huet, weess: grouss Deeler vun der Ukrain wäerten iergendwann nees vu Grond op nei opgebaut ginn. Déi eng Fro, déi sech stellt, ass: Wie soll dat bezuelen? An déi aner: Sollt een dat iwwerhaapt elo schonn diskutéieren?

Den däitsche Justizminister, de Marco Buschmann vun der FDP, huet déi éischt Fro jiddefalls elo opgegraff. Dem Handelsblatt sot hien, hie wier oppen dofir, datt ee géif probéieren, russesch Suen, déi duerch Sanktiounen agefruer goufen, fir d'Reconstructioun ze notzen. Dat wier en ongewéinleche Schrëtt, sou de Marco Buschmann, mee Russland hätt ëmmerhi géint déi fundamental Reegele vum Vëlkerrecht verstouss.

Wat, wa Russland de Krich gewënnt?

Mee sollt iwwerhaapt elo schonn iwwer déi Froen nogeduecht ginn?

Op där enger Säit ass ee geneigt ze soen: Nee. Éischtens, well nach ëmmer keen Enn a Siicht ass an de Käschtepunkt net mol usazweis anzeschätzen ass. An zweetens, well d'Fro nom "Wien bezillt" jo total anescht gehandhaabt gëtt, jee nodeem wien um Enn als "Gewënner" vum Konflikt ervirgeet.

Huele mer mol d'Beispill, Russland géif iergendwéi de Momentum vum Konflikt gedréint kréien an zum Beispill awer nach eng Marionette-Regierung zu Kiew installéiert kréien. Wier déi international Communautéit, déi d'Invasioun jo zurecht verdäiwelt, trotzdeem bereet, sech um Opbau ze bedeelegen? Oder géif ee Russland dat iwwerloossen, wuel wëssend, datt et um Enn d'Ukrainer sinn, déi dorënner leiden?

D'Diskussioun mécht Drock op Russland

Op där anerer Säit mécht d'Diskussioun awer och tatsächlech Sënn. Se verdäitlecht zum Beispill den Noutstand a ganz konkreten Zuelen. E Land, a senger Entwécklung 18 Joer zréckgeworf? Dorënner ka jiddereen sech virstellen, wat fir e Verloscht dat ass.

D'Fro elo schonn ze behandele mécht awer och Drock op Russland. Méiglech Reparatioune géifen sou oder sou Deel vu Friddensnegotiatioune ginn, ëmsou méi Sënn mécht et, sech fréi e Bild vun der Situatioun ze maachen.

Um Enn leeft et wuel virun allem dorops eraus, op een et makaber fënnt oder net, iwwer des Fro ze diskutéieren. Mee vläicht ass dat, en vue vun deem, wat d'Ukrainerinnen an Ukrainer zënter mëttlerweil dräi Méint erliewen, och einfach egal.