Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wënzer hu wéinst Pandemie gelidden

Corona-Kris

Wënzer hu wéinst Pandemie gelidden

Well d'Restauranten an d'Caféen zejoert zum Deel zou waren, hunn d'Wënzer manner Wäin u Restaurante verkaf. Si hunn hir Presenz um Internet awer ausgebaut an hu probéiert sech un déi schwiereg Situatioun unzepassen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Een Drëttel vun der Lëtzebuerger Wäiproduktioun gëtt iwwer d'Supermarchéë verkaf, ee weideren Drëttel u Privatleit an de Rescht gëtt an de Caféen a Restaurante consomméiert.

D'lescht Joer huet de Secteur vun der Restauratioun ganz staark gelidden. D'Wënzer hunn doropshin Efforte gemaach fir iwwer Internet méi u Privatclienten ze verkafen, seet de Robert Ley, Direkter vum Institut viti-vinicole.

"Dat huet och funktionéiert, obschonn dat awer net den Defizit vun der Restauratioun kann opfänken. Sou datt ënner dem Stréch ee ganze Koup Wäiner net verkaf goufen. Et leie fir den Ament nach keng genee Chifferen doriwwer vir. Nieft der Restauratioun sinn och all d'Festivitéiten ewech gefall, et goufe keng Hochzäiten oder Kommiounen ofgehalen. Do gëtt normalerweis ëmmer ganz vill Wäi gedronk. Iwwerdeems goufen all déi traditionell Wäifester ofgesot. Do gëtt ëmmer ganz vill Wäi gedronk, an dat huet an der Vente gefeelt."

Privat Kontakter beim Verkaf vu Wäin si schwiereg

Beim Wäinhandel wier dacks de private Kontakt mat der Clientèle wichteg. D'lescht Joer konnt dat nëmme geschéien, andeems déi sanitär Moossname respektéiert goufen.

D'Clientë konnten zwar an eng Wäistuff goen an do Commandë maachen, mee all déi traditionell Degustatioune konnten net an deem Mooss organiséiert ginn, wéi dat soss üblech ass, preziséiert de Robert Ley.

Online Aktiounsprogramm

D'Wënzer hätte ganz vill vun deenen Internetméiglechkeete profitéiert, dat hätt och gutt funktionéiert, mee dat kéint dat Ganzt wat an der Restauratioun verluer gaangen ass, net kompenséieren.

De Wäibauinstitut zu Réimech hätt dëst Joer ganz vill an d'Werbung investéiert an déi ganz nei Verkafsformen iwwert déi sozial Medie benotzt. Do hofft de Robert Ley datt dat och laangfristeg seng Friichten dréit.