Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wichteg, datt d'Masken den Normen entspriechen

Deconfinement

Wichteg, datt d'Masken den Normen entspriechen

D'Liwwer-Engpäss bei Maske wiere vläicht nach net komplett iwwerwonnen, mee et géif op jiddwer Fall besser goen. Dat confirméiert den Dokter Jean-Claude Schmit, den Direkter vun der Santé. De Marché géif erëm funktionéieren. Entretemps kritt ee jo souguer Masken an de Supermarchéen, d'Qualitéit dovu misst och den Normen entspriechen, sou de Jean-Claude Schmit.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

play_arrow

Et wier awer wichteg d'Consignen ze respektéieren, wéi een déi Maske benotze soll: e Mask à usage unique, misst no aacht Stonnen ewech geheit ginn; déi stofte Maske kéint een e puer Mol benotzen, si missten awer reegelméisseg gewäsch ginn. Och dozou géifen et kloer Indikatioune ginn.

Wat d'Suitte vum Deconfinement ubelaangt, konnt oder wëllt den Direkter vun der Santé keng Ausso maachen, dat wier d'Aufgab vun der Politik. Hie seet awer, datt schonn "eng ganz Rei vu Kommunikatioune" vum Premier, vun der Gesondheetsministerin, wéi och vun anere Ministeren an hire Secteuren gewiescht wieren.

Dokteren an aner Gesondheetsberuffer solle kuerzfristeg nees kënnen ufänke mat schaffen

An de Spideeler solle lues awer sécher déi Aktivitéiten nees eropgefuer ginn, déi näischt mam Covid ze dinn hunn. An och d'Dokteren an Zänndoktere maachen Drock, fir nees kënnen unzefänke mat schaffen. Dat wier wichteg, fir ze verhënneren, datt gesondheetlech Probleemer verschleeft oder net erkannt ginn, seet d'AMMD. Hir war och fir Enn der Woch eng Decisioun an Aussiicht gestallt ginn. Den Direkter vun der Santé mengt awer, datt deen Delai net wäert kënnen agehale ginn.

De Regierungsrot géif warscheinlech spéitstens Ufank der nächster Woch dës Entscheedung huelen. Duerno kéinten da ganz kuerzfristeg Decisioune geholl ginn "net nëmme fir Dokteren, mee och fir aner Gesondheetsberuffer. Mee och do misst dat Etappe-weis goen, mat deenen néidege Precautiounen.

Rollback vum Deconfinement, wann d'Zuele sech nees géife verschlechteren

Hie géif net soen, datt et inevitabel wier, datt d'Infektiounszuele rapid an d'Luucht ginn, soubal déi éischt Phas vum Deconfinement gräift, esou de Jean-Claude Schmit, well eng Rei Precautioune getraff gi wieren. Et géif zum Beispill alles Etappe-weis opgemaach ginn. Donieft ginn et Secteur-spezifesch Verhalensreegelen, zum z. B. um Bau.

"Wat genee geschitt, dat wësse mer net", gëtt den Direkter vun der Santé awer och ze bedenken. Et géif ee weider e Monitoring vun der Situatioun maachen, a "mir hunn och selektiv elo e bëssen am Bausecteur bei verschiddene Leit getest fir ze kucken, ass do iergend eppes inquietant ass. A mir wäerten déi Chifferen ganz genee all Dag kucken an Alarm schloen, wa mer mengen d'Saach géif aus dem Rudder lafen".

Falls d'Zuele sech nees géife verschlechteren, missten "effektiv Recommandatiounen un d'Regierung goen, déi dann hir Responsabilitéit muss huelen eventuell", sou nach de Santésdirekter, Jean-Claude Schmit.